Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100 Joer russesch Presenz zu Lëtzebuerg

LËTZEBUERGER SACHBICHER

100 Joer russesch Presenz zu Lëtzebuerg

Wann ee vu Migratiounsgeschicht zu Lëtzebuerg schwätzt, denkt ee meeschtens un italieenesch a portugisesch Awanderer. Datt et awer zënter op d'mannst 100 Joer och eng russesch Präsenz zu Lëtzebuerg gëtt ass bis ewell wéineg bekannt. A Kollaboratioun mam Zentrum fir zäitgenösseg an digital Geschicht op der Uni Lëtzebuerg huet d'Fondation Lydie Schmit elo eng originell Etude iwwer d'russesch Immigratioun zu Lëtzebuerg erausginn. De Mohamed Hamdi huet d'Buch gelies.

auto_stories

5 min

D'Fuerscherin Inna Ganschow. Foto: Sophie Margue

Déi russesch Migratioun ass aus verschiddene Grënn eng éischter aussergewéinlech. Net just de politesche System vu Russland huet sech am Laf vum 20. Joerhonnert permanent gewandelt, mee och déi politesch Grenze vum Land.

Nach virum éischte Weltkrich huet sech Russland vun enger absolutistescher Monarchie zu engem hallefwegs parlamentaresche System entwéckelt. No der Oktoberrevolutioun vun 1917 an engem laangjärege Biergerkrich ass d'Land an ee kommunisteschen Eeparteiestaat ëmgewandelt ginn - der Sowjetunioun. No knapps 70 Joer Existenz ass och dës schlussendlech zesummegefall an déi net-russesch Satellittestaaten hunn hir politesch Onofhängegkeet zeréckgewonnen.

Wien ass "russeschen Migrant"?

Vill Migranten, déi vu de Lëtzebuergesche Behörden pauschal als Russe klassifizéiert goufen, hu sech selwer net mat Russland identifizéiert an hunn doheem mat grousser Warscheinlechkeet och eng aner Sprooch ewéi russesch geschwat. Anescht ewéi z.B. bei den italieeneschen oder portugisesche Migranten, huet sech déi russesch Communautéit selwer ni als eenheetleche Grupp gesinn. Wéi den Titel vum Inna Ganschow sengem Buch et scho suggeréiert handelt et sech ëm eng atomiséiert Communautéit. Ausschlaggebend fir ee gemeinsaamt Zesummegehéieregkeetsgefill ass villméi déi regional Hierkonft, souwéi déi ideologesch Gemeinsamkeeten. Jee no soziohistoreschem Kontext wiesselen d'Migratiounsgrënn, d'Migratiounszoustänn an och den Accueil zu Lëtzebuerg.

De Schwéierpunkt vum Buch läit op Eenzelschicksaler: d'Chercheuse Inna Ganschow retracéiert de Liewenswee vu verschiddene Migranten aus russesche Gebidder déi am Laf vun de leschten 100 Joer duerch Lëtzebuerg passéiert sinn oder sech hei néier gelooss hunn.

D'Immigratiounswellen hunn sech ëmmer da verstäerkt wann et a Russland zu politeschen a sozialen Onroue koum - sou z.B. no der Revolutioun vun 1905.

Am éischte Weltkrich komme bal 3.000 russesch Krichsgefaangener op Lëtzebuerg, vun deenen déi meescht Lëtzebuerg no 1918 nees verloosse sollten. Eenzeler, ewéi de Georgier Joram Tedeschwili, sinn awer och no der Armistice am Land bliwwen.

Wolz gouf zum Zentrum vum russesche Liewen

Ee weideren Zouwuess erlieft Lëtzebuerg am Laf vun den 1920er Joren. Et handelt sech virun allem ëm d'Unhänger vun der Monarchie, déi no der bolschewistescher Victoire aus der neigegrënnter Sowjetunioun geflücht sinn. Déi sougenannt Wäissgardisten hunn zu Wolz eng Kolonie gegrënnt an d'Eislécker Stiedchen ass séier den Zentrum vum russesche Liewen zu Lëtzebuerg ginn.

Fir d'Wäissgardiste war net just hiren Anti-Kommunismus identitéitsstëftend, mee och déi gemeinsam Erfarungen déi si op hirem Fluchtwee erlieft hunn. Besonnesch den Openthalt am tierkesche Gallipoli gëtt an de Berichter, déi d'Inna Ganschow fonnt huet, ëmmer nees erwäänt.

D'Verloosse vun der Heemecht huet bei ville Wäissgardisten zu engem Wiessel am soziale Status gefouert. Hu si fréier dem russeschen Adel zougehéiert, sou ware si zu Lëtzebuerg gezwongen, an der Stolindustrie schwéier Aarbecht ze verriichten.

Am Zweete Weltkrich koum Lëtzebuerg mat engem neie Migratiounstypus a Kontakt nämmlecht der Zwangsmigratioun. Nieft de russesche Krichsgefaangener goufen och Zwangsaarbechter - déi sougenannten Ostarbeiter - vun de Nazien op Lëtzebuerg transportéiert fir hei an der Stolindustrie ze schaffen. D'Wäissgardisten déi an den 20er Joren aus der Sowjetunioun geflücht sinn, hunn dacks mat den Däitsche kollaboréiert andeems si als Dolmetscher oder souguer als Zaldoten aktiv waren. Mat de Nazien hunn si hir anti-kommunistesch Haltung gedeelt a no Krich hu si sech misse fir hir Kollaboratioun veräntwerten.

Fir vill Zwangsaarbechter hält de Leidenswee nom zweete Weltkrich weider un. Dacks goufe si géint hire wëllen un déi sowjetesch Behörden ausgeliwwert a mat Gewalt zeréck a Russland rapatriéiert. Wéinst hirer - zwar gezwongener - Participatioun un der däitscher Krichswirtschaft goufen si doheem net seelen als Verréider gebrandmarkt an diskriminéiert. D'Inna Ganschow dokumentéiert och Fäll vu Russen déi - et kann een et net anescht soen - gekidnappt goufen, obschonn si sech zu Lëtzebuerg eng nei Existenz opgebaut an och dacks eng Famill gegrënnt haten. Dës Entféierunge goufe vun de Lëtzebuergeschen Autoritéite beschtefalls gedult a schlëmmstefalls souguer aktiv begënschtegt.

Politesch an diplomatesch Froe kommen ze kuerz am Buch

D'Chercheuse Inna Ganschow schafft soumat vill Aspekter vun der Lëtzebuergescher Vergaangenheet op, déi bis ewell komplett am Donkele stoungen. D'Recherche baséiert gréisstendeels op Ego-Dokumenter - d.h. perséinlechen, autobiographeschen Texter. Och vill Foto'en ginn am Buch fir d'éischte Kéier publizéiert - och wa leider all Verweis op d'Quell vun de Biller feelt. Dat nämmlecht gëllt iwweregens fir vill Aussoen an Zitater déi dacks leider ouni Quelleverweis do stinn.

Zwar schneit d'Inna Ganschow an hirem Buch eng Panoplie u Sujeten un, mee vill Aspekter vun der russescher Presenz zu Lëtzebuerg ginn leider just un der Uewerfläch thematiséiert. Een Historiker vun der aler Garde kéint zurecht bemängelen, datt déi politesch an diplomatesch Froe vill ze kuerz kommen. Tatsächlech ginn d'Diskussiounen iwwer russesch Migranten um Regierungsniveau an am Parlament am Buch leider kaum behandelt.

De Fokus op mikrohistoresch Detailer bréngt och aner Mängel mat sech. D'Buch beweegt sech deelweis geféierlech no um Anekdoteschen - besonnesch zum Schluss gëtt d'Liesen e bësse schwéierfälleg. Och stilistesch erënnert den Text plazeweis méi un ee journalistescht oder literarescht Format - z.B. bei Persounen- a Situatiounsbeschreiwungen.

Insgesamt bitt d'Buch awer eng flott a gutt liesbar Iwwersiicht iwwer méi ewéi 100 Joer Migratiounsgeschicht. Den enormen Opwand hannert hire Recherchen ass evident. D'Archivdokumenter op déi si sech baséiert stame net just aus Lëtzebuerg mee och aus der Belsch, de Vereenegte Staaten an natierlech aus Russland selwer.

Hir Sproochekenntnisser souwuel am Däitschen a Franséischen ewéi och am Russeschen hunn et hir erlaabt déi verschidden, deels onbekannte Quellentexter fir d'éischte Kéier enger wëssenschaftlecher Analys z'ënnerzéien. Dobäi kënnt nach eng impressionant Lëscht vu privaten Interview'en déi d'Inna Ganschow am Kader vun hirer Fuerschung gefouert huet. Trotz klengen Defiziter ass der Inna Ganschow hiert Buch ouni Zweiwel eng Pionéieraarbecht déi een Ustouss fir weider Recherche zum Theema liwwere wäert.