Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Sing A Silent Gospel Feat. U.S. Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wenn ich in der Nacht aufwache: Sofort ist Musik in meinem Kopf"

Rudolf Buchbinder

"Wenn ich in der Nacht aufwache: Sofort ist Musik in meinem Kopf"

Zanter iwwer 60 Joer ass de Rudolf Buchbinder well op de grousse Bühne vun dëser Welt doheem. An der Philharmonie hien elo dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto interpretéiert. E Wierk, dat de Pianist bis op déi lescht Nout verënnerlecht huet.

auto_stories

2 min

De ganze Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass an der Musek versonk, den Dirigent Lahav Shani ass voll domadder beschäftegt d'Museker an déi richteg Richtung ze leeden a véier Leit lauschteren no. Ech, zwee vun der Philharmonie, an de Rudolf Buchbinder. Vu sengem Pianoshocker kuckt hien an den Orchester a rëselt de Kapp.

Léift fir Detailer

Dat wat hien héieren huet gefält him wéi et schéngt net. Hien dréit sech bei den éischte Geiist, an nach während den Orchester spillt, seet de Rudolf Buchbinder him, wéi eng Ännerung hie gären hätt. No der Prouf verréit de Pianist, datt hien dem Konzertmeeschter geroden hätt, e Stréch ze änneren, also de Bou anescht ze féieren.

De Rudolf Buchbinder passt nämlech vill op Detailer op:

"Zu all den Klavierkonzerten, die ich spiele, habe ich mein eigenes Orchestermaterial. Mit meinen eigenen Strichen. Natürlich, die Striche sind eine 60-jährige Erfahrung, gemeinsam mit dem Konzertmeister der Wiener Philharmoniker, auch der Symphoniker, aber auch von Dirigenten."

"Musik darf nicht nur schön sein"

Hien hätt ganz vill Impulser kritt, ënnert anerem vum ungaresch-franséische Geiist an Dirigent Sándor Végh, dee gesot huet, datt d'Musek net nëmme schéin dierft sinn, mee "man muss auch das Schlimme, praktisch die Hölle zeigen".

Säi Kapp géif 24 Stonne schaffen, wann et ëm d'Virbereedung vu Concerte geet, seet de Rudolf Buchbinder. Och, wann hien an der Nuecht waakreg gëtt, wier direkt Musek a sengem Kapp, dacks och vu Wierker, déi hie momentan guer net géif spillen, hie kéint dat net steieren.

Historescht Material

De Rudolf Buchbinder besëtzt och historescht Material, ënnert anerem Kopie vun den Originalpartitioune vum Brahms sengen zwee Pianosconcertoen. Et wieren do ganz wéineg perséinlech Notize vum Brahms ze fannen, bedauert de Rudolf Buchbinder. Verschidden Notize wieren awer ganz pregnant, an et wier och ganz wichteg, sech dës Notizen eng Kéier unzekucken.


De Luc Boentges am Gespréich mam Rudolf Buchbinder

Lauschterenplay_arrow