Radioen

On air

Tockcity  |  bdrmm - Be Careful

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2. August 1980, 10:25 Auer

Zäithistoriker

2. August 1980, 10:25 Auer

Den 2. August 1980 um 10:25 Auer explodéiert am Wartesall vun der Gare zu Bologna eng Bomm, déi 85 Mënschen ëmbréngt. Den Zäithistoriker Denis Scuto kuckt zeréck op d'Attentat, op iwwer 30 Joer Prozesser an op d'Lienen zu Lëtzebuerg.

auto_stories

7 min

Eis Vakanz dëse Summer an Italie war anescht wéi déi Jore virdrun. Net nëmmen wéinst dem Coronavirus. Och well déi lescht zwee Deeg dovun net d'Erhuelung am Virdergrond stoung, mee d'Besënnung. Den 2. August 2020 war de 40. Anniversaire vum schlëmmsten Attentat an der Nokrichsgeschicht vun der italieenescher Republik. Den 2. August 1980, um 10:25 Auer, explodéiert am Wartesall vun der Gare vu Bologna eng Bomm. 85 Mënsche ginn ëmbruecht, iwwer 200 ginn zum Deel uerg verletzt. D'Affer sinn haaptsächlech vun italieenescher Nationalitéit, mee ënner hinne sinn och däitsch, franséisch, Schwäizer, englesch, spuenesch a japanesch Touristen an Touristinnen.

Den Horst Mäder, en däitschen Eisebunner vu 36 Joer aus Haselhorn bei Minden an Nordrhein-Westfalen, huet mat senger Famill op d'Zuchkorrespondenz gewaart, déi si heem sollt bréngen no enger Vakanz un der Riviera. Seng Famill, dat ware seng Fra Margret, 39 Joer, an d'Kanner Holger, 16 Joer, Eckhardt, 14 Joer, a Kai, 8 Joer. Et war déi éischt Vakanz iwwerhaapt am Ausland, déi dës Famill sech gegënnt huet. Well si zwou Stonnen Openthalt zu Bologna haten, hu si sech am Wartesall installéiert. D'Mamm, den Eckhardt an de Kai souzen zesummen op enger Bänk, den Holger e puer Meter méi wäit. Den Horst huet do decidéiert si géife bis an den Zentrum goen. Fir d'éischt wollt hien awer d'Wallisse consignéieren. Hie war knapps eraus aus dem Wartesall, do ass d'Bomm explodéiert. Nëmme liicht verletzt wollt hien zeréck bei seng Famill, mee do waren nëmmen nach Trümmeren. Et ass him gelonge vun enger anerer Säit an den zerstéierte Wartesall eranzekommen. Hien huet geruff an ugefaangen ze gruewen. Den Holger huet nach gelieft, schwéier verletzt, säi Papp huet hie mat den eegenen Hänn ausgebuddelt. Duerno huet hien déi aner fonnt, allen dräi dout an huet d'Bewosstsi verluer.

Strategia della tensione

Dëst Attentat hat mech deemools aus verschiddene Grënn besonnesch schockéiert. Éischtens well dës Zort Attentat, op italieenesch Strage, "Massaker", wéi de Philosoph Norberto Bobbio et ausdréckt, "vun alle kriminellen Aktiounen déijéineg ass, déi dem radikale Béisen am nooste kënnt: et ass dat gréisste Verbriechen, e Mord, dee sech bewosst géint eng Abberzuel Onschëlleger riicht". Zweetens well ech 1980, am Alter vu bal 16 Joer, fir d'éischte Kéier eleng mam Zuch op Roum bei meng italieenesch Famill gefuer sinn. A mengem Abteil waren haaptsächlech Jonker, Onbekannter, eng israelesch Fra an eng belsch Koppel, mat deenen ech iwwer Gott an d'Welt diskutéiert hunn. Drëttens sinn ech den 1. August, den Owend virum Attentat, hannen op der Vespa 125 vu mengem Cousin Alessandro mat him vun der Insel Elba op Roum zeréckgefuer. Dat war meng éischt Rees mam Moto, an et huet mech impressionéiert, datt déi aner Motocyclisten eis zwee Onbekannte gewénkt hunn. "Aux amis inconnus de Bologne" war d'Iwwerschrëft vum Gedicht, dat ech zu Éiere vun den Affer vum Attentat am Oktober 1980 an eiser Escher Jugendzeitung De Kregéilert verëffentlecht hunn.

