Album vun der Woch Wéi fillt d'Courtney Barnett sech wierklech?

Déi australesch Sängerin Courtney Barnett bréngt et fäerdeg, komplex mënschlech Episode mat hirer einfacher Sprooch op de Punkt ze bréngen. Hiren Debut-Album huet sech virun allem mat de Geschichte vun anere Leit beschäftegt. Um neien Opus gëtt ee sou muenches iwwer der Courtney Barnett hiert Bannescht gewuer.

Yves Stephany

courtney barnett
Foto: Marathon Artists

"Take your broken heart / Turn it into art" séngt d'Courtney Barnett um Opener vum neien Album. Déi australesch Sängerin kléngt méi eescht wéi op hirem Debut, an zum Deel liicht verbattert. Mat "Sometimes I Sit and Think, and Sometimes I Just Sit" huet si 2015 op sech opmierksam gemaach.

Et ass der Courtney Barnett hir nonchalent Aart a Weis, hire Sarkasmus, an hir Manéier, fir d'Saache sou ze soen, wéi se sinn, déi si speziell mécht. Um éischten Album huet si virun allem Anekdoten an Episoden aus anere Leit hirem Liewen an hire Songs verschafft. Déi nei Plack ass vill méi introspektiv.

Well si net richteg gewosst hätt, iwwer wat si soll schreiwen, hätt si eng al Schreifmaschinn geholl, a sech forcéiert, all Dag eng Säit drop ze tippen. Dat sot d'Courtney Barnett dem Museksblog Pitchfork. Um Enn wier si selwer erstaunt gewiescht, wéi vill si vu sech offenbaart hätt.

Dot iech waarm un!

Awer d'Sängerin mécht op "Tell Me How You Really Feel" och Ventiller op. Virun allem Männer kréien es of. Zum Beispill en Troll, deen op Twitter geschriwwen hat, wann hie géif Buschtawenzopp iessen a se eraus späizen, wier et besser wéi der Barnett hir Texter. Him an allen anonymmen Internet-Trollen huet huet si d'Single "Nameless Faceless" dediéiert.

Och déi Persoun, op déi "I'm Not Your Mother, I'm Not Your Bitch" gemënzt ass, deet sech besser waarm un. Dësen Ausbroch vu Roserei ass mat Ofstand dat Häertst, wat ee bis elo vun der Courtney Barnett héieren huet. Awer d'Gittare sinn och insgesamt méi wëll an ongezähmt wéi um Virgänger. Och wann "Tell Me How You Really Feel" mat Momenter no engem Indie-by-Numbers-Album kléngt, iwwerzeegt d'Musekerin ëmmer nees mat hirem onverwiesselbaren Humor a Charme.

Nom éischter mëttelméissegen Album, dee si mam amerikaneschen Indie-Star Kurt Vile zesummen erausbruecht hat, ass hiren neie Solo-Output en Disk mat Profil, hannert deem eng staark Perséinlechkeet steet.

E Sonndeg, den 10. Juni ass d'Courtney Barnett fir e Concert am Atelier.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Beyondless Cover.png
Album vun der Woch

Déi dänesch Band Iceage hu mat hirem véierte Longplayer "Beyondless" e Punkrock-Album mat Déift an Energie eräusbruecht, un deem absolut näischt Kaales ass.

Parquet Courts
Album vun der Woch

Repressiv Politik huet nach ëmmer zu positiven Entwécklungen an der Musek gefouert. D'Presidence vum Donald Trump huet eppes Guddes u sech: Si inspiréiert vill Museker zu groussaartege Protest-Albumen.

Tim Exile
Elektronesch Musek

Elektronesch Musek ass dacks statesch a virprogramméiert. De britesche Museker a Produzent Tim Exile wollt kënnen improviséieren, wann hie live spillt. Dofir huet hie sech en Instrument gebaut.

Riley
Album vun der Woch

De Folkmuseker vun Chicago proposéiert op sengem neien Album progressiv a kontemplativ Téin. Eng duuss Sonndeg Moie Plack, déi een awer och duerch de Rescht vun der Woch ganz charmant begleet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen