Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter Of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 175 Joer Post

Zäithistoriker

175 Joer Post

Den 29. Juni gouf d'virtuell Ausstellung 175 Joer POST, d'Resultat vun enger Collaboratioun tëschent POST Lëtzebuerg an dem Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH), verëffentlecht. Geschicht virtuell ze presentéieren ass eng relativ nei Approche. Grond genuch sech mat de Chancen an den Defie vun digitaler Geschicht auserneen ze setzen.

auto_stories

5 min

D'Zil vun dëser virtueller Ausstellung ass et d'Geschicht vun der Post an der Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg, also net manner wéi 175 Joer, op eng modern an innovativ Aart a Weis opzeschaffen. Traditionell huet d'Post zu wichtegen Daten a Jubiläen en Buch erausbruecht.

Firwat also gouf decidéiert dëst Format duerch eng virtuell Ausstellung ze ersetzen? Dës Entscheedung léisst sech sécher op d'Chancë vun der Digital History, der digitaler Geschicht, zeréckféieren.

Fir d'alleréischt bitt déi virtuell Form d'Méiglechkeet vum sougenannten Transmedia Storytelling. Dëst Konzept gouf am Joer 2003 vum amerikanesche Chercheur Henry Jenkins begrënnt a gesäit vir, datt en Narrativ op verschidden Aart a Weisen an duerch ënnerschiddlech Medien, wéi z. B. der Televisioun, dem Internet oder Bicher erzielt gëtt. Dobäi bréngt all Medium nei Aspekter an Informatiounen, déi am Endeffekt awer Deel vun engem Ensembel vu vuneneen onofhängegen, mee complementaire Inhalter sinn. Op dës Aart a Weis kënnen d'Stäerke vun all Medium ausgespillt ginn.

Véier Navigatiounsmodi

175 Joer Post baséiert op dësem Konzept, proposéiert awer seng eegen Interpretatioun. D'Geschicht vun der Post gëtt an engem eenzege Medium, dem Internet duergestallt, mee innerhalb dovu mat verschiddene Presentatiounsméiglechkeeten. D'Ausstellung proposéiert nämlech véier Navigationsmodi, eng Chronologie, eng interaktiv Kaart, eng digital Kollektioun vu Quellen an eng Rei vun Oral History Interviewen zu spezifeschen Theemen. All Sektioun kann eenzel entdeckt ginn oder am Zesummenhang mat deenen anere Beräicher vum Site.

Ganz konkret kann een also zum Beispill d'Geschicht vum Telefon zu Lëtzebuerg iwwer d'Haaptdate vun der Realisatioun vum Reseau entdecken, dëse Reseau geographesch op der Kaart verfollegen, verschidden Telefonsmodeller an der Kollektioun exploréieren a schliisslech an den themateschen Dossieren d'Aféierung vum GSM-Standard zu Lëtzebuerg duerch d'Aen vun den deemolege Responsabelen erliewen.

An engem zweeten Aspekt erlaabt dat digitaalt Format d'Konzept vum Thinkering unzewenden. Zesummegesat aus den Englesche Wierder Tinkering, also Bastelen, an Thinking, Reflexioun, proposéiert dëst Konzept en spillereschen Ëmgang mat digitalen Outile fir nei Methode vun der Geschichtsschreiwung ze entwéckelen.

Schliisslech generéiert déi virtuell Form vun der Ausstellung och eng méi grouss Reechwäit. 175 Joer Post adresséiert sech ganz kloer un den grand public, probéiert awer gläichzäiteg d'Resultater vu wëssenschaftlecher Recherche ze vermëttelen. Wärend en Buch dacks nëmme vun enger Hand voll Leit gelies gëtt, entdecken iwwer eng virtuell Ausstellung wesentlech méi Leit d'Geschicht vu Post Lëtzebuerg an domat en Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht, deen trotz sengem groussen Impakt, bis elo, vun der Historiographie net beuecht gouf.

Vir- an Nodeeler

Heescht dat also, dass digital Geschichtsschreiwung perfekt ass? Selbstverständlech net! All Form vu Geschichtsschreiwung huet hier eege Vir- an Nodeeler.

An engem rezenten Artikel formuléiert den Andreas Fickers véier Etappe vun der Kritik, déi den Iwwergang vum Analogen zum Digitale begleede sollten: d'Kritik vun den Algorithmen, déi d'Recherche bestëmmen, d'digital Quellekritik, d'Kritik vum benotzten Outil an d'Kritik vun dem finalen Interface.

