Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Crinan Wood - In Your Room

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A wat ass dann elo dës Welt? E grousst Wierk feiert 200 Joer

Prisma

A wat ass dann elo dës Welt? E grousst Wierk feiert 200 Joer

1819 gouf dem Philosoph Arthur Schopenhauer säin Haaptwierk "Die Welt als Wille und Vorstellung" fir d'éischt verëffentlecht. Mat dësem Wierk wollt de Philosoph no eegener Ausso der Welt just en eenzegen Gedanken matdeelen. Lo stellt sech natierlech d'Fro, wat dat dann fir e Gedanken ass, an ob mer gutt 200 Joer méi spéit ëmmer nach kënnen eppes fir eis doraus zéien?

auto_stories

6 min

Den Arthur Schopenhauer huet vu 1788 bis 1860 gelieft. Foto: picture-alliance / dpa

En eenzege Gedanke matdeelen, an dat op iwwer Dausend Textsäiten - dat ass zumindest dem Arthur Schopenhauer seng ugekënnegt Absicht. De Philosoph seet selwer a sengem Virwuert, datt hie kee méi e klenge Wee fonnt huet, wéi eben dat ganzt Buch. Allerdéngs seet hien eis awer zu kengem Zäitpunkt a sengem Wierk, datt dat do elo deen "ee Gedanken" ass. A vläicht ass dat, wat hien der Welt wollt soen och net ganz esou a Wierder matzedeelen.

Wat ass dës Welt?

Dem Schopenhauer seng Ausgangsfro ass, wat dann dës Welt ass, an där mir liewen. Dobäi wëllt hien awer net erausfannen, wie se erschafen huet a firwat se esou ass, well dat féiert senger Meenung no just zu Spekulatiounen. Hie gesäit seng Aufgab als Philosoph just doranner, en geneet Bild vun der Welt a Wierder duerzestellen. Genee esou wéi de Kënschtler d'Welt nozeechent oder soss a Form vun engem Konschtwierk nostellt. De Schopenhauer gëtt allgemeng ëmmer erëm als Pessimist a Weltnörgler bezeechent, an esou kann ee sech jo schonn denken, datt seng Äntwert net grad esou positiv wäert ausfalen.

D'Welt ass voller Sträit, Haass, an et herrscht iwwerall Krich. An esou ass d'Liewe Leiden. Lauschtert een elo, wat alles esou an der Welt geschitt oder geschitt ass, da kann een net direkt soen, datt dat alles guer net wouer ass. Mee awer - wollt de Philosoph eis just dat do a Form vun esou engem ëmfangräiche Wierk matdeelen? Natierlech net.

Zwar kënnt de Schopenhauer effektiv zum Schluss, datt iwwerall Leed an der Welt herrscht, mee hie fënnt och d'Ursaach dovun a probéiert duerzestellen, wéi een deem Leed da kann entkommen. Dobäi betount hien awer ëmmer erëm, datt hien net - wéi esou dacks aner Philosophen - iergendwellech Virschrëfte mécht, wéi ee säi Liewe féiere soll oder muss.

D'Welt ass voller Leed

D'Wuerzel vum Iwwel läit fir hien am Wëllen, dee sech an all Liewensform, dat heescht an der ganzer Welt, manifestéiert. Esou strieft all Liewewiesen duerno seng Aart a sech selwer um Liewen ze erhalen a wëllt seng eege Bedierfnesser esou vill wéi méiglech befriddegen. Allerdéngs hu mir ëmmer erëm nei Bedierfnesser a Wënsch. An hu mer déi eng gestëllt, da si mer net méi zefridden a wëlle gläich eppes anescht oder ëmmer méi. A well jiddwereen dat wëllt, kënnt et zu Konflikter, Sträit, Haass a Béisaartegkeet.

Eist eegent Wuel steet iwwer deem vun deenen aneren. Dobäi si mir awer all just Ausdrock vun deem Wëllen. An esou gesi gëtt et keen Ënnerscheed tëschent eis, a mir hunn deemno kee Grond, eis iwwer déi aner ze stellen an eis méi wichteg ze huelen.

De Mënsch ass vum Wëlle gedriwwen

Mee elo mol ofgesi vum Ëmgang mat anere Liewewiesen. Wou fanne mer de Wëllen an eis selwer an an eisem Alldag? Wat dreift eis un am Liewen, wat bereet eis Leed a wat Freed?

Natierlech hu mer eis primär Bedierfnesser, wéi iessen an drénken. Mee wat genee ass et ausserdeem, wat eis dozou beweegt, all Dag opzestoen, eventuell am Stau ze stoen, schaffen ze goen, all eis Flichten ze erfëllen, eisen Hobbyen nozegoen an eisen Dag esou ze liewen, wéi mir et eben tatsächlech maachen? Wat dovu maache mer wierklech gär? A firwat maache mer déi Saachen, déi mer net gär maachen, awer ëmmer erëm?

Et ass net einfach, op all déi Froen eng Äntwert ze fannen. An et kann och zimmlech verdrësslech sinn, sech dës Froen ze stellen. Dofir erëm zeréck zu all deene Saachen, déi mir wierklech gär maachen. Ganz egal wat et ass, déi Saache loossen eis dacks alles ronderëm vergiessen, esou datt mir ganz doranner opginn a just an deem Moment selwer sinn.

D'Befreie vum Leed

Fir de Schopenhauer ass dëst zum Beispill d'Konscht an d'Musek. Mir kennen dat all, wa mer e Lidd lauschteren, dat eis super gefält, dann ass fir ee Moment alles ronderëm eis fort. Dat selwecht gelt fir e Konschtwierk, en Theaterstéck, e Film oder e gutt Buch.

Mee de Schopenhauer geet nach méi wäit a seet, datt och duerch ethescht Handelen eng Befreiung vum Leed méiglech ass. Dëst wa mir Gerechtegkeet ausüben, awer virun allem dann, wa mir aus renger Léift handelen.

Wat hu mer eis dann dorënner virzestellen? Fir de Schopenhauer sinn dat Handlungen ouni déi geréngsten egoistesch Absicht. Also Handlungen, déi mer just fir en anere maachen, Déieren abegraff. Hien nennt dat och Handlungen aus Matleed, well mir eppes maachen, fir datt deen anere kee Leed empfënnt an et him guttgeet.

Mir mussen eis vum Wëlle befreien

Elo kann ee sech froen, firwat da grad d'Konscht, Musek an Handlungen aus renger Nächsteléift eis solle vum Leed befreien. De Schopenhauer erkläert dat esou, datt mir an deene Momenter vun eisem permanente Wëllen a Striewe lassgeléist sinn, ebe well mer just am Moment sinn, alles ronderëm vergiessen oder en anere wéi mir selwer fir eis am Mëttelpunkt steet. Et geet dem Schopenhauer dorëm, datt mir eis vun deem Wëlle befreien. Nom Motto: Wat mer manner wëllen, wat mer och méi erléist kënne sinn. Fir hie si Mënchen an de Kléischter a Yogie dat perfekt Beispill dofir.

Mee heescht dat elo, datt mer all an d'Klouschter solle goen oder Yogie solle ginn?

Nee, well wéi scho gesot, wëllt de Schopenhauer mat sengem Wierk kengem virschreiwen, wéi e säi Liewen ze féieren huet. An dobäi huet hien och selwer a kenger Hisiicht wéi e Mënch oder en Hellege gelieft. Et ass d'Konsequenz vu senger Beschreiwung vun der Welt, déi eben Ausdrock vun engem permanente Wëllen ass.

Mir all striewen duerno, eist Liewen ze erhalen, an datt et eis gutt geet. An dat ass eben net ëmmer de Fall. Esou si mer all verletzlech, kënne krank ginn, sinn och mol traureg oder et passéiert eppes, wat eis aus der Bunn bréngt an eist Liewe verännert. An och iergere mer eis am Alldag iwwer villes a fillen eis mol gestresst.

D'Welt kann och schéi sinn

An awer. Donieft ginn et och all déi Saachen, déi eis all Dag zum Laache bréngen, eis d'Welt ronderëm vergiessen dinn an eis weisen, datt d'Welt och hir schéi Säiten huet.

Vläicht musse mer einfach nach méi esou Momenter an eisen Alldag erabréngen. A vläicht kann eis dem Schopenhauer seng Beschreiwung vun der Welt och zu der Erkenntnis bréngen, datt mer Verschiddenes net esou wichteg sollen huelen. Wat dat schlussendlech ass, wat een als méi oder manner wichteg fir sech erkennt, dat ass jiddwerengem elo selwer iwwerlooss erauszefannen. Et wier wuel ze einfach, wann en "eenzege Gedanke" vun engem grousse Philosoph eis dat mat sengem Wierk endgülteg hätt kënne matdeelen.