Radioen

On air

Notturno  |  Naima Bock - Giant Palm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Le clavier bien tempéré

Klassik-CD vun der Woch

Le clavier bien tempéré

Jiddweree kennt dem Charles Chounod säin "Ave Maria". Den Air ass opgebaut op d'Arpègë vum éischte Prélude aus dem Bach sengem Zyklus "Le clavier bien tempéré". De Cédric Pescia huet dësen Zyklus elo nei opgeholl.

auto_stories

3 min

Interpretatioun
Klangqualitéit

Interpret: Cédric Pescia

Stécker:

  • Johann Sebastian Bach: Le clavier bien-tempéré (Livres I & II)

Label: la dolce vita - 4 CD - LDV 38.1

Den Terme "bien tempéré"

"Bien temperé" oder "wohltemperiert" bedeit d'Aart a Weis, en Instrument esou ze stëmmen, datt et an all Tonalitéit beschtméiglechst richteg kléngt. Dat ass den "tempérament egal", dee fir de Johann Sebastian Bach d'Grondlag vu sengem Zyklus "Das wohltemperierte Clavier" gemaach huet. Et gëtt Kritiker, déi mengen, de Bach soll, verschiddene Sourcen no, den "tempérament egal" als eng musikalesch Banausegkeet bezeechent hunn. Dat ännert awer näischt drun, datt dem Bach säi Recueil mat Recht als dat aalt Testament vun de Pianiste bezeechent gëtt.

Opbau vum Recueil "Le clavier bien tempéré"

"Das wohltemperierte Klavier" ass also den Titel vun zwee Hefter mat Preluden a Fugen an allen Tounaarten - majeur a mineur vun der chromatescher Gamme. Den éischte Recueil BWV 846 bis 869 aus de Joren 1722/23 huet de franséischen Titel: "Clavier bien tempéré, ou préludes et fugues dans tous les tons et demi-tons, tous deux avec la tierce majeure ou ut, ré, mi et avec la tierce mineureou ré, mi, fa. Pour la pratique et le profit des jeunes musiciens désireux de s'instruire et pour la jouissance de ceux qui sont déjà rompus à cet art. "

Den zweete Recueil BWV 870 bis 893 ass no 1740 entstanen, nom selwechte Schema wéi deen éischten.

All Buch besteet aus 24 Gruppen, déi selwer ënnerdeelt sinn an ee Prelude an eng Fugue an der selwechter Tounaart. De ganzen Zyklus besteet aus 48 Preluden an 48 Fugen. De Bach wollt domadder engersäits een theoretescht a pädagogescht Wierk schreiwen, anerersäits sech awer och als Meeschter vun der musikalescher Form an hirer Gestaltung beweisen.

Eng fantastesch Interpretatioun vum Cédric Pescia

Et gi vill Opname vun deenen zwee Hefter vum Bach sengem Wierk an dat vu ville Pianisten oder Cembalisten. D'Meenunge ginn och zimlech auserneen, wann et drëms geet, déi ideal Interpretatioun vun dëse Meilesteng aus der Museksgeschicht ze fannen. Gëtt et iwwerhaapt eng ideal Opnam dovun?

Als Referenz gëlle beispillsweis de Swjatoslaw Richter, de Vladimir Ashkenazy, den Daniel Barenboim, de Friedrich Gulda an de Glenn Gould.

Wien dem Glenn Gould säi "Clavier temperé" héieren huet, kennt säi méi spilleresche Charakter: Nouten déi detachéiert an doduerch och méi definéiert kléngen.

Deen 42 Joer ale Schwäizer Pianist Cédric Pescia steet awer genee am Kontrast zu enger Gould-Interpretatioun. Extreme Legato statt Detaché: schonn domat kritt deen éischte Prelude eng Stëmmung vun onwahrscheinlechem Flux. Dem Pescia säi Klang ass blénkeg, mee mat engem liichten Duch iwwerzunn, déifgrënneg nuancéiert. De Pedallen-Asaz ass subtil a léisst dem Bach seng Pianosmusek liicht méi dramatesch, scho mat enger Grëtz Tragik erkléngen, ouni awer an en Trauerpathos ze falen. De Cédric Pescia huet en eegenaartegen akustesche Klang op sengem Piano, zemools an dësem Bach-Wierk, wou et de Legato mat sengem regelméissege Floss ass, deen dës Interpretatioun esou aussergewéinlech mécht.

Dem Pescia säin exzellent Spill gëtt duerch déi gutt Klangqualitéit vun de véier Disken ënnerstëtzt.