Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  White Town - Your Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rieder vun der Computergeschicht

Kryptographie

D'Rieder vun der Computergeschicht

Den Alan Turing kann een als deen am mannste bekannte Genie vum 20. Joerhonnert bezeechnen. Nach haut ass hien relativ onbekannt. Dat läit och dorunner, dass seng wichtegst Aarbechten laang Zäit geheim waren. De britesche Mathematiker huet am Zweete Weltkrich eng zentral Roll bei der Entschlësselung vum däitschen Enigma-Code gespillt an an engems d'Fundament vun der moderner Computertechnik geluecht.

auto_stories

7 min

Ausgangspunkt fir d'Enigma-Maschinn war eng Kodéiermaschinn, déi schonns an den 1920er Joren entwéckelt gi war. Dat fir Entreprisen, déi Messagë verschlësselt austausche wollten. Där hir Kodéiermethod war vum Prinzip hier bekannt.

Un der Basis stoung en einfachen Tosch vu Buschtawen: Amplaz engem Buschtaf "A" gouf eventuell en "F" geschriwwen, an amplaz engem "B" en "M" a sou weider. Dësen Tosch ass awer duerch elektresch Verbindunge geschitt, an dës Kontakter waren a Rieder agebaut déi vum Benotzer op eng willkürlech Ausgangspositioun gedréint konnte ginn.

Sou e Code ass awer einfach ze knacken, andeems ee kuckt, wéi heefeg déi eenzel Buschtawen virkommen. Wann de "J" am heefegsten ass, an et weess een, dass den Originaltext op Däitsch ass wou den "E" am meeschte virkënnt, da kann een dervun ausgoen, dass de "J" eigentlech een "E" ass. Ähnlech kann een déi aner heefeg Buschtawen erausfannen, a wat ee méi Buschtawekoppele fonnt hutt, completéiert sech de Puzzle.

Wéi ee Kreuzworträtsel

D'Rieder vun der Enigma-Maschinn hunn net just Buschtawe vertosch. De Benotzer konnt d'Startpositioun vun de Rieder eraussiche an d'Rieder selwer konnten och nach vertosch ginn. An dat war just d'Ausgangspositioun: No all verschlësseltem Buschtaf hunn d'Rieder sech ëm eng oder méi Positioune weidergedréint. Wann dee selwechte Buschtaf also zwee Mol noenee verschlësselt gouf, da koumen zwee verschidde Resultater derbäi eraus. Eng statistesch Analyse vun der Heefegkeet war also net méi méiglech.

Entstanen ass ee Code, deen eigentlech net konnt gebrach ginn. Mee scho virum Zweete Weltkrich war dat dem polnesche Geheimdéngscht gegléckt. Si kruten dësen Dechiffrage souguer automatiséiert.

Wéi kloer gouf, dass Polen a Gefor war vun Nazi-Däitschland iwwerrannt ze ginn, hunn déi polnesch Analysten hiert Wëssen an en Deel vun hirem Equipement un déi franséisch a britesch Geheimdéngschter weider ginn. An nodeems dat Joer drop och Frankräich besat gi war, hunn d'Briten d'Aarbecht weider gefouert.

Keng Chance ouni Automatiséierung

Zu Bletchley Park, tëscht Oxford a Cambridge, gouf en Zentrum fir d'Code-Briecher opgebaut. Den Alan Turing war vun Ufank un dobäi. D'Approche war déi nämmlecht wéi déi vun de polnesche Kollegen: Et gouf probéiert fir Stécker vum Message ze roden. Virun allem den Ufank vun den Texter war dacks ganz standardiséiert. Wann zum Beispill en zweeten Deel vun engem längere Message iwwerdroe gouf, da waren déi éischt véier Buschtawe gewéinlech "F-O-R-T" fir "Fortsetzung". Och den Datum oder eng Schlussformel konnte sou en Ugrëffspunkt ginn, grad wéi heefeg Formuléierungen, wéi "Keine besonderen Ereignisse".

Den Turing huet d'Automatiséierung vum Dechiffrage weider entwéckelt: Eng Maschinn, déi d'Grondastellung vun der Enigma-Maschinn kéint eraus fannen. D'Resultater hunn net op sech waarde gelooss, well op elektromechaneschem Wee konnten d'Messagë vill méi efficace analyséiert ginn, wéi dat an Handaarbecht méiglech gewiescht wär.

Den Trafic vu kodéierte Messagen war esou gewalteg, dass d'Aarbecht net séier genuch konnt ausgefouert ginn. De Premier gouf ugeschriwwen, an zwar entgéint alle Regelen op direktem Wee. De Winston Churchill huet d'Wichtegkeet vun der Aarbecht erkannt. D'Leit vu Bletchley Park sollten alles kréien, wat se wollten. Bannent kuerzer Zäit sollten eng 200 Maschinne gebaut ginn, an d'Entschlësselung vun Enigma-Messagë gouf zur Routine-Aarbecht.

Gebuertsstonn vun der Computertechnik

D'Enigma ass déi bekanntste Kodéier-Maschinn aus dem Zweete Weltkrich, mee net déi eenzeg. Anerer, virun allem d'Lorenz-Maschinn gouf ëmmer méi dacks agesat an huet missen dechiffréiert ginn. Dem Turing seng mathematesch a logesch Aarbechten hunn och dofir d'Grondlag geliwwert.

Mee d'Logik eleng war net méi genuch. D'Technik huet eng ëmmer méi wichteg Roll gespillt, sou dass d'Entschlësselung vum Lorenz-Code sollt dann och d'Gebuertsstonn vun der Moderner Computertechnik sinn. Fir dës Coden ze brieche gouf nämlech, virun allem op Basis vun der Aarbecht vum Elektroniker Tommy Flowers, eng ganz nei Zort Maschinn entwéckelt, déi och ëmprogramméiert konnt ginn. Se gouf "Colossus" genannt, well se e ganze Raum gefëllt huet.

Staatsgeheimnis vs Wëssenschaft

De Projet vu Bletchley Park gouf laang als geheim agestuuft. Dat hat déi absurd Konsequenz, dass de Colossus, den éischte programméierbare Computer, nom Krich nees ausenee geholl an d'Technik vun de Briten net weider entwéckelt gouf. E gudden Deel Aarbecht huet also missen nach emol gemaach ginn, fir deen haitege Computer z'entwéckelen. Viru knapps zéng Joer hu Fräiwëlleger och de Colossus nogebaut - am fréiere Fuerschungszenter vu Bletchley Park, dat haut ee Musée ass.

Den Turing selwer sollt nom Krich weider un der Computertechnik fuerschen. Dat awer ënner immensem Drock, well hie permanent ënner Verdacht stoung, hie kéint Krichsgeheimnisser verroden. 1952 gouf hien wéinst senger Bezéiung zu engem anere Mann veruerteelt. Zwee Joer méi spéit gouf hien dout a senger Wunneng fonnt. Bis haut gëtt driwwer spekuléiert, ob den Turing net ëmbruecht gouf. Mee dat ass eng aner Geschicht!