Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100 Millioune Frang am Honduras: den Dante V. an déi däitsch Abwehr

Zäithistoriker - Zweete Weltkrich

100 Millioune Frang am Honduras: den Dante V. an déi däitsch Abwehr

Wärend dem Zweete Weltkrich huet d'Drëtt Räich d'besate Gebidder récksiichtslos ausgebeut - och am Westen. Am besate Frankräich huet en italo-lëtzebuergesche Geschäftsmann dobäi eng wichteg Roll gespillt.

auto_stories

7 min

Am Fréijoer 1942 huet den Dante V. Paräis verlooss, zwar gréisstendeels diskreditéiert bei sengen däitsche Mentoren, mee steeräich.

Den italo-lëtzebuergesche Geschäftsmann war zwee Joer virdrun an der franséischer Haaptstad ukomm. En hat do en Akafsbüro gegrënnt, deen zu engem vun den effizientsten an der Besatzungszäit gouf. Mee seng Aktivitéit war net reng kommerziell, den Dante V. huet nämlech am Optrag vum Nazi-Regimm geschafft.

Seng Missioun war et um franséische Schwaarzmaart enorm Quantitéiten u Produkter ze kafen, déi déi däitsch Krichsindustrie onbedéngt gebraucht huet. Am besate Paräis huet en also an enger Grozon evoluéiert wou sech Geschäftsleit, Gangsteren, a Collaborateuren, Zyniker, Opportunisten a Fanatiker vermëscht hunn - esou datt se dacks net méi vuneneen ze ënnerscheede waren. Hie selwer war e bëssche vun allem. Dat gouf em schlussendlech zum Verhängnes.

E méisproochegen a vernetzte Geschäftsmann

Den Dante V. war 1903 zu Esch gebuer. Säi Papp war en italienesche Wäinhändler, dee sech zu Lëtzebuerg néiergelooss hat. No senger Schoulzäit am Grand-Duché hat den Dante zu Nanzeg an dono zu Antwerpe studéiert. E konnt perfekt däitsch, lëtzebuergesch, franséisch an italienesch schwätzen, och fléissend englesch, an huet e bëssche spuenesch a hollännesch kannt.

Vu 1923 bis 1940 huet e fir verschidde lëtzebuergesch, belsch, franséisch an italienesch Firme geschafft, fir déi en duerch ganz Europa gereest ass. An der zweeter Hallschent vun den 1930er Joren huet en och ugefaange fir d'Abwehr ze schaffen, dem Noriichtendéngscht vun der Wehrmacht.

Esou huet en den Hauptmann Reile kenne geléiert, deen de Büro vun der Abwehr zu Tréier geleet huet. Wou deen dann, no der franséischer Nidderlag, e wichtege Poste bei den däitsche Besatzungsautoritéiten zu Paräis krut, huet en direkt u sengem laangjärege Kollaborateur geduecht, dee méisproocheg war an deen iwwerall an Europa Handelskontakter hat.

D'Compagnie Commerciale Italo-Continentale

Am Juni 1940, huet den Dante V., mat der Hëllef vun der Abwehr, d'Compagnie Commerciale Italo-Continentale (CCIC) gegrënnt. D'Roll vun dëser Firma war et iwwerall a Frankräich, och am onbesaten Deel, fir déi däitsch Arméi, a ganz besonnesch fir d'Kriegsmarine, Rostoffer, Textilien, Metaller an aner Produkter ze fannen an ofzekafen.

Am Oktober 1941, wou e vum däitsche Finanzamt zu Lëtzebuerg verhéiert gouf, huet e selwer seng Aktivitéit esou beschriwwen:

"Die französische Regierung ist aufgrund der mit den deutschen Stellen getroffenen Abmachungen zu Lieferungen aller Art verpflichtet, macht jedoch geltend, dass im Lande von den verschiedensten, deutscherseits verlangten Dingen nur geringe Bestände seien. Werden zum Beispiel eine Million gefütterte Lederwesten oder wollene gefütterte Handschuhe benötigt, so wird französischerseits den deutschen Stellen erklärt, es seien nur 50.000 Stück aufzutreiben. Da setzt man meine Tätigkeit und die meiner Unteragenten ein. Durch diese unsere Tätigkeit ist es möglich, der Wehrmacht diese Waren " hinten herum " zu verschaffen. Meinen Agenten resp. mir ist es bekannt, welche französische Firmen größere Bestände an diesen Dinge haben, und da setzt man das Geschäft an, sie in die Hände zu bekommen."

