Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A propos...

Zäithistoriker

A propos...

Den Zäithistoriker Denis Scuto wonnert sech driwwer, datt de Service Information et Presse vun der Regierung eng Geschicht vu Lëtzebuerg an dräi Sproochen diffuséiert, déi d'Erkenntnisser aus der historescher Fuerschung vun de leschte Joren a Joerzéngten einfach ignoréiert.

auto_stories

8 min

Denis Scuto

De Centenaire vum Éischte Weltkrich huet, mat Verspéidung, och zu Lëtzebuerg zu engem gréisseren Interêt fir déi Period geféiert. Dat Ganzt huet sech och an engem Méi vu Fuerschungen, Publikatiounen an Ausstellungen zu deem Thema niddergeschloen.

Am Beräich vun de Fuerschunge sief hei fir d'éischt eng Rei Bachelor- a Masteraarbechten op der Uni Lëtzebuerg ernimmt: déi vum Joé Bellion iwwer d'Lëtzebuerger an der franséischer Arméi, vum Leo Elcheroth iwwer d'Lëtzebuerger an der däitscher Arméi, vum Moh Hamdi iwwer d'Lëtzebuerger Stolindustrie, vum Jim Carelli iwwer Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen a franséische Internéierungslager vun 1914 bis 1920, Prix Robert Krieps, eng Aarbecht, déi als Buch elo am Dezember erauskënnt. Publikatioune wéi d'Kollektivwierk vun der Uni Lëtzebuerg zu "14-18, Kricher zu Lëtzebuerg", wéi d'Buch zur Ausstellung am nationale Literaturzenter zu Miersch, d'Katalogen zur Ausstellung vu Käerjeng an där am Migratiounszenter zu Diddeleng oder déi digital Ausstellung ww1.lu. Tagebicher, wou natierlech dat vum rouden Dokter Michel Welter, publizéiert vun der Germaine Goetzinger an dem CNL erausstécht. Nei Erkenntnisser fanne mir och a rezente Publikatiounen, déi net déi Period als Haaptthema hunn, wéi déi zu 100 Joer Tageblatt an 100 Joer fräi Gewerkschaften, souwéi an der Dokteraarbecht vum Michel Dormal zu Demokratiséierung an Natiounsbildung zu Lëtzebuerg, op déi ech dono méi genee aginn.

Keng Rücksicht op d'Entwécklung vun der historescher Fuerschung

D'Auteure vun dëse Publikatioune wiere frou, wann d'nei Erkenntnisser vun hiren, dacks jorelaange Fuerschungen och hiren Nidderschlag géife fannen an de Schoulbicher an an alle Medien, déi Wëssen engem gréissere Public zougänglech maachen. Dat brauch dacks seng Zäit. Wéi den Historiker Vincent Artuso, wéi de Journalist Jochen Zenthöfer an anerer kann ech awer net verstoen, datt de Service Information et Presse kierzlech eng Geschicht vu Lëtzebuerg um Internet an dräi Sproochen nei opleet, ouni am geréngsten der Entwécklung vun der historescher Fuerschung net nëmme vum leschte Joerzéngt, mee eigentlech zanter de 1970er Joren, Rechnung ze droen. Erlaabt mir dat um Beispill vun der Behandlung vum Éischte Weltkrich ze illustréieren.

Ganz dräi Abschnitter ass dës Epoch vun der Lëtzebuerger Geschicht vu Lëtzebuerg der Publikatioun wäert mam Titel "A propos". Woubäi een Abschnitt, deen drëtten, de Verglach mat Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich mécht. Wat eis verréit, datt et eigentlech an där Geschicht guer net ëm 14-18 geet, net ëm de sougenannte "klenge Krich", mee natierlech ëm dee "groussen", deen zu Lëtzebuerg, ech zitéieren, duerch "e remarquablen Elan vun nationaler Solidaritéit" gepräägt war, während am éischte Krich "d'Land duerch gravéierend intern Konflikter gekennzeechent war".

Akkomodatiounspolitik amplaz Neutralitéit a Protest

Klenge Krich-grousse Krich. Éischten Erzielstrang. Zweeten Erzielstrang: Lëtzebuerg als Victime. Am éischten Abschnitt gi mir gewuer, datt dat klengt Land ëmmer a Gefor war a 14-18 vum groussen däitschen Noper militäresch besat gouf, datt et protestéiert huet an u senger strikter Neutralitéit festgehalen huet. All déi Aarbechten, déi an de leschte Jore publizéiert goufen, mee och déi lescht Schrëfte vum Gilbert Trausch zeechnen en anert Bild, wou Lëtzebuerg net nëmmen passiivt Affer ass: D'Protester vun der Regierung ware platonesch, eng Akkomodatiounspolitik mam däitschen Okkupant gouf en Place gesat, d'Neutralitéit war alles anescht wéi strikt, wat d'Produktioun vun der Stolindustrie, wat d'Notzung vun der Eisebunn, wat d'Behandlung vu franséischen a belschen Diplomaten am Géigesaz zu däitschen, wat den Empfang vum däitsche Keeser an anere Gréisste betrëfft. Grad dofir gouf Lëtzebuerg och vun alliéierter Säit attackéiert a Form vun iwwer 100 Bombardementer.