D'Attentat vu Bologna war déi uechte Strage an enger Serie vu Massaker, déi extreemriets Terroristen am Kader vun der sougenannter Strategia della tensione verbrach hunn, déi de politesche System an Italie wollt destabiliséieren an zerstéieren. Ugefaangen huet et 1969 mat Bommen an Zich an um Pavillon Fiat vun der Foire zu Mailand. Am mäerdereschsten nieft Bologna waren d'Attentater an der Banca nazionale dell'Agricoltura zu Mailand (Piazza Fontana) 1969, 17 Doudeger, iwwer 80 Verletzter, géint den Zuch Italicus 1974, 12 Doudeger, iwwer 150 Verletzter, a géint eng gewerkschaftlech Manifestatioun zu Brescia och 1974, 8 Doudeger an iwwer 100 Verletzter. 1974 goungen och d'Entféierungen an d'Morden op de Konto vun de lénksextreemen Terroristen vun de Brigate rosse un, geriicht géint Industrieller, Magistraten a Politiker, iwwer 80 Affer vun 1974 bis 1988.

Um internationale Plang flaamt 1979-1980 an engems de Kale Krich nees op mam Amarsch vun der Rouder Arméi an den Afghanistan an dem NATO-Doppelbeschluss fir Mëttelstreckerakéiten a Westeuropa ze stationéieren. 1980 féieren d'NATO an dem Gaddafi säi Libyen en net deklaréierte Krich am Loftraum iwwer dem Mëttelmier. Mat hirem Liewe bezuelen dëse Krich déi 81 onschëlleg Passagéier vum DC9-Fliger vun der Gesellschaft Itavia, deen de 27. Juni 1980, ee Mount virum Attentat, (och schonns) vu Bologna start, deen iertemlech fir e libesche Fliger gehale gëtt, vun enger warscheinlech franséischer Loftrakéit an dräi Stécker zerrappt gëtt an an d'Mier bei der Insel Ustica viru Sizilie fält. 33 Joer hunn d'Famille vun den Affer misse kämpfe bis zwee Geriichtsurteeler dëst am Joer 2013 festgehalen hunn.

Fir d'40 Joer vum Attentat vu Bologna si meng Fra an ech dem Opruff vun der Associazione tra I Familiari delle Vittime della Strage della Stazione di Bologna del 2 Agosto 1980 nokomm an hunn un der Gedenkzeremonie deelgeholl, ënner dem Motto "Bologna non dimentica", bei där d'Gare ëmbenannt gouf a "Bologna Centrale - 2 agosto 1980".

Lienen op Lëtzebuerg

Där Associatioun, der Stad Bologna an e puer couragéise Magistraten ass et ze verdanken, datt et no dësem Attentat anescht goung wéi bei den Attentater virdrun, wou all d'Verdächteg fräigesprach goufen. 1988 goufe véier vun de Bommeleeër, alleguerten Militante vun neofaschisteschen Organisatiounen, zu liewenslänglecher Haft verurteelt. Niewent hinne goufen déck Déieren aus dem Staatsapparat oder mat Lienen zum Geheimdéngscht verurteelt, well si falsch Piste geluecht hunn (Depistaggio genannt, an Italien en Delikt, zu Lëtzebuerg nach net). Ënner hinnen ee Colonel vum italieenesche Militärgeheimdéngscht, zwee weider Geheimdéngschtagenten an, de bekanntsten ënner hinnen, de Licio Gelli, Groussmeeschter vun der geheimer faschistescher Loge P2 (Propaganda Due). Hien huet d'Suen ofgezweigt vum vatikanesche Banco Ambrosiano - eng Bank, déi 1982 Faillite mécht an d'Bankeplaz Lëtzebuerg an en internationale Skandal mat eranzitt. Mat dëse Suen huet den Gelli Attentater a politesch Morde finanzéiert, mee hie war och ee vun de Matbegrënner vun der antikommunistescher paramilitärescher Struktur Gladio an Italien.

