Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alles selbstverständlech

Prisma

Alles selbstverständlech

Villes an eisem Alldag schéngt eis selbstverständlech ze sinn. Schaffe goen, an d'Schoul goen, eisen Hobbyen nogoen. Dat stelle mir net weider a Fro. An och treffe mir eis mat eise Frënn, plangen den nächsten Afterwork, ginn op e Concert oder an de Kino. An net ze vergiessen: Zu all Moment kënne mir an de Buttek goen an onbeschwéiert eise Caddie mat allem fëllen, wat mer brauchen oder och manner brauchen. Déi lescht Wochen hunn eis awer gewisen, wéi séier dat Selbstverständlechst op emol kann zum Onméigleche ginn.

auto_stories

5 min

Maache mer mol eng kleng Rees zeréck an d'Vergaangenheet. Bis Ufank Mäerz geet duer. An da maache mer mol eisen Online-Kalenner op, oder, déi, déi nach mat engem traditionellen Agenda fueren, schloen hiren Agenda op. Aarbechtsreuniounen, rout markéiert, also extrem prioritär To Do's, divers Private appointments wéi Dokter-, Kiné- oder Coiffer-Rendezvousen, Training, en Afterwork, eng Veranstaltung, wou ee scho viru Méint Tickete kaf huet, Kanner an d'Schoul féieren, siche fueren, ronderëm kutschéieren, an an an ... Ech kéint wuel nach weider opzielen. Fir et op de Punkt ze bréngen: De Kalenner war voll gefëllt.

Komme mer dann awer erëm zeréck an d'Géigewaart. Duerch d'Verbreedung vum Coronavirus sinn d'Veranstaltungen all ofgesot, Restauranten a Caféen hunn hir Dieren zou, Spillplaze si gespaart an zu gudder Lescht sinn och nach all d'Schoulen zou. Am Resumé: Bildung, Kultur, Sport, sozial Kontakter ade?

Mer sinn an engem Krisenzoustand! Eis Kalenneren an Agendaen hunn uerdentlech ofgespeckt, well et heescht "Bleift all doheem!". A wat elo? Wat bleift elo nach iwwereg vun all deene Saachen, déi nach viru puer Deeg a Wochen esou wichteg waren? A vun all deene Saachen, déi fir eis all Dag méi wéi selbstverständlech waren? Wat brauche mir wierklech, a wat verléiert op emol seng Wichtegkeet?

Op wat kënnt et schlussendlech un?

Natierlech sinn dës Mesuren net fir d'Éiwegkeet, an awer reege se d'Mënschen zum Denken un. Ech menge mat Denken elo net, déi sougenannte besonnesch virausschauend Aart ze denken, déi d'Leit dozou beweegt, zu Hamsteren ze mutéieren, fir sech doheem eng eege Filial opzebauen, wéi eise Premier dat sou schéi sot. An och schwätzen ech elo net vum Toilettëpabeier oder den Nuddelen, wann ech froen, wat mir wierklech brauchen.

Denken hei éischter am Sënn vu sech besënnen, ëmdenken. Aus de festen Denkmusteren austrieden, an dat op verschiddenen Niveauen, souwuel politesch, ekonomesch, ökologesch, wéi och perséinlech. An eben och d'Fro, ob wat et da schlussendlech wierklech ukënnt.

D'Welt ass relativ séier mat enger Situatioun konfrontéiert ginn, an där op emol eppes Elementares um Spill steet, nämlech d'Gesondheet an d'Erhale vum Liewen, an zwar eis eegent, an dat vun deenen, déi eis ganz no sinn. Mir befannen eis matten an enger Pandemie.

Sou héiere mir zwar ëmmer erëm, datt grad iergendwou op der Welt Mënschen duerch Epidemien a Pandemië stierwen. Wéi zum Beispill rezent 2019 an der Demokratescher Republik Kongo am Fall vun der Riedelen-Epidemie, wou am Laf vum leschte Joer ëm déi 300.000 Mënschen, dovun 90 Prozent Kanner, infizéiert goufen an ëm 6.000 gestuerwe sinn.

