Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jacques Palminger & Erobique - Wann Strahlst Du

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien ass de Bobby Bieles?

Hip Hop um radio 100,7

Wien ass de Bobby Bieles?

D'Emissioun Ligne 2 huet sech bannent kuerzer Zäit zum wichtege Rendez-vous fir d'Frënn vum Hip Hop zu Lëtzebuerg etabléiert. All Samschdeg mixt de Bobby Bieles Musek, déi hien inspiréiert. Déi 30. Emissioun gouf grad diffuséiert. Dat ware 598 Tracks. Zäit fir de Bobby Bieles virzestellen.

auto_stories

4 min

Deng Emissioun ass ganz ofwiesslungsräich. Wéi genee selektionéiers du deng Musek?

Ech mixen all Zorte vun Hip-Hop a passen op, datt kee Genre ze kuerz kënnt. Ech hu souguer eng Zort Stadplang erstallt, wou all d'Metrosstatioune Sub-Genrë vu Rap sinn: Boombap, Old School, G-Funk, a sou weider.

À propos Metrosplang, wat huet et op sech mam Numm "Ligne 2"?

D'Ligne 2 ass de Bus, deen een huet missen huele fir vun Esch op Bieles ze fueren. Ech si vu Bieles, an den Numm Bobby huet just gutt geklongen. Ech hunn e Sticker entworf, deen d'Grafik vun der aler Jumbo-Kaart iwwerhëlt: Dat steet dofir, datt ech d'Nolauschterer fir all Sendung mat a mäi Bus huelen a si fir eng Stonn duerch d'Hip-Hop Landschaft féieren.

Den Tracklisting vun all Emissioun stellen ech wéi e Bus-Horaire duer, an op mengem Instagram posten ech all Woch e Bus-Ticket, deen drop hiweist, datt d'Sendung vun deem Moment un um Site disponibel ass.

Wéi gesäit de Produktiounsprozess vun der Ligne 2 aus?

Ech lauschtere ganz vill Musek, a kucken dann hanner menge Plackespiller, wat am beschte beienee passt. Heiansdo mixen ech just, wat an der Woch Neies erauskoum. Aner Kéiere setzen ech mir Restriktiounen, wéi zum Beispill "just Rap op Franséisch aus deene leschten zwee Joer", oder "just weiblech Rapperinnen", asw. Um Enn maachen ech nach e klengen Tuning um PC a schécken dat Ganzt un de Radio.

Wann d'Sendung samschdes leeft sëtzen ech virum Computer an interagéiere mat de Leit op Social Media.

Dem Bobby Bieles säin Hip Hop Plang

Wann s du bei der Museksindustrie eppes kéints bäidroen oder ganz änneren: wat wier dat?

Ech géif nach méi wäit goen, wéi dat wat zanter e puer Joer souwisou schonn de Fall ass: Verschidde Majoren oder Promoteure fannen et ganz praktesch, Kënschtler ëmmer erëm a verschidden Tiräng ze raumen, fir de Leit d'Aarbecht virzeknaen, deelweis fir et hinne méi einfach ze maachen. Mee ech fanne grad d'Komplexitéit vu verschidde Kënschtler interessant, wa si a verschidde Genren a Stiler super effektiv an etabléiert sinn.

Zum Beispill den El-P, dee vu sengem Keller zu New York elo d'ganz Welt mat senger Grupp RTJ eruewert huet. Oder den Jay-Z, deen e bëssen de Géigendeel fäerdeg bruecht huet: An den Nonzeger huet hie Lidder gemaach, déi haut nach am Supermarché lafen, wann ech akafe ginn, an elo produzéiert hie super usprochsvoll Konzept-Albume wéi zum Beispill "4:44".

Dat ënnerstëtzt och meng Theorie, datt den Ënnerscheed tëschent "kommerziell" an "underground" am Hip-Hop e Mythos war a bleiwe wäert. Ech géif also all Grenzen tëschent de Genrë läschen, oder zumindest op e Minimum reduzéieren.

A wéi eng Richtung entwéckelt d'Hip-Hop Zeen sech an den nächste fënnef Joer denger Meenung no?

Wéi gesot, ech mengen am Hip-Hop läit d'Geheimnis an de Fusioune vun de Genren. D'Zukunft wäert Kënschtler bréngen, déi Country-Beats, d'Personalitéit vum Kurt Cobain, d'Texter vum Lil Wayne ("real Gs move in silence like lasagna"), d'Kleeder vum Flavor Flav an den 80's, an e Cover vun enger skandinavescher Deathmetal-Band besetzen. An dat Bescht ass: Ech sinn total dofir!

Wéi engem Sub-Genre misst denger Meenung no méi Opmierksamkeet geschenkt ginn?

Dutch-Trill ass verréckt, wéi zum Beispill den Optrëtt vum Jacin Trill d'lescht Joer um Appelsap.

Een Track, dee weltwäite Succès huet, awer deen s du net kanns lauschteren?

"In Da Club" vum 50 Cent.

Een Track, deen ni al gëtt?

"Untitled" vun D'Angelo.

Wann s de dech fir een Dag kéints an eng Epoch an op eng Plaz zeréckbeamen?

1994 zu New York. Dat Joer huet esou krass Albume bruecht: "Illmatic" vun Nas, "Ready to Die" vun Notorious BIG, "Southernplayalisticadillacmuzik" vun Outkast, a sou weider ...

E Wuert zum Schluss?

Ech setze vun elo un all Woch meng Playlist och op Spotify fir Leit, déi sech inspiréiere loosse wëllen. Vill Spaass beim Entdecken, a bis nächste Samschdeg, ech sinn eraus, PEACE!


Links:
Ligne 2 lauschteren
Elo nei op Spotify
Dem Bobby Bieles seng Facebook-Säit
De Bobby bei Instagram