Zwou Publikatiounen bréngen nei Erkenntnisser grad zu engem vun deene Punkten. A sengem Tagebuch wonnert sech de Michel Welter, a mat him déi Stater Bevëlkerung vun deemools, datt de Kaiser net nëmmen eemol empfaange gëtt, mee praktesch am Palais am September 1914 an- an ausgeet. A sengem Buch "Der Abschied des Hofbibliothekars" erzielt de Literaturwëssenschaftler Gast Mannes wéi hien um Haff als Bibliothecaire erausgeheit gouf, well hie Beweiser vun de sëlleche Visitte vum Wilhelm II. beim Marie-Adelheid fonnt hat.

Faktuell Feeler an Omissiounen

Am Géigesaz zu deem, wat mir op luxembourg.public.lu erzielt kréien, denoncéieren d'Alliéiert nom Krich net déi strikt Neutralitéitspolitik vu Lëtzebuerg. Si kritiséiren, iwwregens schonn am Krich, datt Regierung a Grande-Duchesse a villen Hisiichte sech grad net neutral verhalen.

Zweeten Abschnitt: Lëtzebuerger als Victimmen. Hei kréie mir erzielt, wéi d'Bevëlkerung ënner der Liewensmëttelnout, der Inflatioun an der Spekulatioun gelidden huet. Wat stëmmt. Datt och hei d'Fiktioun vun der Neutralitéit, wéi de Katalog zur Käerjenger Expo et formuléiert, eng grouss Roll gespillt huet, gëtt ënnerschloen. De Rescht vun deem Abschnitt ass duerch faktuell Feeler a weider Omissioune gekennzeechent. Déi éischt Aarbechtergewerkschafte goufe schonn um Enn vum 19. Joerhonnert gegrënnt. Déi éischt Stolaarbechtergewerkschaften entstinn net 1916, mee 1903. An de Streik vun 1917 gouf niddergeschloen, net nëmme vun der däitscher Arméi, well déi konnt op d'Ënnerstëtzung vum lëtzebuergeschen an däitsche Patronat a vun der Lëtzebuerger Regierung zielen. Lëtzebuerg a Lëtzebuerger als Victimmen, Däitschland an Däitscher als Täter? Schéi wier et, wann et esou einfach wier.

Drëtten Abschnitt: Wéi scho gesot, weess een als Lieser hei net, ob et ëm deen éischten oder deen zweete Krich geet. Vun der Annexioun vu Lëtzebuerg a vun "endgültigem Sieg" gëtt schonn a Bezuch op 14-18 geschwat. Virun allem gëtt deen Zweete Weltkrich, nees mam Topos vum Affer, dës Kéier vum däitschen Naziregime, an och vum Held, mat der Betounung vum Widderstand géint d'Ënnerdréckung, gëtt dee Krich als national an natiounbildend duergestallt an deen Éischten als de Géigendeel.

Och den Éischte Weltkrich war natiounsbildend

Spéitstens hei mierkt een, datt déi lescht Joerzéngte Geschichtsfuerschung am allgemengen, souwéi déi rezent Publikatioun vun de Resultater vun där Recherche am Kader vum Centenaire vu 14-18 einfach ignoréiert ginn an deem Text op luxembourg.public.lu. Den Éischte Weltkrich ass nämlech en zentrale Moment an der Natiounsbildung.

De Vincent Artuso huet d'lescht Woch ënnerstrach, wéi den Honger zur Hiewan vun der Lëtzebuerger Natioun ginn ass, andeems hien d'Aarbechterschaft dozou bruecht huet, wichteg sozial Rechter an a vun deem Staat ze revendiquéieren an ze kréien, déi se an d'Natioun integréiert hunn. Dës Erkenntnis geet aus de sëlleche Fuerschungen iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Aarbechterbeweegung zanter de 70er Joren ervir.

De Michel Dormal, Spezialist an der Geschicht vun der Demokratie, weist a senger Dissertatioun, déi iwwregens och op de Fuerschungen vun de leschte Joerzéngten opbaut, wéi et matten am Éischte Weltkrich an direkt dono zu enger Integratioun vun Aarbechter, Baueren a Fraen an déi national Rechtsgemeinschaft kënnt, ë. a. iwwer d'Wahlrecht an d'Verfassungsreform. An domat och zur Schafung vun enger Lëtzebuerger Natioun.

