Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2019 - e Jubeljoer!

Fräie Mikro

2019 - e Jubeljoer!

Virun 100 Joer huet sech esou Munches hei zu Lëtzebuerg gedoen. 2019 sti gläich zwee Jubiläen un, déi ze gedenken an ze feieren et sech lount, mengt d'Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

D'Isabelle Schmoetten schafft fir CID Fraen an Gender.

Am Joer 1919, also viru genee 100 Joer, huet meng Ururboma zesumme mat allen anere lëtzebuergesche Fraen, fir d'éischt an hirem Liewen dierfe wiele goen. 1919, dat ass d'Joer, an dem d'Fraewahlrecht zu Lëtzebuerg agefouert gouf.

Code Napoléon: Fraen hate keng Zivilrechter

Zu dëser Zäit huet nach de Code Napoléon gegollt. Eng erwuesse Fra huet all hir Zivilrechter verluer, soubal si bestuet gouf. Ouni d'Erlaabnis vun hirem Mann konnt eng Fra weder schaffen, nach iwwer hiren eegene Salaire decidéieren. Si huet kee Kontrakt dierfen ënnerschreiwen an och an d'Ausland duerft si just mat Erlaabnis vum Mann.

Bis 1919 stoung dat sougenannt Zensuswahlrecht an der Verfassung: just finanziell gutt situéiert Männer duerfte wielen a gewielt ginn.

Universellt Wahlrecht koum an d'Verfassung

Ufank vum 20. Joerhonnert ass dunn am Kontext vun enger Konstitutiounsreform e sougenannt universellt Wahlrecht diskutéiert ginn. Obwuel zu dëser Zäit och Fraevereenegungen entstane sinn, déi d'Situatioun vun de Frae verbessere wollten, war d'Fraewahlrecht keng vun hiren offizielle Fuerderungen.

Et waren d'Sozialdemokraten, déi sech (mol méi, mol manner aktiv) fir d'Fraewahlrecht agesat hunn. Ee wichtegen Numm an deem Kontext ass dee vun der Marguerite Mongenast-Servais. Si huet sech selwer als Fraerechtlerin bezeechent an huet sech aktiv an Artikelen, Aktiounen a Petitioune fir d'Fraewahlrecht agesat.

Déi éischt Fra am Parlament

Den 8. Mee 1919 huet d'Parlament ouni vill Opreegung fir d'Aféierung vum universelle - inklusiv dem Fraewahlrecht gestëmmt. Déi Liberal waren dogéint. Déi Sozialistesch dofir. Déi Konservativ si matgaangen, awer wuel méi aus strategesche Grënn. Et war nämlech och d'Zäit vu revolutionären an anti-dynastesche Beweegungen an et huet ee sech erwaart, datt d'Frae virun allem riets a pro-Monarchie géife wielen.

Bei de Chamberwahlen am Oktober 1919 konnten d'Fraen da fir d'éischt vun hirem aktiven an och passive Wahlrecht Gebrauch maachen. Op de Lëschte ware véier Fraen (dräi bei de Rouden, eng bei de Schwaarzen). Eng ass an d'Chamber gewielt ginn: d'Marguerite Thomas-Clement. Si ass bis an d'30er Joren déi eenzeg Fra an der Chamber bliwwen, dono waren d'Männer erëm bis an d'60er Joren ënner sech.

Fraen hu mëttlerweil méi Rechter

An deene leschten 100 Joer huet sech vill gedoen. Haut hu Frae méi Méiglechkeete wéi meng Ururboma. Politik a Gesetzer hu sech geännert an dat ass gutt esou.

E Bléck op eis Regierung mat fënnef, an an d'Chamber mat 15 Frae léisst erahnen, datt nach net alles perfekt ass, wann et ëm den aktuellen Zoustand vun der Gläichstellung vun de Geschlechter geet.

Mat wéi enger Haltung gi mir wielen?

Och 2019 ass e Wahljoer. De 26. Mee wiele mir sechs Vertriederinnen a Vertrieder fir Lëtzebuerg an d'Europaparlament. Mat der gesetzlecher hallef-fräiwëlleger Motivatiouns-Quot vu 50 Prozent wäerte wuel déi meescht Parteien et packen dräi Fraen an dräi Männer op hire Lëschten opzestellen. Wiem d'Wielerin an de Wieler dann hir Stëmm a vläicht och hiert Vertraue schenken, paritéitesch oder net, wäert vill vun der Astellung an der Strategie vun de Parteien ofhänken.

A mat wéi enger Haltung a mat wéi engem Gefill gi mir 100 Joer no der Aféierung vum Fraewahlrecht wielen? Si mir eis bewosst, datt de Wahlgang virun der Flicht, virun allem e Recht ass? E Recht, dat et ze schätzen an ze verdeedege gëllt? A missten d'Iwwerleeunge vu virun 100 Joer, wie wisou däerf a soll wiele goen, a ka gewielt ginn, net nach eemol opgegraff ginn, och mat Bléck op all d'Mënschen, déi zu Lëtzebuerg liewen?

Och zu Lëtzebuerg gëtt et nach vill ze dinn

Apropos Rechter. 2019 gëtt et nach e Jubiläum. Déi international Fraerechtskonventioun, genannt CEDAW, feiert hire 40. Gebuertsdag. Och no 40 Joer gi Fraerechter weltwäit nach vill ze vill ignoréiert, banaliséiert a mat Féiss getrëppelt. E Bléck op de leschte Rapport vum CEDAW-Comité, dat onofhängegt Gremium, wat d'Ëmsetzung vun der Fraerechtskonventioun an den eenzele Länner verfollegt, weist, datt mir och zu Lëtzebuerg nach genuch Aarbecht hunn op dësem Gebitt.

A vläicht ass 2019 mat deenen zwee Jubiläe jo och genee dat richtegt Joer fir eng breet gesellschaftlech Diskussioun iwwer déi aktuell Erausfuerderunge vun der tatsächlecher Gläichstellung vun de Geschlechter ze féieren - am Privaten, am Beruff an op gesellschaftlech-representativem Niveau.

An dësem Sënn wënschen ech Iech an eis all e gesond a glécklecht, mee och e feministescht an engagéiert Joer 2019!


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.