An och de Coronavirus war nach Ufank 2020 ganz wäit ewech an huet eis net direkt betraff. Mee deen onsiichtbare Feind mam Numm COVID-19 ass ganz séier aus dem wäit entfernte Land China an dat bësse manner wäit entfernten Italien, wou mir jo awer gär an d'Vakanz ginn, iwwergaangen. A séier huet e sech dunn och an eisen Nopeschlänner a schliisslech bei eis verbreet. D'Globaliséierung schéngt en neien Niveau an Dimensioun erreecht ze hunn.

Vläicht e gudde Moment sech bewosst ze ginn, wat fir eng Chance mer hunn

A lo sti mer do. Oder besser gesot, lo setze mer doheem. Eis Aarbecht läit sou gutt wéi brooch, d'Kanner musse vun den Eltere selwer beschäftegt an och enseignéiert ginn, et muss een déi Zäit elo erëmkréien, an dobäi dierf ee quasi néierens méi hin. Eben just nach op d'Aarbecht, déi absolut néidegst Kommissioune séier maachen a bis kuerz an d'frësch Loft, heescht et. Dat trëfft elo natierlech net op déi Leit zou, déi momentan Dag a Nuecht alles gi fir an de Spideeler an an anere Strukturen d'Stellung ze halen a sou gutt wéi méiglech all de Leit an dëser Zäit ze hëllefen.

Dovun elo ofgesi sinn d'Leit elo gewëssermoossen sech selwer iwwerlooss, hu méi Zäit fir sech mat sech an hire Famillen ze beschäftegen. Sollt dat net och selbstverständlech sinn, kéint ee sech elo froen. Jo, mee eis feelt awer dofir dacks einfach d'Zäit, a mir lafen da wéi d'wäiss Kanéngchen aus dem "Alice im Wunderland" gehetzt duerch den Dag. An och dat gehéiert eben dozou, soe mir eis dann. Dacks wënsche mir eis einfach mol eng Auszäit vum Alldagsstress. Dat hu mer jo lo. An awer ass dës Situatioun alles anescht wéi dat, wat mir eis wënschen.

Zwee ganz wesentlech Faktore spillen hei eng kruzial Roll: nämlech engersäits d'Sécherheet, an dësem Fall prioritär eis gesondheetlech, mee och fir ganz vill Leit déi ekonomesch. An dann awer och dee vun der Fräiheet, sech zu all Zäit fräi beweegen ze dierfen an ze kënnen. Dës Faktore si fir eis selbstverständlech, an et ass ganz schéi verwirrend a beängschtegend, wann dat alles op emol net méi garantéiert ass.

Et geet hei mol net méi ëm iwwerflëssegen, onnéidege Konsum, mee et geet ëm Gidder wéi Schutzmasken, medezinesch Artikelen, déi liewens- oder iwwerliewenswichteg kënne ginn, ëm mënschlech Ressourcen an ëm Liewensmëttel. An och wann ëmmer erëm betount gëtt, datt genuch do ass, sou weist awer d'Verhale vun de Leit, datt si onsécher sinn.

Och de Fait, datt mer eis net méi no Loscht a Laun däerfen a kënnen deplacéieren, eis musse rechtfäerdegen a mat Bestrofung rechnen, ass eng komplett nei Situatioun. Och wa mer méi Zäit zur Verfügung hunn, kënne mer se net esou notzen, wéi mer dat soss géife maachen. Déi Fro, wou a mat wiem mer eis Zäit, déi eis elo zur Verfügung steet, wëlle verbréngen, stellt sech net méi. D'Äntwert ass kloer: Doheem. Eleng oder mat eiser Famill.

Mee net vergiessen, et ass just eng Mesure, déi net fir ëmmer gëllt. A vläicht ass dat och e gudde Moment fir sech bewosst ze ginn, wat fir eng Chance mer eigentlech hunn, datt mir an enger Gesellschaft liewe wou Bewegungsfräiheet, genuch Liewensmëttel, sanitär Ariichtungen a Bildung esou selbstverständlech sinn, datt mer eis bis ewell weider ni hu missen doriwwer Gedanke maachen. Well op ville Plazen ass dat leider net de Fall.