Beim Projet 175 Joer Post kommen déi zwee éischt Punkten net zum Droen, well d'Recherche an d'Quellen analog am physesche Postarchiv bleiwen. Ëmsou méi wichteg ass et op d'Limitte vum Outil a vun der finaler Visualiséierung anzegoen. Zwee Haaptpunkte sollen hei ervirgehuewe ginn.

D'Spezifikatioune vum Outil, dee benotzt gëtt, bestëmmen zwangsleefeg d'Form vum Resultat. Dëse Constat gelt natierlech fir all Format, muss awer bei enger virtueller Ausstellung méi genee ënner d'Lupp geholl ginn, well digital Methoden nach net esou detailléiert ënnersicht goufen.

Den éischten a wichtegsten Aspekt vun dëse Spezifikatiounen am Fall vun 175 Joer Post besteet an der Noutwendegkeet de Bedürfnisser vun der Visualiséierung an de Wënsch vum Zilpublikum Rechnung ze droen. Laang Texter loossen sech nëmme schwéier an en Design abannen. Dofir hu mir missen eng Selektioun vun Inhalter treffen. Bei 175 Joer Post ginn et keng Texter mat méi wéi 100 Wierder an d'Chronologie weist nëmme knapp 150 Evenementer, obwuel een aus historiographescher Sicht sécher méi Daten hätt zeréckbehale kënnen.

Keng komplett Daten

De Problem besteet awer net ëmmer an engem Iwwerschoss un Informatioun. Beileiwe feelen och einfach Donnéeën am analogen Archivbestand. Sou ass den Datensaz zur Entwécklung vun de Reseauen, déi op der Kaart duergestallt ginn, net méi komplett erhal. Sou Lacunne waren awer am Quellcode vum Site net virgesinn.

Den Zäithistoriker, deen sech der digitaler Geschichtsschreiwung unhëlt, ass an der Reegel a sengem traditionelle Geschichtsstudium net op Zesummenaarbecht mat Informatiker virbereet ginn an d'Imperative vu Programmatioun sinn um Curriculum net ze fannen. Esou muss dacks vill Zäit opbruecht gi fir de Kader ze schafen, Zäit déi bei der eigentlecher historescher Recherche da feelt. Am C2DH probéiere mir dës Schwieregkeet duerch en interdisziplinäert Team ze léisen. Historiker an Informatiker schaffen alldeeglech zesummen an entwéckele mat der Zäit effikass Methode vun der Kommunikatioun tëschent den Disziplinnen.

Eng informatesch Erausfuerderung

Den zweete Punkt, deen ee beim Outil a bei der Visualiséierung kritesch analyséiere sollt ass hei och schonn ugeklongen:

Den Ëmgang mat digitalen oder retro-digitaliséierte Quelle verlaangt eng ganz nei Hermeneutik. Am Fall vun 175 Joer Post ass d'Majoritéit vun de Quelle retro-digitaliséiert ginn, also zum Beispill gescannt ginn. Den Utilisateur vum Site huet keen Accès méi op d'Original, mee nëmmen op eng digital Kopie. Dofir muss de Site all néideg Metadaten, Hierkonft vum Dokument, Kontext, etc., déi een normalerweis bei der Consultatioun am Archiv fënnt, renseignéieren an esou eng koherent Analys erlaben. Dëst ze programméieren ass eng weider Erausfuerderung am Austausch tëschent Historiker an Informatiker. 175 Joer Post léist beispillsweis de Problem vum Kontext duerch Verweiser op verwannt Dokumenter an domat d'Interkonnectioun vun de Quellen.

Trotz dëse methodologesche Schwieregkeeten, si mer am C2DH der Iwwerzeegung, datt Geschichtsschreiwung och digital sollt sinn. D'Schwieregkeeten, déi een an der Praxis begéint sinn insoufern keng Hindernisser, mee indispensabel Erfarungen, déi déi eege Reflexioun stimuléieren. Dëst verlaangt awer vum Historiker, seng Aarbecht ëmmer erëm ze hannerfroen. Nëmme wa mer eis den Defie stellen, aus de Feeler an aus de Succès léieren, kënne mer dës nei Form vun der Geschichtsschreiwung weiderbréngen.

An mat dëser kritescher Approche zur Methodologie wiere mer jo erëm beim Kär vum Historikerberuff.