D'Ausbeutung vu Frankräich

An dës Aktivitéit war alles anescht wéi anekdotesch. D'Ressourcen, déi d'Drëtt Räich sech a Frankräich ugëeegent huet, hunn e gudden Deel vu senger Krichsproduktioun alimentéiert, wéi den däitschen Historiker Hans Umbreit et geschriwwen huet:

"Nicht die eroberten Gebiete im Osten - wie die nationalsozialistischen Planer gehofft hatten -, sondern die besetzten Länder Westeuropas lieferten den grösseren Beitrag zur deutschen Kriegswirtschaft. Unter ihnen war Frankreich die wichtigste Bezugsquelle für Rohstoffe, Maschinen, Halb- und Fertigprodukte, Geld und Arbeitskräfte. Allein die dem Land abverlangten finanziellen Leistungen ergaben etwa 10% der deutschen Kriegsfinanzierung. [...] Die vorgefundenen Bestände an Spar- und Mangelgütern aller Art waren so gross, dass sie nach Einschätzung durch die deutsche Rüstungsdiensstellen für längere Zeit zur Deckung des deutschen Bedarfs ausreichten."

An dat Allerzyneschst an der ganzer Saach war, datt d'Fransouse selwer dofir bezuelt hunn. Frankräich war nom Waffestëllstand verflicht d'Käschte vun der Besatzung selwer ze droen, an huet dofir 400 Millioune franséisch Frang pro Dag misste bezuelen. Déi Däitsch hunn e gudden Deel vun där Zomm benotzt fir d'franséisch Wirtschaft auszeraiberen - a Mëttelsmänner wéi den Dante V. räich ze maachen.

Geschäfter a Niewegeschäfter

Säin Akafsbüro war ee vun de wichtegsten zu Paräis. En huet 300 Leit beschäftegt, an d'franséisch Police ass nom Krich dovunner ausgaangen, datt den Dante V. a Frankräich Geschäfter zu engem Wäert vun 300 Millioune Frang ofgeschloss hat.

Hie selwer krut no all Deal Kommissiounen, déi tëschent 0,5 a 5 Prozent vum Akafspräis ausgemaach hunn. Et sinn, ënner anerer, dës Revenuen, déi him erlaabt hu sech eng Wunneng an der ganz exklusiver Avenue Hoche, beim Arc de Triomphe, ze kafen.

Den Dante V. huet awer och Niewegeschäfter gefouert. Mat engem Deel vu senger Beneficer huet e franséisch Luxusprodukter wéi Wäin, Kleeder oder Parfume kaf. Dank senge Relatiounen huet dann en ganz Camionen oder ganz Waggonen dovunner zu Lëtzebuerg erageschmuggelt, a vun do aus an Däitschland.

Irgendeppes ass dann awer schif gelaf, well am Hierscht 1941 huet dat däitscht Finanzamt ugefaange géint den Dante V. ze ermëttelen. D'Enquête huet ënner anerem erginn, datt en 100 Millioune Frang an enger Bank am Honduras iwwerwisen hat, an datt e wäertvoll Komplizen an der däitscher Zivilverwaltung hat, an éischter Stell de Friedrich Münzel, ee vun den enkste Mataarbechter vum Gauleiter Simon.

En onkloren Epilog

Den Dante V. gouf net verurteelt, mee am Mäerz 1942 huet en d'Direktioun vun der Compagnie commerciale italo-continentale missten opginn. E gouf vun enger anerer Figur vun der Kollaboratioun zu Lëtzebuerg ersat, dem André Folmer. Hie selwer huet sech dono zu Mailand niddergelooss, wou e weiderhi Geschäfter fir déi däitsch an déi italienesch Geheimdéngschter gefouert huet.

E puer Wochen nom Enn vum Krich, am Juni 1945, sinn zwee Fransousen e siche komm. Seng Schwëster huet en nach eng lescht Kéier zu Lonkech gesinn, am August 1945. Dono ass e vir ëmmer verschwonnen. Wat mat him geschitt ass, war laang Zäit onbekannt.

Mee am Joer 2009 huet e franséische Journalist e Buch geschriwwen iwwer ee vun den zwee Männer, déi den Dante V. zu Mailand ofgeholl haten: de Commissaire Blémant.

An de leschte Méint vu sengem Liewen huet den Dante V. de franséische Geheimdéngschter anscheinend gehollef en Deel vun deem ze recuperéieren, wat e wärend der Occupatioun geklaut hat. Dono ass en ëmbruecht ginn. Séi Kierper leit vermuttlech an engem anonymme Graf, iergendwou an der Ëmgéigend vu Grenoble.