Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Whitney - Light Upon The Lake

Album vun der Woch

Whitney - Light Upon The Lake

Neil Young meets Stephen Malkmus meets Town Van Zandt: Um éischte Longplayer vu Whitney gëtt mat enger summerlecher Liichtegkeet zitéiert a recycléiert. Trotzdem ass et een altklugen Disk.

auto_stories

4 min

Um Pabeier ass "Light Upon The Lake" deen éischten Output vun der jonker Band Whitney. Mee déi zwee Kreativkäpp kommen net aus dem Näischt. Den Julien Ehrlich, deen op der iwwersiichtlecher Geek-Lëscht vu sangende Batteuren net däerf feelen, huet bei Unknown Mortal Orchestra getrommelt. An hien huet zesumme mat där anerer dreiwender Kraaft hannert Whitney, dem Max Kakacek, bei Smith Westerns d'Prestatioun vum musikaleschen Handwierk geliwwert. D'Smith Westerns ginn et net méi. Déi zwee Frënn hunn awer decidéiert, weider zesummen ze musizéieren. "Light Upon The Lake" ass d'Resultat vun där Zesummenaarbecht.

​Éischte richtege Summerdisk

Vun engem Radio-interne Point de vue ass den Disk op zwee Niveauen interessant. Engersäits ass d'Musek wierklech radiotauglech an anerersäits ass et deen éischte richtege Summerdisk. Alles Reflexer, déi ee soss vu kommerzielle Radiosantenne gewinnt ass. Awer an dësem Fall schwätzt dat fir den Disk.

Reng objektiv ass d’Musek alles anescht ewéi brisant oder zäitgeméiss. Mee och dat schwätzt fir dëse ganz amerikaneschen Album, dee seng Virbiller 40 Joer an d’Vergaangenheet siche geet. Awer net nëmmen. Et muss ee sech virstellen, d’Jonge vu Whitney wieren de Stephen "Slacker-Gott" Malkmus mat enger Zäitmaschinn siche gaangen, an hätte mam Neil Young 1974 op der Plage gehaangen. Den Harry Nilsson wier dann owes och nach laanscht luusse komm, an zesummen hätte si sech iwwert dat verkante Genie Townes Van Zandt ënnerhalen an dann de Scorsese-Concertsfilm "The Last Waltz" iwwer The Band gekuckt.

Recyclage an Autofueren

Textlech bleift et einfach gestréckt, mee och dat ass net schlëmm. Et verstäerkt just den Neil-Young-Link, dee regelméisseg an oninspiréierten Amenter vum Autofuere séngt. Oninspiréierten Neil Young ass bekanntlech awer nach ëmmer besser wéi 90 Prozent vun allem soss. A Whitney sangen op engem Lidd och vum Autofueren.

Bei allem Recyclage, à la base widderwäerteger Radiotauglechkeet an aneren iwwerflächlechen, och textleche, Popreflexer, muss gesot ginn: Déi Lässegkeet, déi "Light Upon The Lake" ausstrahlt, kënnt net vun ongeféier. Och wann dem Ehrlich seng Stëmm sou munchem iergendwann géint de Stréch kéint goen, huet een et hei mat enger jonker Band ze doen, déi weess, wat se mécht a wat se wëll. Mat "Light Upon the Lake" proposéiere si ee musikalescht räifen, scho bal altklugen Disk.