Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aarmt Lëtzebuerg

Zäithistoriker

Aarmt Lëtzebuerg

An den Nonzegerjoren hat den deemolege Premier Jean-Claude Juncker virun enger Dräi-Véierels-Gesellschaft zu Lëtzebuerg gewarnt, mat Vue op d'Entwécklung vum Aarmutsrisiko. Wie gemengt huet, déi vun him geféierte Regierungen oder déi vu sengem Nofollger Xavier Bettel géifen alles ënnerhuelen, fir esou eng Entwécklung ze verhënneren, huet sech leider geiert, wéi mer haut feststelle mussen, mengt den Zäithistoriker Denis Scuto.

auto_stories

6 min

Den Zäithistoriker Denis Scuto. Foto: Archiv

2011 koum nieft der Ausstellung mam selwechten Numm am Stater Geschichtsmusée och eng wëssenschaftlech Publikatioun eraus, dirigéiert vum Marie-Paule Jungblut a vum Claude Wey: "Armes Luxemburg? Pauvre Luxembourg?"

A senger Aféierung huet de Claude Wey den Discours analyséiert, deen an allen historesche Syntheesen figuréiert, vum Historiker Albert Calmes bis zum Gilbert Trausch an dem Demograph Georges Als. De Claude Wey resuméiert en esou: "D'un pays pauvre et arriéré à l'Etat le plus prospère d'Europe."

De Wey hat gewisen, datt d'Theema Aarmut an Ausgrenzung als aktuell Problemer eréischt um Enn vun den 1990er Joren an dësen historesche Syntheesen optaucht a just um Rand, well d'Auteuren de Wuelstand als zentral Charakteristik vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Gesellschaft betounen.

Hien zitéiert hei och meng Conclusioun am Buch vun 1998 "Un siècle d'histoire industrielle. Belgique, Luxembourg, Pays-Bas. Industrialisation et sociétés (1873-1973)", geschriwwen mat de belschen Historiker René Leboutte a Jean Puissant:

"Le Luxembourg est un pays riche, certes. Il se pose néanmoins des questions sur ses perspectives d'avenir et n'est pas sans connaître des problèmes de société. Face aux poches de pauvreté, les pays voisins brandissent le spectre de la société des deux tiers. Le premier ministre luxembourgeois, Jean-Claude Juncker, n'hésite pas à parler de la société des trois quarts chez nous."

Vun aarmen zum räiche Land?

E Joer méi spéit, 1999, huet de Gilbert Trausch am Kollektivwierk vum STATEC, "L'économie luxembourgeoise au 20e siècle", an der Aféierung dat heite festgehalen: "Le Luxembourgeois moyen de cette fin de siècle vit beaucoup mieux que ses grands-parents nés aux alentours de 1900. Le nombre de pauvres et d'exclus a considérablement diminué au cours de ces cent ans. Gardons-nous cependant de tout triomphalisme. Qui oserait avancer qu'il n'y a pas de pauvres parmi nous ? Et, comble pour un siècle de progrès, le nombre des exclus n'est-il pas à la hausse depuis une bonne vingtaine d'années ?"

Den Erfolleg vum Land an dëse Syntheesen ze ënnersträichen, bezweckt dem Claude Wey no d'Recht op Souveränitéit an Onofhängegkeet vun engem klengen europäesche Staat wéi Lëtzebuerg ze legitiméieren. Dofir fanne mer och zéng Joer no der Ausstellung "Aaremt Lëtzebuerg?", d'Karikatur vun dësem teleologeschen Discours - vum aarmen zum räiche Land - erëm an der Regierungspropagandabroschür "À propos de l'histoire du Luxembourg", déi een trotz widderhuelte Kriticken aus der historescher Fuerschung nach ëmmer op der Websäit vum Service Information et Presse kann eroflueden.

An dëser Broschür kënnt d'Wuert Aarmut net vir, d'Wuert aarm nëmmen eemol: "Avant l'essor de la sidérurgie, le Luxembourg était un pays pauvre et rural dont l'agriculture ne parvenait pas à nourrir une population croissante." Wat dono kënnt ass d'Geschicht vun der Lëtzebuerger success story, eng 'histoire sans histoires' déi haut hir Apotheos géif erliewen: "De nos jours, le Grand-Duché se présente comme une société plurielle, un pays prospère, parfaitement intégré dans l'Europe communautaire."

D'Statistiken iwwer Akommesongläichheet an taux de pauvreté vun de leschten zwee Joerzéngte erzielen awer eng aner a beonrouegend Geschicht, eng histoire avec des histoires a mat Problemer déi zouhuelen. Si kënne ganz einfach um Internet fonnt a konsultéiert ginn, virun allem an de Jorespublikatioune vum STATEC (rapports travail et cohésion sociale, Statistiken iwwer sozial Konditiounen), der Chambre des Salariés (Panorama social) a Caritas (Sozialalmanach). Loosst eis e Bléck op d'sozial Entwécklungen zanter 2005 wäerfen.

Am Joer 2005 louch den Aarmutsrisiko, also den Undeel vu Leit mat engem Akommes ënner 60 Prozent vum Duerchschnëttsakommes, bei 13 Prozent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg. Fir d'éischte Kéier goufen 2005 op europäeschem Niveau (Eurostat) komparativ Statistiken zu dësem Thema opgestallt. 2005 louch de Grand-Duché ënner der europäescher Moyenne (16 Prozent), um Niveau vu Frankräich an Däitschland an der Europäescher Unioun vu 25.

