Radioen

On air

Tockcity  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 30 Joer no Tschernobyl

Super-Gau

30 Joer no Tschernobyl

Den 26. Abrëll 1986 koum et zu Tschernobyl an der haideger Ukraine an deemoleger Sowjetunioun zur éischter Atomkatastroph an der Geschicht vun der Mënschheet. 8.000 Mënschen kéinte wéinst der Katastrof ëm d'Liewe komm sinn, schätzt d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). Nach haut ass d'Regioun ëm Tschernobyl, besonnesch a Wäissrussland, duerch Radioaktivitéit belaascht.

auto_stories

4 min

Réischt dräi Deeg nom Incident am Reakter 4 vun der Atomzentral vun Tschernobyl, gouf et dem CNA (Centre National de l'Audiovisuel) no, de 29. Abrëll 1986 dës éischt Meldung op RTL: "Nuklearen Tëschefall an der Sowjetunioun. Zu Tschernobyl gëtt et nach ëmmer keng Detailer iwwert d'Ursaachen vum Accident, grad sou wéineg wéi iwwert seng Auswierkungen op d'Populatioun." D'sowjetesch Autoritéiten haten eng restriktiv Informatiouns-Politik an et war duerch Miessunge vu Radioaktivitéit a Skandinavien, datt den Ausmooss vum Ongléck bewosst gouf.

Am Dezember 1990 ass d’Marie-Marthe Bruck vun "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" mat engem éischte Convoi an d’Regioun gefuer fir op der Plaz Hëllef ze leeschten a Medikamenter déi ze knapp waren ze verdeelen. Am Ganze ware si zu 16 Benevoler, déi an d’Ukraine an a Wäissrussland gefuer sinn. Virun allem, esou d’Marie-Marthe Bruck, wieren nom Tëschefall Medikamenter gebraucht ginn. "Ech hunn natierlech Zäit gebraucht fir dat alles ze verschaffen, wéi ech erëm war", esou d'Marie-Marthe Bruck.

Kontaminéiert

Nach haut si Géigenden a Wäissrussland radioaktiv kontaminéiert. Op verschidde Plazen däerfe Mënsche liewen, op anerer awer net, esou d'Marie-Jeanne Hilgert-Schmit, déi d'Organisatioun "Hëllef fir d'Kanner vun Tschernobyl". Eng Organisatioun, déi zu Slawogrod a Wäissrussland aktiv ass. Déi regelméisseg radioaktiv Strahlung, mat deenen d’Kanner an déi Erwuessen nach haut Dag fir Dag konfrontéiert sinn, mécht d’Awunner vu Slawgorod krank: "Schilddrüse-Kriibs a Kriibs vum Verdauungsapparat huet immens vill zougeholl. (...) Anscheinend sinn haut och méi Doutgebuerten", resuméiert d'Marie-Jeanne Hilgert-Schmit. Allgemeng wieren d'Kanner an där Géigend och "méi midd".

Och am Westen gouf gesondheetlech Konsequenze no Tschernobyl nogewisen. 1986 an 1987 goufen et am Verglach zum Joer 1985 däitlech méi Doutgebuerten. Och d’Fäll vu Leit, déi Schilddrüs-Kriibs kruten, ass nom Virfall vum 26. Abrëll 1986 geklomm. Déi radioaktiv Wollek ass also net einfach esou laanscht Lëtzebuerg gezunn.

"Eng verfluchte Plaz"

Den Arno Eschenauer war virun dräi Joer selwer op der Plaz fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. An engem Bësch an der Géigend vun Tschernobyl, déi am meeschte kontaminéiert wier, wieren d'Blieder vun de Beem duerch d'Strahlung Rout ginn an dowéinst nennen d'Awunner de Bësch elo "red forrest", also roude Bësch.

Datt elo en neie Sarkophage iwwert d'Atomzentral vun Tschernobyl gebaut gouf a gëtt, bedauert den Arno Eschenauer. Besonnesch bedauert hien, datt de Kamäin verschwënnt, "e Symbol vum Gau".

Hei Biller vum Danny Cooke virun zwee Joer: