Radioen

On air

Tockcity  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 0-Toleranz sënnvoll a realistesch?

Alkohol op der Aarbecht

0-Toleranz sënnvoll a realistesch?

2008 hat den Affekot Pierrot Schiltz e Buch erausbruecht, an deem hien déi juristesch Aspekter vun der Problematik beliicht. Enn 2017 huet hien eng zweet Oplag presentéiert, well déi éischt Editioun vergraff war. A well sech och munches geännert huet. Um Pabeier, net onbedéngt an der Praxis. Dat stéiert de Jurist, well bekannt ass, datt bei 25 Prozent vun den Aarbechtsaccidenter Alkohol am Spill ass.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock

"0,0 Alkohol op der Aarbecht heescht 0 Aarbechtsaccidenter wéinst dem Alkohol", seet den Affekot Pierrot Schiltz. D'Thema Alkohol - iwwregens och Drogen - op der Aarbechtsplaz, ass en Dossier, deen him uewe läit. Scho méi laang, 2008 hat hien e Buch zum Thema publizéiert. An dat Buch "L'alcool, les drogues et le travail" ass de leschten Dezember an enger zweeter Editioun erauskomm. Déi éischt war vergraff. Dat weist, datt de Problem net méi kleng ginn ass. Ganz am Géigendeel, seet de Pierrot Schiltz. Mä dat ass net deen eenzege Grond, deen eng Nei-Oplag vum Buch rechtfertegt.

Zënter 2008 wier an deem Domaine via Kollektivverträg legiferéiert ginn.

"Wann een ënnert Alkoholafloss op der Aarbecht ass, gëtt dat als Faute grave interpretéiert, wat e Licenciement avec effet immédiat rechtfertegt. Eng Faute grave ouni datt eppes muss geschitt sinn. Well de Fait, datt ee gedronk huet oder ënnert Alkohol- oder Drogenafloss ass, (...) ass de Feeler selwer."

Ee vun de Kollektivverträg, an deenen den Alkoholkonsum op der Schaff explizit verbuede gëtt, ass dee vun den Usträicher. A well dee Kollektivvertrag d'obligation générale ass, huet e juristesch quasi dat selwecht Gewiicht wéi e Gesetz. E gëtt awer net ëmmer applizéiert wéi e Gesetz. Op d'mannst wat de Volet Alkohol ubelaangt, an dat ass fir den Affekot Schiltz an anerer net nozevollzéien.

D'Beispill Usträicher

E reellt Beispill. De 27. August 2009 gëtt en Usträicher vu sengem Patron mat Effet immédiat entlooss, well e Moies um néng Auer gesi gëtt, wéi en op engem Schantjen eng Fläsch Béier drénkt. Den Usträicher klot, säi Licenciement wier abusiv. Hie kritt an éischter Instanz och vum Aarbechtsgeriicht zu Esch Recht. De Patron geet an Appell, mä den entloossenen Usträicher kritt nach eng zweete Kéier Recht.

Mat dëser Begrënnung:

"La Cour tient à rappeler que si la situation ideale voudrait que l'alcool soit totalement exclu du Monde du travail principalement pour des raisons de sécurité (....), force est cependant de retenir que la consommation d'alcool sur le lieu de travail ne constitue une faute grave que dans certaines circonstances données au cas par cas par les juridictions."

Mat Uerteeler wéi dësem fale Geriichter de Patronen an de Réck, beschwéiert sech de Pierrot Schiltz. An hie kritt Ënnerstëtzung vum Romain Schmit, dem Generalsekretär vun der Fédération des Artisans, déi d'Patronat am Handwierk vertrëtt. Deen appelléiert un d'Riichteren, d'Kollektivverträg eescht ze huelen. Et wier net un de Riichter, fir z'appreciéieren, wat richteg ass a wat net. Wann d'Leit vum Terrain zur Conclusioun komm wieren, datt verschidden Dispositiounen e gudde Moyen wieren, fir e Problem an de Grëff ze kréien, da "kann ee schlecht vu senger Riichterstuff aus appreciéieren, wéi d'Gefore-Situatioun ass, wéi d'Realitéit ass op engem Chantier", mengt de Romain Schmit.

Verschidden Interpretatioune méiglech

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit gesäit dat anescht. Hie fënnt, datt d'Geriichter duerchaus eng Appreciatiounsmarge hunn, an och solle behalen. Op der Pressekonferenz, op där dat schonn ernimmte Buch zum Thema Alkohol an Aarbecht virgestallt gouf, huet hien dem Auteur Pierrot Schiltz geäntwert:

"De Riichter acceptéiert et schonn. Mä de Riichter zitt net déi Conclusioun déi Dir gär hätt, datt e soll zéien. An dat ass de Licenciement pour faute grave. De Riichter, dee jugéiert compte tenu vun der Repetitioun, vun der Gravitéit, (...) Geet dat duer, fir een ze condamnéieren zu engem Licenciement, also direkt en z'entloossen? Dat ass d'Fro."

Dat ass och als Ofso ze verstoen un eng Fuerderung vun Eenzelen, déi wëllen, datt d'Null-Toleranz beim Alkohol als Dispositioun an de Code du Travail stoe kënnt. Dat bréngt net vill, seet och den Direkter vun der Gewerbe-Inspektioun ITM, de Marco Boly. Hie freet sech, wie soll kontrolléieren, ob déi Dispositioun och agehale gëtt?

Pabeier wier gedëlleg. Reglementer oder Gesetzer géifen awer net vill dengen, wann ee kee kloren Acheminiment géif festleeën. Haut wier et sou, datt d'Police Alkoholskontrollen eigentlech just am Stroosseverkéier ka maachen. Dofir misst ee sech iwwerleeën, ob een Alkoholkontrollen op der Aarbechtsplaz ka maachen. Virun allem misst een definéieren, wie wat a wéi engem Kontext kéint maachen.

Thema gëtt am tertiäre Secteur ignoréiert

D'Gefore vum Alkohol op der Aarbecht sinn natierlech besonnesch en Thema a Secteuren, wou ee sech an anerer a Gefor brénge kann. Am Handwierk, an der Industrie. Am tertiäre Secteur ass dat natierlech net de Fall. Mä och an dësem Secteur ass Alkohol een Thema.

"Vun 2014 un hunn ech 13 Leit fonnt, wou mir als Antecedent Ethyl, also Alkohol, markéiert hunn", seet d'Patricia Thiry, Generaldirectrice vun der ASTF.

Bei där Association pour la santé au travail du secteur financier passéieren all Joer tëscht 6.000 a 7.000 Leit. Zënter 2014 wieren awer nëmmen 13 Leit vun 20.000 Leit duerch Alkoholkonsum op der Aarbechtsplaz opfälleg ginn. Et kéint een ënnerstellen, d'Thema wier en Tabu am Secteur. D'Dokter Thiry léisst dee Reproche awer net gëllen.

"Bewosst tabuiséiert denken ech net, awer ignoréiert. Datt et effektiv net opfält. Ech muss awer och dozou eise Mea culpa maachen. Et ass och net, datt mir an d'Entreprisë ginn an eis déi Fäll sichen. Dat ass net eis Prioritéit."

Beispill Frankräich

Fazit: Alkohol ass virun allem en Thema a Beruffer, wou nach handwierklech geschafft gëtt, wou een d'Gesondheet an d'Liewen op d'Spill setzt, seng Gesondheet, säi Liewen, mä och déi vun aneren. Dat anert: Et gëtt am Moment kee politesche Wëllen, fir den Alkohol op der Aarbecht gesetzlech ze verbidden. A Frankräich gëtt et en Artikel zum Thema am Code du Travail.

Aucune boisson alcoolisée autre que le vin, la bière, le cidre et le poirée n'est autorisée sur le lieu de travail.

Deen Artikel ass awer 2014 duerch en Dekret vervollstännegt ginn. Och a Frankräich däerf de Patron den Alkoholkonsum zënterhier aus Sécherheetgrënn limitéieren, oder ganz verbidden. Seng Mesurë mussen awer "proportionnées au but recherché" sinn, sou steet et do, schwaarz op wäiss.