Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wir sind Grammy

Kulturchronik

Wir sind Grammy

Mir hunn e Grammy kritt zu Los Angeles! D'Angélique, de Gast, den OPL, eisen Tountechniker. A ganz Lëtzebuerg mat. Wéi frou däerf een do sinn? De Fred Medernach deelt seng Freed an der Kulturchronik.

auto_stories

3 min

Fred Medernach

Endlech: wir sind Grammy! Direkt verbonne mat där Fro: wéivill freeën däerf ee sech iwwert de Grammy, dee mir zu L.A. kritt hunn? Woubäi "mir" och alt net esou de richtegen Terme wier, mengen der e puer. Mir waren dobäi, zolitt derbäi, de Lëtzebuerger Apport ass indéniabel. Vum Gast iwwert den OPL bis bei eisen Tountechniker hei, deen den Toun opgeholl huet.

"Un peu de retenue" huet e Kolleg am Geschriwwene gemengt. D’Angélique wier quasi just de Passage hei gewiescht fir dës Opnam, soss hätt et net vill mat Lëtzebuerg um Hutt. Ech duecht mer: wéini schreift een - wéi beim Bowie elo kierzlech geschitt - datt et just seng Suen hei stoen hätt. Wéivill däerf ee sech freeën? Ouni datt de patriotesche Gaul mat engem duerchgeet. An eise méi speziellen Zäiten eng Zort Balanceakt, dat sech-Freeën. En Danz um Seel, eng kriddleg Saach, en däregen Dossier.

D'Ketti, dat de Fändel eraushëlt - net esou evident wéi fréier alt emol. Wéivill däerf ee sech freeën? Also ech fannen: et däerf ee sech esou richteg freeën. Fir d’Angélique, fir de Gast, fir den OPL, fir eisen Tountechniker a virun allem däerf ee sech freeën iwwert dem Angélique Kidjo seng Ausso iwwert d’Musek. Iwwert d'Léift an d'Brécken, déi se baut. Iwwert Kulturen a Mënschen déi se zesummebréngt.

Musek ass fir mech e Stéck Fräiheet a Liewesfreed. Ob agekleet a rout, wäiss, blo, gréng, giel, rosa, mof, schwaarz oder saumon gesträift mat Fluopunkten drop. An dofir stellt sech fir mech och manner d’Fro "wéivill däerf ee sech freeën?" Wëll der ëmmer erëm mengen, dës Fro misst ee mat engem Fändel verbannen. A wëll si dann d'Tendenz hunn, mat dësem Fändel hauséieren ze goen. Iddien drop schreiwen, géint déi dëse Fändel sech net wiere kann, déi hie selwer guer net wëll. Wëll se dëse Fändel domadder net respektéieren, esouguer mëssbrauchen.

D'Musek brauch kee Fändel, héchstens ee mat alle Faarwe vun der Welt. Si ass universell. Ech wënschen der Musek weider Kraaft fir deenen de Bass ze halen, déi net wëllen, dass se gespillt gëtt. Déi Sange verbidden, déi Danzen verdäiwelen.

Ech wéilt, et géifen nach vill Angéliquen a Gasten, Yussufen a Kettien, Rosamundaen a Mahatmaen, déi zesumme Musek maachen. Déi sech trauen, zesumme Musek ze maachen an déi bei dëser Entreprise ënnerstëtzt ginn. Déi Klischeeën entstëpsen an Dieren opmaachen. Ënnert de Fändelfaarwe vun der Toleranz, dem Courage an dem Mateneen. Virgëscht hunn zu dëse Fändelfaarwen och rout wäiss a blo gehéiert. Gutt esou!