Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1535 - Eng WG fir kreativ Beruffer

Kreativindustrie zu Déifferdeng

1535 - Eng WG fir kreativ Beruffer

Zesumme schaffen an iessen, an dobäi Iddien entwéckelen. Dat ass d'Konzept vum Creative Hub 1535. De Projet iwwertrëfft all d'Erwaardunge vun der Stad Déifferdeng. Och d'Regierung ass virwëtzeg ginn.

auto_stories

6 min

©Ann Sophie Lindström

"Mëttlerweil mécht kee méi de Geck mat eisem Projet, haut komme se all op Déifferdeng kucken," seet d’Tania Brugnoni. Si ass Directrice vun der kreativer Fabrik 1535. Si schwätzt vun engem grousse politesche Courage vun der Gemeng.

E kreativen Hub fir Déifferdeng

2003 gouf zu Déifferdeng e Kultur-Entwécklungsplang geschriwwen. Fënnef Joer méi spéit goufen déi éischt Ateliere fir Kënschtler realiséiert. Parallel krut d’Gemeng déi fréier Arcelor-Mittal-Halen um Fousbann ugebueden. D’Iddi koum, fir e kreativen Hub an d’Liewen ze ruffen. Dee Projet leeft zanter dräi Joer.

1535 Grad ass d'Schmëlztemperatur vum Eisen, ënnersträicht d’Tania Brugnoni. "Et ass e Clind'oeil fir d'Vergaangeheet, mee e Clin d'oeil mat zwee Ae fir d'Zukunft." Ausserdeem kéint een et op all Sprooch ausdrécken. Dat géif déi multikulturell Ausriichtung vum Projet a vun Déifferdeng ënnersträichen.

De Site vum 1535 huet eng Surface vu 16.000 Meter Carré. Dräi Gebaier stellen den industrielle Patrimoine vun Déifferdeng duer. An der Hal A schaffen op zwee Stäck iwwer 200 Leit.

Kreativer brauchen Hëllef zu Lëtzebuerg

Un der Panoplie u Betriber erkennt een, datt et zu Lëtzebuerg vill kreativ Beruffer ginn. Am 1535 schaffe Leit aus der Film- a Museksindustrie, aus dem Design, den digitale Spiller, der Softwareindustrie an och aus dem Beräich Architektur.

Vill héichkompetent Kreativer hätten no der Uni keng Plaz fir ze schaffen, well si sech kee Loyer kéinte leeschten. Dofir wär et wichteg, hinnen ze hëllefen, erkläert d'Tania Brugnoni.

D'Léisung heescht: abordabel Meter-Carrés-Präisser fir d'Kënschtler. Et soll awer verhënnert ginn, datt Firmae sech just dowéinst am 1535 néierloossen. Et ginn deemno eng Parti Critèren un déi d’Locatairen sech mussen halen:

  • Si mussen hir Aarbecht haaptberufflech maachen
  • Si mussen um Site schaffen
  • Hire Metier muss en Impakt op déi kreativ Industrie hunn
  • Et muss nohalteg geschafft ginn

An engem Bureau am 1535 ©Eric Chenal

Zesumme schaffen an iessen

Fir d'Gemeng Déifferdeng ass et als Promoteur vum Projet 1535 wichteg, datt d’Locatairen nieft dem kënschtlereschen Know-How och eng gewëssen Empathie matbréngen. De Site funktionéiert e bësse wéi eng grouss WG, d’Leit iessen a schaffen zesummen an tauschen Iddien aus.

De François Doneux schafft och um Site 1535. Seng Firma, Carvalhu Architects huet sech ëm d’Conceptioun an d’Realisatioun vum ambitiéise Projet gekëmmert. Et ass drëm gaang, déi ästhetesch, funktionell an technesch Prinzipie vum Gebai ze schafen. Gläichzäiteg huet awer och de Cahier de Charges misse respektéiert ginn.

De Budget wär serréiert gewiescht, awer et hätt ee missen eng staark Identitéit schafen, erkläert hien. Engersäits fir d'Kreativindustrie, anerersäits awer och fir d'Stad Déifferdéng.

Gemeng vum Succès iwwerrascht

"De Projet 1535 ass net dat, wat mir eis erwaart hunn. En ass honnert mol besser," seet den Déifferdenger Deputé-Maire Roberto Traversini net ouni Houfert. De Politiker vun déi gréng seet, et géif richteg gutt doen, datt de Projet haut esou gutt leeft. Schliisslech wier d’Gemeng mat de Sue vun den Déifferdenger Bierger e gewësse Risiko agaang. Bis elo huet d’Gemeng méi wéi 12 Milliounen Euro investéiert.

Dem Roberto Traversini geet et elo drëm, de Staat mat an d’Boot ze huelen. An d’Chancë stéinge gutt, seet hien no Verhandlunge mat der Regierung. "Déi 500-600 Leit, déi herno hei schaffen, verdénge 25-30 Millioune Salaire am Joer. An d'TVA, respektiv d'Steiere kritt de Staat jo erëm." Datt de Premier de 1535 bei senger Ried zur Lag vun der Natioun ernimmt hätt, wär e kloert Zeechen, datt d'Wichtegkeet vum Projet erkannt gi wär.

De Roberto Traversini wëll nach dëst Joer kënnen am Gemengerot annoncéieren, datt de Staat mat era klëmmt an datt eng nei Gesellschaft gegrënnt gëtt.

Firwat ass de Projet 1535 esou wichteg? Kënschtler zielen owes net just Stären, mee produzéieren eppes fir d’Gesellschaft, schafen Aarbechtsplazen a verdénge Suen, esou den Déifferdenger Deputé-Maire.


1535 um Netz: http://www.1535.lu/