Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  JW Francis - Orbit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ee Road Trip duerch d'Nuecht

The War On Drugs

Wéi ee Road Trip duerch d'Nuecht

Et si schonn dräi an en halleft Joer hier, datt den Album "Lost in a Dream" vun "The War on Drugs" verëffentlecht gouf. E besonnescht Wierk vun der Philadelphia-Indie-Rock-Band dat d'Theme vu Paranoia an Depressioun ënnersicht huet. Hir nei Plack "A Deeper Understanding" ass een éierbaren epeschen Nofolger.

auto_stories

3 min

2014 huet "The War On Drugs" Americana mat engem dreiwende Motorik-Beat an dreemeresche Keys fusionéiert. Op der neier Plack gëtt dëst Rezept riicht weidergefouert, mat neiem Elan an enger zousätzlecher Arméi vun analoge Synthesizer. Een éierbaren epeschen Nofolger, dee sech erëm mat de Leide vun der Séil beschäftegt.

Siwe Studioe fir een Album

Dem Presse Communiqué no ass "A Deeper Understanding" eng veritabel Band-Plack, obwuel d'Stécker vum Frontmann Adam Granduciel geschriwwen sinn, dee bei wäitem déi meeschten Instrumenter um Album spillt. "The War on Drugs" kann een duerfir roueg als eng Aart Solo-Projet bezeechnen.

Tëscht 2015 an 2017 huet den Adam Granduciel sech a ganzer siwe Studioen zu New York a Los Angeles niddergelooss, fir um neien Disk ze schaffen. Den Touningenieur Shawn Everett, bekannt fir seng Aarbecht mat den Alabama Shakes, huet him bei den Opname gehollef.

Trotz Perfektioun awer natierlech

Beim Lauschteren héiert een, datt "The War on Drugs" mat enger äifreger Präzisioun un d'Aarbecht erugaange sinn. Obwuel eng ganz Rëtsch vu Spure op den zéng Stécker matschwéngen, ass d'Produktioun immens präzis, vum Klang hir opulent a gläichzäiteg filigran.

Dobäi héiert sech "A Deeper Understanding" och wéi dem Adam Granduciel säi Grand Tour vun ausgefalene Synthien a Keys un. Instrumenter wéi Mellotron, Arp Odyssey, Hammond, Wurlitzer, Celeste oder och Oberheim Xpander maachen déi nei "War on Drugs"-Plack säfteg an nostalgesch.

Dem Frontmann seng laang Nuechten an de Studioen dinn iergendwéi un den eegesënnegen Aarbechtsprozess vum Donald Fagen a Walter Becker vu "Steely Dan" erënneren, déi un éischter Linn op e glate, perfekte Klang higeschafft hunn. Wann dës gewëss Perfektioun bis erreecht war, ass de Prozess vum Ofbau ugaangen, fir erëm e puer Kanten an Dynamik an d'Musek ze kréien. Deementspriechend kléngt och den Album: Vu Perfektioun gedriwwen awer ganz natierlech a mat Attitude veraarbecht.

Stäerkt an der Musek selwer

Dem Adam Granduciel seng Texter ginn den Androck vun engem éiwege Romantiker. D'Nuecht, de Mound an d'Léift gi staark mat de vasten amerikanesche Landschafte gekoppelt, déi een aus den epeschen Harmonien an dreiwendem Beat eraushéiert. De Bruce Springsteen ass ëm den Eck an déi eckeg Gittar-Soloen erënneren an hirer Intensitéit u "Crazy Horse". D'Stäerkt vun der neier Plack läit däitlech an der Musek selwer, déi wéi e nocturne Road Trip duerch d'Nuecht begleet.

"A Deeper Understanding" rappt ee mat a geet definitiv ënnert Haut. Mat der nämmlechter Formule wéi op hirem leschten Album hunn "The War on Drugs" alt nees eng perséinlech an ergräifend Plack produzéiert.