Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Child Of Lov - Give Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktiv, Passiv an alles dertëschent

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Aktiv, Passiv an alles dertëschent

E Perspektivwiessel am neie Joer: Aktiv, Passiv an alles dertëschent. D'Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis eppes iwwer de Passiv.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer schafft fir den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Haut geet et ëm de Passiv. Wat ass dat genee a wéi bass de op dat Theema komm?

Caroline Döhmer: De Passiv kenne vill Leit vläicht nach aus der Schoul, well deen an alle Sprooche vill geüübt gëtt. Ganz kuerz: Ech hunn en Aktiv-Saz wéi "de Riichter huet den Ugeklote verurteelt" an dat gëtt dann am Passiv: "den Ugeklote gouf vum Riichter verurteelt".

Elo am neie Joer, do starte vill Leit jo mat gudde Virsätz, si wëllen eppes änneren, si duerchzéien e Perspektivwiessel. An de grammatesche Perspektivwiessel, dat ass d'Transforméierung vum Saz vum Aktiv an de Passiv.

Dat kléngt awer abenteuerlech. Lo brauche mer awer nees e puer Beispiller, well fir mech ass e Saz e Saz, egal vu wou ech e kucken.

Also de Perspektivwiessel bezitt sech op de Sujet vum Saz, op dat, wat am Fokus steet. Huele mer lo mol e ganz einfachen Aktivsaz:

De Pol schenkt dem Anne e Buch.

Sujet: Pol
Dat-Objet: dem Anne
Akk-Objet: e Buch.

Sou wäit nach alles ok?

Jo, ech géif mengen.

Lo maachen ech e Perspektivwiessel, andeems ech wësse wëll: Wat geschitt mam Buch?

An do komme mer bei de Passiv, well ech wëll elo den Akk-Objet "d'Buch" als Sujet benotzen:

D'Buch gouf dem Anne geschenkt (optional als Ergänzung: vum Pol)

Dat nenne mer an der Linguistik de Virgangspassiv, well hei e Virgang beschriwwe gëtt.

Lo kann ech nees eng aner Perspektiv anhuelen a froen: Wat geschitt mam Anne?

D'Anne kritt e Buch geschenkt (nees optional: vum Pol)

Dat nenne mer de Rezipientepassiv, well hei een eppes kritt. Dat gëtt och duerch d'Hëllefsverb zimmlech genee erëmginn: hatt kritt e Buch, et kritt e Buch geschenkt.

D'Anne war jo am einfache Saz "de Pol schenkt dem Anne e Buch" en Dativ-Objet. Deen nennt een an deem Fall den "Dativus commodi", den Dativ vum Virdeel, do geschitt eppes Positives mat där Persoun. Hei kritt se eeben e Kaddo.

Mir kënnen déi Zort vu Passiv awer och mat enger negativer Aktivitéit kombinéiert, wou d'Anne net eppes kritt, mee wou em eppes ewechgeholl gëtt.

Beispill: Se huelen dem Anne de Fürerschäin of. Hatt kritt de Fürerschäin ofgeholl.

"Dem Anne" ass hei en Dativus incommodi, him geschitt hei eppes Negatives. An nawell gëtt am Passiv d'Hëllefsverb "kréien" benotzt, obwuel am Prinzip de Géigendeel vu "kréien" geschitt. Dono ass jo eppes fort.

Firwat kann dat dann esou e Géigendeel si mat "kréien" an "ewechhuelen"?

Well d'Verb "kréien" hei Deeler vu senger Ursprongsbedeitung opginn huet, fir parallel eng Karriär als Hëllefsverb ze maachen!

Nieft dem Virgangspassiv (d'Bier gëtt geschielt) an dem Rezipientepassiv (hatt kritt gehollef) hu mer och nach en Zoustandspassiv. Deen ass einfach mam Verb "sinn" a bezeechent d'Resultat vun engem Virgang:

Also nees vu vir mam Aktiv-Saz:

Ech schielen eng Bier.
Virgang: D'Bier gëtt geschielt.
Zoustand (Resultat): D'Bier ass geschielt.

Dat sinn awer ganz schéi vill verschidde Passiven!

Jo, an dann hu mer nach mäi Liblingspassiv: De Mediopassiv.

Dat hunn ech zwar nach ni héieren!

Als Fachwuert vläicht nach net héieren, mee sécher scho ganz dacks benotzt. Dat si Konstruktioune wéi "Dat Buch liest sech gutt".

Dat ass esou eng Mëschform. Also ech hunn d'Buch als Sujet, mee d'Buch liest sech jo net wierklech. Domat mengt ee jo: "Dat Buch ass gutt ze liesen". Datt een do eng Persoun braucht, déi dat Buch effektiv liest, ass an där Konstruktioun mat dran.

Wéi heescht dee Passiv nach eng Kéier?

Medio-Passiv. Do ginn et eng Rei Beispiller, déi all d'selwecht fonctionéieren. Dat sinn am Fong geholl bestëmmt Reflexivkonstruktiounen:

dee Stoff fillt sech gutt un (de Stoff ka jo net fillen)
mäin neien Auto fiert sech gutt (den Auto gëtt gefuer)
dee Wäin drénkt sech am beschte bei Zëmmertemperatur (de Wäin ass net deen, deen drénkt)

Dann hale mir lo beim Wäindrénken op a soen der Merci a bis d'nächst Woch.

Et ass nach bëssi fréi fir Alkohol, mee jo. Bis d'nächst Woch!