A sengem Buch "Politische Repräsentation und vorgestellte Gemeinschaft. Demokratisierung und Nationsbildung in Luxemburg (1789-1940)", dat d'lescht Joer erauskoum, konzentréiert hie sech op innepolitesch Entwécklungen amplaz aussepolitesch Bedroungsszeenarien a raumt domat mat 100 Joer ale Mythe vun der konservativer Geschichtsschreiwung op.

De Michel Dormal stellt an deem Zesummenhang ë. a. zwou iwwerzeegend Theesen op: 1. Am an zum Schluss vum Éischte Weltkrich setzt sech zu Lëtzebuerg am politesche Kampf de Prinzip vun der Souveränitéit vum Vollek an net méi vum Monarch duerch. D'Vollek als Gemeinschaft vu Gläichen an net méi ee vun der Gesellschaft onofhängege Monarch ass de Souverän. 2. D'Virstellung vun enger Lëtzebuerger Natioun kritt am politeschen Discours eng fundamental Bedeitung, net trotz, mee wéinst de ville politeschen a soziale Konflikter an Debaten am Éischte Weltkrich.

Legitimatiounskris vun der Monarchie

De Politikwëssenschaftler fuerdert eis op ze hannerfroen, wat de Konflikt tëschent der Groussherzogin Marie-Adelheid an der Regierung respektiv dem Parlament, wat d'Virwërf iwwer hir ze grouss Proximitéit zum däitsche Keeser historesch bedeiten. Et geet hei eigentlech net ëm eng individuell an tragesch Geschicht vun enger jonker Herrscherin. Déifgrënneg spëtzt sech am Éischte Weltkrich d'Legitimatiounskris vun der Monarchie zou. Grad am Revirement vun der kathoulescher Rietspartei an der Verfassungsfro 1918 iwwer den Artikel 32 vun der Puissance souveraine kann een dat gutt novollzéien. Bis dohinner hat d'Droite argumentéiert, datt d'souverän Gewalt net vum Vollek géif ausgoen, mee vun den internationalen Traitéen, also de Groussmuechten, déi Lëtzebuerg seng Onofhängegkeet an seng Dynastie ginn hätten. De Monarch géif iwwer der Gesellschaft an de Bierger stoen. Mee nodeems se zweemol op där Fro an der Chamber iwwerstëmmt goufen an am November 1918 an Däitschland d'Republik ausgeruff a se zu Lëtzebuerg op der Strooss gefuerdert gëtt, iwwerhuelen déi kathoulesch Unhänger vun der Monarchie eng national an demokratesch Rhetorik fir d'Monarchie zu Lëtzebuerg ze retten.

"La puissance souveraine réside dans la nation"

Wéi de Jacques Maas et virun zwou Woche an senger Chronik gewisen huet, kënnegt d'Regierung den 11. November 1918, een Dag nodeems Demonstratiounen an der Stad an zu Esch d'Ofschafung vun der Monarchie gefuerdert hunn, d'Ofhale vun engem Referendum un. Den 12. November erkläert d'Rietspartei sech d'accord mat der Verfassungsformel "La puissance souveraine réside dans la nation". Manner wéi zwee Méint drop dankt d'Groussherzogin Marie-Adelheid of. Nach de 14. Juni 1918 hat d'Grande-Duchesse proklaméiert, datt de Prinzip vun der Vollekssouveränitéit "mit den den Bestand des Großherzogtums verbürgenden Verträgen und infolgedessen mit dem wahren Interesse des Landes in Widerspruch steht" (Memorial Nr 31, 14.6.1918, S. 613-615). Den 9. Januar 1919 erklärt d'Marie-Adelheid bei hirer Ofdankung si wéilt "(dem Luxemburger Volk) ermöglichen, den von ihm frei gewählten Einrichtungen die dauerhafte Grundlage zu verleihen, welche sich aus der Solidarität und der Verantwortlichkeit aller Bürger ergibt" (Memorial Nr. 5, 18.1.1919, S. 65-66: Abdankung I. K. H. der Großherzogin Maria-Adelheid).

Pyrrhussieg

Wéi de Michel Dormal schreift, kann een déi Ofdankung vum Marie-Adelheid dofir och als "Pyrrhussieg" gesinn. Éischtens verléieren d'Republikaner doduerch hiert Feindbild. An de klore Vott fir hir Nofolgerin Charlotte am Referendum vu September 1919 féiert zweetens dozou, datt d'Droite d'Argumentatioun ëmdréit an elo d'Republikaner, déi sech virun de Monarchiste fir d'Souveränitéit vun der Natioun staark gemaach haten, als Feinde vum Vollekswëllen vun der Demokratie an domat och vun der Lëtzebuerger Natioun duergestallt ginn.

Mee dat ass eng aner Geschicht op déi mir am Detail am neie Joer 2019, och e wichtegt Kommemoratiounsjoer, wäerten zeréckkommen.