Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi kléngt Alaska?

Quinn Christopherson

Wéi kléngt Alaska?

2019 gewënnt de Quinn Christopherson den éischte Präis bei engem Museksconcours, zanterhier huet de jonke Mann aus Alaska u sengem éischten Album geschafft. D'Plack ass elo eraus an d'Claudine Muno huet era gelauschtert, besonnesch an d'Stéck "Erase Me".

auto_stories

2 min

Museker:innen aus Alaska falen engem spontan warscheinlech net an. De bekanntsten Numm ass wuel d'Jewel, wat an den 90er mat "Who Will Save Your Soul" e Succès hat.

Elo stellt sech awer en neien Artist aus Alaska vir, mat sengem éischten Album "Write Your Name In Pink".

De Quinn Christopherson gouf zu Anchorage gebuer, hie staamt vun den Native Alaskans of, méi genee vun den Athabascans an der Inupiat, déi sech duerch hir geographesch Implantatioun an hir Sprooch ënnerscheeden. Dem Christopherson seng Groussmamm, déi hie staark markéiert huet, war iwweregens Geschichtenerzielerin.

"Erase Me" - Reflexiounen iwwer Transitioun a Privileeg

Entdeckt gouf de Quinn Christopherson 2019 duerch e Concours, an zwar den Tiny Desk Contest (organiséiert vun der Ekipp ronderëm déi bekannten Tiny Desk Concerts), deen hien gewonnen huet, mat dem Video vu sengem Stéck "Erase Me".

Am Text geet et ënner anerem ëm dem Christopherson seng Transitioun, déi hien 2017 am Alter vun 25 duerchlaf huet, an ëm d'Diskriminatioun déi hien souwuel als Transmann, wéi och als Native Alaskan erlieft. Ech weess guer net wat ech mat all deem Privileeg soll maachen, séngt hien, elo wou ech e Mann sinn.

Hien huet d'Gefill, datt seng Stëmm méi gehéiert gëtt wéi virdrun, keen ënnerbrécht hien, keen zweiwelt méi un him. Him gëtt bewosst, wéi schwéier et ass mat där neigewonnener Muecht ëmzegoen.

Wéi kléngt den éischten Album?

A sengem Album vermëscht de Christopherson eng ganz Rei vun Aflëss, tëschent akusteschem Singer-Songwriter Pop an Elektronik.

Et héiert een e bësse Westerman, duerch déi ongewéinlech Harmonien an déi aus den 80er geléinte Sounds, déi spuersam méi effektiv agesat ginn, vill James Blake, och den Troye Sivan, eng Ikon vun der LGBTQA+-Beweegung an souguer, wann ee gutt lauschtert, e bësse Phil Collins, an deem eng oder anere Saxophon-Solo.

Den Album ass gläichzäiteg variéiert an awer aus engem Goss. D'Lidder ënnerscheeden sech virun allem duerch déi vill Detailer an den Arrangementer an den Texter, an déi perséinlech Anekdoten afléissen, grad präzis genuch, fir datt ee méi wëll gewuer ginn an ëmmer erëm eralauschtert.