Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - Joe's Garage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2018 relativ vill Beem vum Eichenprozessionsspinner befall

Schiedlech Insekten

2018 relativ vill Beem vum Eichenprozessionsspinner befall

Dëst Joer ginn et relativ vill Beem, déi vum Eichenprozessionsspinner befall sinn. Dat sot d'Marianne Jacobs vun der Naturverwaltung. Dës Päiperleksaart ka beim Mënsch allergesch Reaktiounen ausléisen, wéi zum Beispill Ausschlag oder gereizten Aen oder Otemweeër. Et soll ee virun allem de Kontakt mat der Raup vermeiden.

auto_stories

2 min

Och bei Déiere kann de Kontakt mam Eichenprozessionsspinner allergesch Reaktiounen ausléisen. Dat war de Fall bei der Naki Maas hirem jonken Hond. Deen hätt sou eng Raup am Mond gehat a kuerz drop war d'Gesiicht geschwollen, erzielt si. Si wier direkt mam Mupp an d'Déiereklinik gefuer.

"Seng Zong huet direkt ugefaange schwaarz ze ginn an deelweis ofzestierwen, an den Hals war sou geschwollen, datt si net gesinn hunn, ob hien net vläicht eppes am Hals hätt, Speiseröhre, Luftröhre ..."

Deen Dag duerno hätt och d'Naki Maas selwer Ausschlag gehat. Dat eleng duerch de Kontakt mam Hond.

"Elleng doduerch, datt ech den Hond ugepaakt hunn, sinn déi Hoer, déi hien iwwerall hat, dann och a meng Haut gaangen. An déi hunn dann och Widderhaken an da kënnt dat Gëft do iergendwéi dran."

D'Präsenz vum Eichenprozessionsspinner an eise Géigenden ass kee rezente Phenomen, seet d'Marianne Jacobs vun der Naturverwaltung. Si géifen awer sporadesch a méi grousse Populatioune virkommen. Dëst Joer géif ee méi Fäll uechter d'Land gemellt kréien, wéi an deene leschte Joren, seet d'Marianne Jacobs.

"Et kann awer ganz gutt sinn, datt dat d'nächst Joer erëm abrécht, et kann awer och sinn, datt dat elo nach een, zwee Joer sou weidergeet. Dat kann een net, oder ganz schwéier, virausgesinn."

D'Brennhoer, déi vum drëtten Entwécklungsstadium op der Raup sinn, kënne fortfléien. Duerch d'Anootmen dovunner kënnen asthmatesch Reaktiounen ausgeléist ginn, erkläert d'Marianne Jacobs. Am schlëmmste Fall kéint ee souguer een anaphylaktesche Schock maachen. Op jiddwer Fall soll een d'Raupen net upaken.

D'Raup frësst och, wéi den Numm et seet, d'Blieder vun der Eech, d'Beem géifen awer net doduerch futti goen, sou nach d'Marianne Jacobs.


D'Betty Gillen am Panorama um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow