Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zäit fir aner Säiten opzezéien

Album vun der Woch

Zäit fir aner Säiten opzezéien

Mat "The Great White Sea Eagle" geléngt dem James Yorkston eng vu senge schéinste Placken. Zur Säit steet him dobäi d'Nina Persson vun The Cardigans an Second Hand Orchestra fir seng Lidder an eng Mëschung aus Folk, Pop a Jazz ze kleeden.

auto_stories

2 min

Den James Yorkston mat de Museker:inne vu sengem neitsten Album. Foto: Anna Drvnik

Wann ee schonn iwwer zwanzeg Joer laang als Songschreiwer aktiv ass, da kann et emol virkommen, datt engem d'Iddien ausginn. De Problem schéngt de schottesche Museker James Yorkston net ze hunn, wann ee sech ukuckt, wéi vill Placken hie schonn erausbruecht huet, an a wéi vill Formatiounen hie soss nach aktiv ass.

Trotzdeem huet hie fir säi leschten Album "The Great White Sea Eagle" decidéiert, emol nei Säiten opzezéien, a vu sengem traditionellen Instrument, der Gittar, un de Piano ze wiesselen. Net nëmme beim Komponéieren huet hien sech op onbekannten Terrain gewot, och d'Arrangementer sinn op ganz ongewéinlech Manéier entstanen.

De schwedesche Second Hand Orchestra huet dem Yorkston seng zwielef Lidder agekleet an eng Mëschung aus Folk, Pop a Jazz, schéin, mee grad just kromm genuch, fir datt et ni langweileg gëtt. Virun der Opnam hunn d'Musekerinnen a Museker d'Stécker nëmmen e puer Mol geprouft, fir och nach Raum ze loosse fir Improvisatioun. Verstäerkung um Gesang kritt de Yorkston vun der Nina Persson, bekannt als Frontfra vun der schwedescher Formatioun Cardigans - béid Stëmmen ergänze sech hei perfekt.

Foto: Sian Adler

Och d'Texter sinn derwäert eranzelauschteren. Hanner Titele wéi "Heavy Lyric Police", "Keeping Up With The Grandchildren, Yeah" oder "Peter Paulo Van Der Heyden" verstoppen sech kleng Geschichten, den Titelsong "The Great White Sea Eagle" ass souguer ee laangt vertountent Gedicht. De James Yorkston weess mat Wierder ëmzegoen, nieft senger Aktivitéit als Museker huet hien och schonn e puer Romaner publizéiert.

D'Mëschung aus klasseschem Songwriting, ofwiesslungsräichen Arrangementer a gutt geschriwwenen Texter maachen aus "The Great White Sea Eagle" en Album, un deem een ëmmer erëm nei Säiten entdecke kann.