Déi skandinavesch Länner haten nach méi en niddregen Aarmutsrisiko vun 9 bis 12 Prozent. Bei monoparentale Famillen war dësen Taux zu Lëtzebuerg bei 32 Prozent, bei de Chômeuren suguer 46,5 Prozent. Dem Alter no gekuckt waren d'Kanner vun 0 bis 15 Joer am meeschten dem Aarmutsrisiko ausgesat, mat engem Taux vun 20 Prozent. Dee selwechten Taux gouf et och fir Familljen mat dräi oder méi Kanner. Wat d'Nationalitéit betrëfft, hunn 2005 6 Prozent vun de Lëtzebuerger op oder ënner der Aarmutsgrenz gelieft, géintiwwer 22 Prozent vun den Auslänner.

Richtung Dräi-Véierels-Gesellschaft

An de leschten zwee Joerzéngte sinn dës Aarmutszuelen zu Lëtzebuerg an absolute Wäerter, mä och relativ, am Verglach zu aneren europäesche Länner eropgaang. Am Joer 2019 louch den Aarmutsrisiko bei 17,5 Prozent. De Grand-Duché läit elo iwwer der europäescher Moyenne (16,5 Prozent), um Niveau vu Länner wéi Griicheland a Portugal. Fir familles monoparentales ass de Risiko op iwwer 40 Prozent geklommen.

Fir Famillen mat dräi oder méi ofhängeg Kanner ass den Taux och däitlech eropgaang. Am Joer 2019 ass et 35 Prozent. Nom Alter sin et weider Kanner a Jugendlecher ënner 25 Joer déi am meeschte betraff sinn. E Véierel vun hinnen liewen un oder ënner der Aarmutsgrenz. No Nationalitéit opgeschlësselt, läit den Taux de risque de pauvreté bei 11 Prozent vun de Lëtzebuerger géint 22 Prozent vun den Auslänner. Den Auslännertaux ass méi héich bliwwe wéi bei de Lëtzebuerger, mee konstant, während den Aarmutsrisiko fir d'Persounen vu Lëtzebuerger Nationalitéit an zwee Joerzéngte sech bal verduebelt huet.

Den Undeel vu "working poor" ass vu 7 Prozent am Joer 2003 op 12 Prozent am Joer 2019 geklomm, den zweethéchsten Taux an der Eurozon. Den Undeel vun den Demandeurs d'emploi déi schonn ee Joer am Chômage sinn louch bei 20,5 Prozent vun de Chômeuren. Am Joer 2021 sinn ënner dem Effekt vun der Pandemie méi wéi d'Halschent (52 Prozent) vun den Demandeurs d'emploi vun dësem Laangzäitchômage betraff (no Chiffren vun der ADEM).

Wärend der selwechter Period sinn d'Akommesongläichheeten och eropgaang, wéi d'Evolutioun vum Gini-Koeffizient weist. Dëse Koeffizient ass eng Zuel, déi vun 0 bis 1 variéiert. Si moosst de Grad vun der Ongläichheet vun der Akommesverdeelung an enger Gesellschaft: 0 heescht perfekt Gläichheet, also huet jiddwereen datselwecht Akommes; 1 heescht perfekt Ongläichheet, also eng Persoun huet dat ganzt Akommes, all déi aner hunn näischt. Dëse Koeffizient ass vun 0,26 am Joer 2005 op 0,33 am Joer 2019 geklommen, mat enger krasser Erhéijung vun den Ongläichheeten zënter 2017. Am Joer 2019 kruten déi 10 Prozent vun de räichste Stéit en Undeel vum nationalen Akommes deen 9 Mol méi héich ass wéi den Undeel vun den 10 Prozent äermste Stéit.

2021 maachen d' Observateure vun der sozialer Situatioun zu Lëtzebuerg wéi d'Chambre des Salariés, d'Caritas a STATEC, mee och d'Indicateuren aus den Offices sociaux oder Studien vun der Uni Lëtzebuerg a vu Fuerschungszentere wéi dem LISER de selwechte Constat: déi vulnerabelst Leit an Stéit ginn an eisem Land zënter Jore mat enger kontinuéierlecher Verschlechterung vun hire Liewensbedingunge konfrontéiert.

Ufanks den 2000er hunn déi éischt Rapporte vun der Caritas, der Chambre des Salariés a vum STATEC schonns op den noutwendegen Accès zu bezuelbare Wunnraum als Prioritéit higewisen. Dës Recommandatioun gouf an der Praxis vun de politeschen a wirtschaftlechen Décideneuren ignoréiert. Haut ass méi wéi een Drëttel vun de Lëtzebuerger Stéit schwéiere finanziell Belaaschtunge beim Logement ausgesat. D'Kombinatioun vun enger vertiginéiser Hausse vun de Logementspräisser an nëmmen hallefhäerzege Mesüren vun der Regierung am Beräich vun der Wunnengspolitik loossen lues a lues d'Lëtzebuerger Dräi-Véierels-Gesellschaft zu enger Realitéit ginn. Eist Land riskéiert esou nach méi déif am Verglach zu den aneren europäesche Länner ze falen, wat d'Akommesongläichheet an d'sozial Prekartitéit betrëfft.

Aaremt Lëtzebuerg!