Radioen

On air

De Weekend  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wie seet mir géife perfekt spillen, lauschtert net"

Snarky Puppy Interview

"Wie seet mir géife perfekt spillen, lauschtert net"

De Michael League ass Bandleader vun der mëttlerweil 25-käppeger Jazz-Fusion Formatioun Snarky Puppy. Donieft spillt hien och munchmol mam David Crosby. Esou verkéiert wier dat net.

auto_stories

3 min

2004 huet de Michael League Snarky Puppy an d'Liewe geruff. Zesummegesat vun enger Panoplie vu Museker, déi dacks ännert. Déi eng Konstant ass de Bassist an Haaptkomponist Michael League. Fir dësen ass et net sou schwiereg, wéi ee mengt, esou eng grouss Trupp um Dill ze halen, Prouwen an Touren ze organiséieren. "Mir maachen eis et einfach, andeems mir net prouwen" seet de Michael League. D'Museker wieren ëmmer gutt virbereet. Doriwwer eraus kéint ee jo um Soundcheck nei Stécker ausprobéieren. Et géif dorëms goen, d'Musek fir sech schwätzen ze loossen, an dat géif am beschten op der Bühn passéieren.

Bei Snarky Puppy héiert een de perfektionisteschen Elan vu Gruppe wéi Steely Dan eraus. An de komplexen Arrangementer, an dem immens assuréierte Spill. "Wie seet, mir géife perfekt spillen, lauschtert net", seet allerdéngs de Michael League. De Workflow wier folgenden: déi verschidden Deeler vum Lidd léieren, sech kënne musikalesch an deenen Deeler ausdrécken, an dann all Nuecht op der Bün eng nei Experienz mat deem Lidd schafen. "Dee Prozess bréngt natierlech Risiko a Versoe mat sech, well et net dorëms geet, sech ze widderhuelen", esou den Haaptkapp vu Snarky Puppy. D'Band hätt keng Problemer domat, Feeler ze spillen. "Mir maachen e bewossten Effort, net duerch Perfektionismus an d'Sterilitéit ze falen."

An enger Formatioun wéi Snarky Puppy ass et méiglech, sech am Sound ze verstoppen. Mee de Michael League ass och a méi intime Projeten involvéiert. Wéi seng Kollaboratioun mam David Crosby um Album "Lighthouse" vun 2016. Folk a Pop wier virum Jazz en Deel vum Snarky Puppy Frontman senger musikalescher Identitéit gewiescht. A senger Jugend hätt hien am Virginia no senger Aarbecht an engem Barbecue Restaurant Lidder vum James Taylor gespillt. Et wier och elo keen esou ee risege Sprong vun der Musek vu Snarky Puppy eriwwer op déi vum David Crosby. "Hie war ëmmer schonn den Jazz-Mann bei Crosby, Stills, Nash & Young, an ass den John Coltrane a Miles Davis an de 60er kucke gaangen", esou de Michael League. Der Folk Legend seng Approche, Barrièren tëschent verschiddene Genren ofzebauen, Risken a Kaf ze huelen, an experimentell Direktiounen anzeschloen, héiert een op alle Fall bei der Musek vum Michael League a Snarky Puppy erëm.


Snarky Puppy spillt de 25. November 2019 hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal.

Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow