Klassik-CD vun der Woch Zweemol Gei a ré

D'Zhi-Jong Wang iwwerzeegt mat Opname vum Jean Sibelius sengem Geieconcerto a ré mineur an dem Igor Stravinsky sengem a ré majeur. Begleet gëtt d'Geiistin vum Philharmonia Orchestra ënner der Direktioun vum Thomas Sanderling.

Luc Boentges

Klassik-CD Woch

CD: Stravinsky - Sibelius

Label: accentus music

Interpreten: Zhi-Jong Wang - Gei, Thomas Sanderling - Direktioun, Philharmonia Orchestra

Wierker:

  • Jean Sibelius: Concerto fir Gei a ré mineur, Op. 47
  • Igor Stravinsky: Concerto fir Gei a ré majeur
  • Lu Pei: Drama - Beijing Opera
Interpretatioun:
Klang:


Mat den zwee Concerti vum Jean Sibelius an dem Igor Stravinsky stinn zwee ganz verschidde Wierker um Programm. Dem Sibelius säin ass ganz an der Traditioun vun der spéider Romantik geschriwwen: D'Gei trëtt als Solist op a gëtt vum Orchester begleet. Et geet ëm Klangfaarwen, Ausdrock an och ëm den Dialog. Beim Stravinsky ass d'Gei duerch Fugatoe wéineger Solist wéi Deel vum Orchester, respektiv vum Gesamtklang.

"Ausgangspunkt war der Gedanke, zwei deutlich kontrastierende Werke vom Beginn des 20. Jahrhunderts gegenüberzustellen. Beide Werke trennen zeitlich nur 30 Jahre. Wenn man sie allerdings nacheinander hört, denkt man: Da liegt ein Jahrhundert dazwischen." - Zhi-Jong Wang

Kontrast als roude Fuedem

Kontraster fënnt een net nëmmen tëschent deenen zwee Haaptwierker um CD, mä och innerhalb vun de jeeweilegen Interpretatiounen. Op där enger Säit geléngt et der Zhi-Jong Wang déi verschidde Charaktere vun de Melodien iwwerzeegend ëmzesetzen. E puermol héiert sech d'Gei un, wéi wa se géing kloen oder kräischen, puermol héiert se sech ganz aggressiv un, an aner Kéiere klengt se ganz douce.

Op där anerer Säit ginn et och grouss Kontraster am Orchester. Um Ufank vum Jean Sibelius sengem Concerto héiert een en zum Beispill kaum. Et ass wéi wann e ganz wäit ewech wier. E spillt esou douce a lues, datt d'Gei enorm u Präsenz gewënnt. Bei anere Passage kënnt et engem vir, wéi wann een an der Mëtt vum Orchester géing setzen.

Eng ofwiesslungsräich Opnam

D'CD iwwerzeegt virun allem duerch déi grouss klanglech, dynamesch an och raimlech Kontraster. Gekoppelt mat den zwee ganz verschiddene Concerti bleift den Disk, bei deem d'Gei iwwer eng Stonn laang am Mëttelpunkt steet, während der ganzer Ecoute interessant.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Carl Davis
Musek a Film

De romantesche Spionagefilm "The Mysterious Lady" vum Carl Davis ass de Freideg an de Samschdeg am grousse Sall vun der Philharmonie ze gesinn. De Luc Boentges huet am Virfeld mam weltbekannte Museker geschwat.

Schumann - Burgmüller / Alexander Lonquich - Colibrì Ensemble
Klassik-CD vun der Woch

Dem Schumann säi Pianoconcerto ass ee vun deene beléiftsten a bekanntste Concerti iwwerhaapt. E steet op dësem Disk als Kontrast zu der zweeter Sinfonie vum haut onbekannten Norbert Burgmüller.

David Ianni
Den David Ianni spillt am Funiculaire

Mat sengem Projet "My Urban Piano" reest den David Ianni duerch ganz Europa. Op all Etapp verzielt hien eng aner musikalesch Geschicht. Zu Lëtzebuerg spillt de Pianist am Funiculaire.

Confluences
Klassik-CD vun der Woch

Kann ee Mann e ganzen Orchester ersetzen? Den Organist Maurice Clement huet fir säin neien Disk Wierker aus der grousser romantescher Orchestermusek arrangéiert a mat vill Gefill agespillt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen