Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 70.000 Lëtzebuerger an den USA am 19. Joerhonnert? Bullshit!

Zäithistoriker

70.000 Lëtzebuerger an den USA am 19. Joerhonnert? Bullshit!

70.000 Lëtzebuerger an den USA am 19. Joerhonnert? Hei gëtt de Solde migratoire mat den effektiven Zuele vun Emigrante verwiesselt, mengt den Denis Scuto. En zweete Feeler bei dëser Ausso vu ronn 70.000 Lëtzebuerger Auswanderer war et, eng relativ an net absolut Zuel, déi sech op d'Verhältnis tëscht Immigratioun an Emigratioun bezitt, komplett der Auswanderung an d'Vereenegt Staaten zouzeuerdnen.

auto_stories

7 min

D'Historiker wéi déi aner Fuerscher kommen sech heiansdo vir wéi de Sysiphus. Zum Beispill wann se mierken, datt Theorien déi zanter Joerzéngte widderluecht sinn, ëmmer nach an allen Zorte vu Medien zirkuléieren.

Eng grouss Resistenz géint Beweiser

Esou hunn ech op 7e, dat war 1976, dat heite missen auswenneg léieren iwwer den Neandertaler: "Er war klein und ging aufrecht, aber nach vorn geneigt, mit schwerfälligen Schritten. (...) Die groben Gesichtszüge und der gedrungene Körperbau lassen auf eine primitive Lebensform schließen." Dëst Bild war deemools scho laang widderluecht gi vun de Spezialisten a staamt aus enger Zäit, virun 100 Joer, wou d'Wëssenschaftler nach vun der reliéiser Iddi vum Mënsch als "Ebenbild Gottes" gepreegt waren. Am Geescht vun där Zäit huet den Neandertaler missen als komplett verschidde vum haitege Mënsch duergestallt ginn, als primitiv, als ausgestuerwen.

Wéi d'Wëssenschaftler sech vun dëse reliéise Virstellunge geléist hunn, huet hire Bléck op d'archeologesch Quellen sech och verännert. Haut ass et net nëmmen erwisen, datt den Neandertaler ganz intelligent war, datt e riicht gaangen ass, datt e fir Kranker a Schwaacher gesuergt huet, nei Techniken an Outilen erfonnt huet a seng Doudeg am Kader vu reliéise Ritualer begruewen huet. DNA-Analysen weisen doriwwer eraus, datt Neandertaler a Cro-Magnon sech vermëscht hunn. Neandertaler a Cro-Magnon, dat si mir. Mëttlerweil steet et och an de Schoulbicher.

Dëst Beispill illustréiert dem Philosoph vum kritesche Rationalismus Karl Popper (1902-1994) seng Thees: Eis Iwwerzeegunge mee och wëssenschaftlech Theorien hunn eng grouss Resistenz géint Beweiser, déi dës Iwwerzeegungen an Theorië kloer widderleeën. Mir wëllen net zouginn, datt Konzeptiounen, déi eis arrangéieren oder déi mer carrement fir ideologesch a politesch Zwecker gebrauchen, an déi de Popper paradigmatesch nennt, falsch sinn.

Solde migratoire ass kee Flux

Mat enger vun dëse paradigmateschen Theesen, mee an dësem Fall zur Lëtzebuerger Geschicht wéilt ech mech haut beschäftegen. Mat aneren Historikerkolleegen a -kolleeginne weisen ech schonns zanter Joerzéngten ouni Erfolleg op d'Falschheet vun dëser Thees hin. Ëmmer nees taucht se an de Publikatiounen an an der Press op.

Verzeit mer dofir, mee ech kann net anescht wéi et dës Kéier ganz krass auszedrécken: Komm mer halen op mat där Quatschtheorie vun de "70.000 Lëtzebuerger Auswanderer an Amerika am 19. Joerhonnert". Dat ass Bullshit!

Déi Theorie gëtt esou resuméiert am Dokumentarfilm vum Christoph Wagner "Luxembourg-USA": "Entre 1830 et 1900, environ 70 000 Luxembourgeois (c'est-à-dire à l'époque plus de 25% de la population du petit Grand-Duché du Luxembourg) immigrent aux Etats-Unis. "

Wéi de Fernand Fehlen an ech selwer net midd ginn ze betounen ass dës Behaaptung einfach falsch, dräifach falsch.

Éischtens gëtt hei de Solde migratoire mat effektiven Zuele vun Emigrante verwiesselt. Wat ass de Solde migratoire? Et ass d'Differenz tëscht der Zuel vu Persounen, déi am Laf vum Joer a Lëtzebuerg erakomm sinn an d'Zuel vun de Persounen, déi den Territoire verlooss hunn. Déi Statistik gëtt et zënter 1840 zu Lëtzebuerg. Tëschent 1840 an 1895 verloosse ronn 70.000 méi Persounen d'Groussherzogtum wéi der erakommen. Dëse Solde ass kee Flux, dëse Migratiounsdefizit vu 70.000 Persounen iwwer ronn 50 Joer weist just, datt Lëtzebuerg virun allem en Auswanderungsland war. Doriwwer eraus handelt déi Statistik vun de Persounen um Lëtzebuerger Territoire, onofhängeg vun der Nationalitéit. Éischte Feeler.

Net jiddereen ass an d'USA gaangen

Zweete Feeler: Déi Zuel vu ronn 70.000, ech widderhuelen, eng relativ an net absolut Zuel, déi sech op d'Verhältnis tëscht Immigratioun an Emigratioun bezitt, gëtt komplett der Auswanderung an d'Vereenegt Staaten zougeuerdent. Wat komplette Quatsch ass. D'Majoritéit vun de Leit déi am 19. Joerhonnert Lëtzebuerg verloossen, emigréieren net an d'USA, mee ginn a Frankräich, an d'Lorraine, Champagne an op Paräis a seng Viruerter. An dëser Statistik ginn och all déi gezielt, deenen hir Migratioun eng saisonal Wanderung ass. Zum Beispill déi vill Doléiner an Doléinerinnen, déi fir d'Recolten an d'Lorraine an an d'Champagne schaffe ginn oder déi Aarbechter, déi un de Fortifikatiounen, un de Grands Travaux vum Hausmann an de Weltausstellungen zu Paräis schaffen.

Komme mer zum drëtte Feeler. E klasseschen Denkfeeler. Déi Zuel vu 70.000 déi beim Christoph Wagner e Solde vu 70 Joer duerstellt, gëtt gedeelt mat der Populatioun vun engem Joer. Dat féiert zur Behaaptung, datt méi wéi ee Véierel vun der Populatioun vum Land, déi 1900 bei ronn 235.000 Persoune lung, an Amerika ausgewandert wier. Dat ass scho Quatsch wann een sech op de Solde migratoire bezitt. Dee misst een natierlech net duerch ee Joer, mee duerch d'Gesamtzuel vun de Joren dividéieren. Da kënnt een op e Solde migratoire vun 1.000 pro Joer.

Pro Joer ass dat e Prozentsaz vun 0,5 Prozent vun der Bevëlkerung deen auswandert, an dat, wéi ech scho betount hunn, net haaptsächlech an Amerika an ouni ze wësse wéi héich de Prozent vu saisonal Migratiounen an deem Solde ass. Schlussendlech, wann ee wéilt Migratiounszuele mat der Bevëlkerung vergläichen, misst een natierlech och de Solde naturel, dat heescht d'Differenz tëscht de Gebuerten an de Stierffäll berécksiichtegen. An deen ass am Géigesaz zum Solde migratoire positiv am 19. Joerhonnert.

Zuelen aus de Volkszählungen

Interesséiere mer eis elo fir d'Statistiken, déi am 19. Joerhonnert selwer gemaach goufen, déi op historesche Quelle beroue respektiv aus den amerikanesche Volkszählungen ervir ginn. An den Exposés sur la situation administrative du Grand-Duché aus den 1840er Jore liese mer, datt vun 1843 bis 1847 Päss fir 1.278 Auswanderer no Amerika ausgestallt goufen. Dat si ronn 250 Persoune pro Joer. Vun 1870 bis 1880 gi 4.531 Lëtzebuerger vun der Immigratiounskommissioun vum Hafe vun New York enregistréiert, also ongeféier 400 pro Joer.

Den Änder Hatz aus dem Nationalarchiv huet opgrond vun engem detailléierten Inventaire vun de Regësteren zum Mouvement de la population vun de Gemengen erausfonnt, datt tëschent 1876 an 1900 am Ganzen 10.126 Persounen hir Emigratioun an d'USA deklaréieren. Dat confirméiert déi Zuel vu ronn 400 Persoune pro Joer. Vun deenen 10.126 Persoune sinn der méi wéi 10 Prozent, 1.140 zeréckkomm, also remigréiert. Och d'Amerikaauswanderung war fir vill net definitiv.

Statistiken, déi op de Zuele vun den Emigratiounsagenture baséieren, rezenséieren tëschent 1904 an 1922 8.395 Emigranten an d'USA, also 275 pro Joer, an 1.475 Emigranten tëschent 1923 an 1953, also 60 Persoune pro Joer.

Déi amerikanesch Volkszählungen, déi vum Gebuertsland ausginn, ernimme 5.802 Lëtzebuerger fir 1870 an 12.836 fir 1880. Dat confirméiert déi Zuel vun 200-400 Auswanderer pro Joer iwwer d'19. Joerhonnert, eng Zuel déi am 20. Joerhonnert progressiv erofgeet. 70.000 Lëtzebuerger an den USA am 19. Joerhonnert? Bullshit.

Déi falsch Zuele schläiche sech zanter den 1980er an

Komme mer zum Schluss zum Historiographie. D'Zuel vu 70.000 fanne mer nämlech net bei den Historiker, déi sech mat der Amerikaauswanderung beschäftegt hunn. Den Nicolas Gonner, deen 1866 an d'USA emigréiert an zu Dubuque am Iowa déi klerikal Luxemburger Gazette erausgëtt, schwätzt a sengem Wierk vun 1889, Die Luxemburger in der Neuen Welt, vun 23.900 Lëtzebuerg an den USA fir 1880. Eng schonns iwwerdriwwen Zuel, mee wäit ewech vun de 70.000.

De Joseph Hess a sengem Kapitel zur Auswanderung am Livre du Centenaire vun 1939 berifft sech op de Gonner mee gëtt keng Gesamtzuel un. De Rosch Krieps a sengem Buch Luxemburger in Amerika vun 1962 schwätzt vun 39.000 Lëtzebuerger Auswanderer fir d'ganzt 19. Joerhonnert. Wéi de Fernand Fehlen gewisen huet schätzt d'American Community Survey haut d'Zuel vun Nokomme vun der Lëtzebuerger Immigratioun an d'USA, déi al an déi rezent, op ronn 50.000.

Kee vun den Historiker zur Amerikaauswanderung ernimmt déi Zuel vu 70.000, well et sech nämlech em d'Deformatioun vun enger demographescher Angab aus dem Gilbert Trausch sengem Manuel d'histoire luxembourgeois vun 1975 handelt. Och hie verwiesselt de Solde migratoire mat den Zuele vun der Auswanderung a kënnt zur Conclusioun datt 72.000 Lëtzebuerger vun 1841 bis 1891 ausgewandert wieren. Mee hie bezitt dee Chiffer op déi gesamt Auswanderung an ass sech bewosst, datt d'Lëtzebuerger a Frankräich, 40.000 am Joer 1890 no den offizielle Volkszählungen, déi gréisste Communautéit duerstellen.

Dës Zuel vu 70.000 gëtt vun den 1980er Joren un ëmmer nees fälschlecherweis op d'Amerikaauswanderung bezunn. Aus politesche Grënn. Dës artificiell gonfléiert Zuele ginn an den Déngscht gesat vun nationalistesche memoriellen an identitäre Geschichtspolitiken. Héich Zäit domat opzehalen an am Géigendeel wëssenschaftlech historesch-kritesch Recherchen zu de ville Lëtzebuerger Emigratiounen ze ënnerstëtzen.

So please: Let's stop this bullshit!