Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Airbnb an d'Sharing Economy

Wirtschaft

Airbnb an d'Sharing Economy

2015 sinn 1,2 Milliarden Touriste weltwäit gereest, véier Prozent méi, wéi Zejoert. Dat bedeit Wuesstem fir d'Hotelieren, awer och fir Online-Plattforme wéi Airbnb, seet de Generaldirekter vum europäeschen Daachverband vun den Hotelieren, Restauranten a Caféen, Christian de Barrin. Iwwer Airbnb kënne Privatleit Wunnengen oder Haiser un Touriste verlounen. De legale Kader vun dësem Geschäft iwwer Internet ass awer bannent Europa nach ëmmer net op eng kohärent Manéier geregelt.

auto_stories

4 min

Airbnb. Foto: Bigstock

Sharing Economy - also d’Ekonomie vum Deelen - verbënnt Leit iwwer den Internet mateneen, déi Objeten oder Déngschtleeschtunge wëllen deelen. Doduerch sollen d’Ressourcen, sief dat een Zëmmer oder eng Wunneng, méi intensiv genotzt ginn, seet de Marc Wagener vun der Handelskammer. Well d’Verbraucher awer ouni groussen Opwand op dës Déngschtleeschtunge kënnen zréckgräifen, schwätzt de Weltwirtschaftsforum vun Access Economy: D'Ekonomie vum Accès also. E Begrëff, deen dem Marc Wagener no d’Geschäft op Online-Plattforme besser trëfft.

Et wier eng Economie sur demande, seet den Direkter vun de Wirtschaftsaffäre bei der Handelskammer. "Sief et eng Mobilitéitsdéngschtleeschtung, sief et en Zëmmer, dat ech wëll verlounen, sief et wann ech ee brauch, dee mir mäin Ikea-Schaf opriicht - ech ka Ressourcen, Zäit, Objete sur demande am Internet op enger Plattform akafen". Dat hätt näischt mat Deelen ze dinn, mengt de Marc Wagener. Et wier eng nei Manéier, fir Gidder an Déngschtleeschtungen un d'Leit ze bréngen.

Nei Konkurrenz

Duerch d’Economie vum Accès ergi sech fir d’Verbraucher eng Hellewull nei Méiglechkeeten. Nieft engem Hotel huet een zum Beispill d’Méiglechkeet iwwer Online-Plattforme wéi Airbnb, eng Privatwunneng oder een Zëmmer ze lounen. Dësen neie Wirtschaftszweig mécht den Hoteliere Konkurrenz. Konkurrenz ass gesond, esou de Marc Wagener. Mee et misst ee fir e "level playing field" an der Konkurrenz tëscht den traditionellen Acteuren an neien Acteure suergen.

En Hotel hätt ganz kloer Virgaben, wéi en Zëmmer misst ausgestatt sinn, erkläert de Wirtschaftsexpert. "Da géif ech et logesch fannen, datt een, deen iwwer Airbnb een Zëmmer verlount, déi nämmlecht Oploen huet." Den Equipement, esou wéi d'Sécherheets- an Hygiènesoploe vun Zëmmeren a Wunnengen, déi iwwer Airbnb verlount ginn, kënnen awer nëmme schwéier kontrolléiert ginn.

Professionaliséierung hëlt zou

Ma och d’Besteierung vum Akommes vun Airbnb-Ubidder ass an de meeschten europäesche Länner net kloer definéiert. Verschidden Airbnb-Ubidder géifen nämlech net just geleeëntlech hir Wunneng oder hiert Zëmmer verlounen, seet de kanadeschen Auteur Tom Slee. Hien huet e Buch iwwer d’Ekonomie vum Deele publizéiert. Den Tom Slee betount, Airbnb géif sech vermaarten, wéi wann eenzel Persoune just muenchmol géifen hir Wunneng oder en Zëmmer verlounen, fir sech eppes derbäi ze verdéngen. Mee ee wichtegen Deel vun hirem Business - 40 Prozent zu New York - kéim vu Leit, déi systematesch géife Wunnenge verlounen.

Dem Christian de Barrin, Generaldirekter vum europäeschen Daachverband vun den Hotelieren, Restauranten a Caféen (HOTREC) no, ass d'Differenzéierung tëscht dem geleeëntlechen an dem permanente Verloune vu Wunnengen oder Zëmmer iwwer Airbnb de Kär vun der Sharing-Economy-Problematik. Hie schwätzt vun enger groer a souguer schwaarzer Ekonomie, well et schwéier wier, tëscht Privatleit a Professionellen z'ënnerscheeden.

Limite fixéieren

Den europäeschen Daachverband vun den Hotelieren, Restauranten a Caféeë verdeedegt d’Interessie vu 47 Organisatiounen aus 27 EU-Staaten. De Christian de Barrin fuerdert, datt jiddereen, dee regelméisseg seng Wunneng oder säin Zëmmer verlount, dëst als professionell Aktivitéit deklaréiert. Hie schléit vir, eng Limite z'erhiewen, wéi vill Deeg ee seng Wunneng dierf verlounen - léich een do driwwer, misst d'Verlounen als professionell Aktivitéit gëllen an da missten déi entspriechend Gesetzer applizéiert ginn.

A Frankräich wier esou e Reglement schonn zënter dësem Summer a Kraaft, seet de Christian de Barrin. Zënter Juli dierft ee seng Wunneng oder säin Zëmmer nëmmen nach maximal 120 Deeg verlounen. D'Zil ass et, fir ze verhënneren, datt Wunnengen duerch déi permanent Locatioun un Touristen net méi hirem eigentlechen Zweck - nämlech dem Wunnen - déngen. Dofir gëtt et zum Beispill zu Berlin een eegent Gesetz, esou de Marc Wagener vun der Chambre de Commerce. D'Zweckentfremdungsgesetz verhënnert, datt ee ganz Appartementer permanent verlount. Dat wier nämlech net de Sënn vun der Sharing Economy.

Delokalisatioun duerch d'Verlounen

Wat geschitt, wann de legale Kader déi permanent Locatioun vum Haaptwunnsëtz un Touristen net verbitt, dat géif een um Beispill vu Prag gesinn, esou de Christian de Barrin. D'Leit géifen hir Appartementer bannent der Stad verlounen, an ausserhalb wunne goen. Well si awer am Zentrum schaffen, wier den ëffentlechen Transport iwwerlaascht. "Wat geschitt, ass eng Delokalisatioun, well et fir si finanziell esou interessant ass, un Touristen ze verlounen."

D'Problematik vun de Sharing Economy géif dem Vertrieder vum europäeschen Horesca-Daachverband no, deemnächst op enger Table-Ronde um europäeschen Niveau diskutéiert ginn. Dobäi soll eng gemeinsam Approche ausgeschafft ginn. Virun allem missten awer d'Bedreiwer vun den Online-Plattformen sech fir e legale Kader asetzen, betount de Christian de Barrin. "Et hänkt alles vum Contrôle an der Implementatioun of. De Wëlle muss bei jidderengem do sinn."