Am Appellprozess 1989 ginn d'Bommeleeër fräigesprach, wärend d'Peine fir d'Depistatori wéi de Licio Gelli vun zéng op dräi Joer reduzéiert goufen. Nach sechs Joer méi spéit, 1995, confirméiert de Kassatiounshaff awer d'Verurteelung vun zwee vun de Bommeleeër. D'Associatioun vun de Victimmen huet sech net ginn an déi nächst Prozesser brénge weider Bommeleeër, mee och d'Mandante viru Geriicht. Provisoreschen Ofschloss ass dëst Joer, 2020, d'Verurteelung zu liewenslänglecher Haft vun engem weideren Exekutant vum Massaker, Gilberto Cavallini, souwéi en neie Prozess géint den Neofaschist Paolo Bellini, deen 1992 fräigesprach gi war an deen, bal 40 Joer nom Attentat, op engem Super 8-Film vun engem däitschen Tourist den 2. August 1980 op der Gare zu Bologna kuerz no der Explosioun vun den Enquêteuren identifizéiert gouf. Weider fréier héich Offizéier kréien am Moment och de Prozess gemaach.

D'Lëtzebuerger Enquêteuren hunn dës Pist net seriö geholl

Virun allem sinn an den aktuelle Prozesser d'Piècen opgetaucht, déi beweisen, datt de Licio Gelli dat Attentat direkt mat de Sue vum Banco Ambrosiano finanzéiert huet: D'Kontobicher vum Gelli beweisen, datt d'Bommeleeër eng Millioun Dollar kruten als Acompte am Juli 1980. Weider véier Milliounen Dollar goufen nom Attentat opgedeelt tëschent de Bommeleeër a Membere vun der Geheimloge P2 fir falsch Pisten ze leeën (Palästinenser oder Libyer wieren et gewiescht oder awer Membere vun de Brigate rosse mat der Rote Armee Fraktion asw.).

De Licio Gelli huet e puer Joer nom Attentat vu Bologna ganz legal zu Lëtzebuerg an der Stater Ënneschtgaass gelieft, an zwar vun 1984 bis 1986. Dat ware grad déi Joren, wou och zu Lëtzebuerg Bommeleeër aktiv waren a wou 1986 zu Lëtzebuerg - eng zweete Kéier no 1983 - e Kongress vun der World Anti-Communist League (WACL) ofgehale gouf, mam Licio Gelli a mam Stefano delle Chiaie, Chef vun der neofaschistescher Organisatioun Avanguardia nazionale a Klaus Barbie-Frënd, deen an eng ganz Rei Attentater vun den 1960er bis 1980er Joren an Italien an a paramilitäresch Aktiounen uechter d'Welt verwéckelt war. Den 2004 verstuerwenen LSAP-Deputéierte Marc Zanussi hat der Regierung 1999 Froe gestallt zu den Zesummenhäng tëschent Licio Gelli, Gladio an den Attentater vun 1984 bis 1986 zu Lëtzebuerg. Hie krut ni eng richteg Äntwert drop. An d'Enquêteure schéngen dës Pist bis elo ni seriö geholl ze hunn. Esou wéi wann déi Attentater an engem politesche Vakuum an net an engem weltwäite Kale Krich stattfonnt hätten.

Den 2. August dëst Joer, wärend der ergräifender Gedenkzeremonie op der Piazza Maggiore zu Bologna, huet d'Presidentin vum Senat Maria Elisabetta Alberti Casellati, vu Forza Italia, déi ganz Wourecht a Gerechtegkeet an d'Deklassifizéierung vun alle Geheimdéngschtdokumenter gefuerdert. Si sot dat heiten:

"Bologna ass net nëmmen e Geriichtsverfaren. Bologna ass zu engem historeschen Theema ginn. An d'Geschicht schreift een net mat Staatsgeheimnisser, mat Silencen an Omissiounen. D'Geschicht schreift ee mat der onauslöschlecher Tënt vun der Wourecht."