Radioen

On air

Kultur um 5  |  Phoebe Bridgers - Kyoto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ (Alter)natiivt Liewen

Éischte participative Wunnprojet zu Luerenzweiler fir Senioren

(Alter)natiivt Liewen

Iergendwann am Liewe stelle sech eng Partie Leit d'Fro, wéi si spéider, wa si méi al sinn, wëlle liewen. A fir vill vun hinnen ass et keng Optioun an en Altersheem ze goen. D'Astrid Lauterbach huet sech och Gedanke gemaach an decidéiert, spéider mat Gläichaltregen an enger Seniorewunngemeinschaft ze liewen.

auto_stories

4 min

Viru ronn zwee Joer huet de RBS Center fir Altersfroen zesumme mat der Nouma op eng Konferenz iwwer d'Zesummen al ginn agelueden, erënnert sech d'Astrid Lauterbach. "No der Konferenz hu sech eng aacht Leit erauskristalliséiert, déi sech wollten zesummendoen an driwwer nodenken, wéi een esou e Projet kéint realiséieren."

Esou ass d'Beienhaus asbl. entstanen. Hiert Zil war an ass et, Promotioun iwwer participatiivt Wunnen ze maachen an iwwer méiglech Modeller ze diskutéieren.

"Ech wëll selwer bestëmmen"

D'Astrid Lauterbach huet sech elo eng Wunneng kaf an deem éischte participative Wunnprojet fir Senioren zu Luerenzweiler.

"Ech wëll am Alter net eleng sinn. Wann ech realistesch sinn, weess ech, datt ech mech iergendwann net méi esou gutt fortbeweege kann. Ech wollt och meng Kanner net domat belaaschten, datt si mer enges Dages soen 'Elo geet et awer wierklech net méi eleng doheem'. Dat wollt ech net. Ech wollt selwer kënnen eng Solutioun sichen a selwer bestëmmen, wat ech maache wann ech al sinn a wou ech wunnen."

D'Membere vun dëser participativer Wunngemeinschaft diskutéieren zesummen, wéi hiert Doheem soll ausgesinn. An der aler Villa sinn d'Gemeinschaftsraim, wéi en Openthaltsraum an eng Kichen.

Déi al Villa, an där d'Gemeinschaftsraim sinn, ass renovéiert an erhale ginn

Donieft gehéiert e grousse Gaart zu der Wunngemeinschaft. Hanner d'Villa gëtt en Neibau gebaut mat 12 Wunnengen tëscht 59 an 96 Quadratmeter an engem Studio vun ëm déi 25 Quadratmeter. D'Wunnenge sinn alleguer altersgerecht: et kënnt een zum Beispill iwwerall mat engem Rollstull hin an et gëtt e Lift am Gebai, an deen och e Bett passt.

Alles gëtt am Grupp diskutéiert

Jiddwereen huet seng eege Wunneng. Mee och an enger Wunngemeinschaft géifen et verschidde Reegele ginn. Zu Beispill missten déi gemeinschaftlech Raim propper gehale ginn.

"Et muss een och net déi ganzen Zäit als Grupp zesumme sinn. Mir hunn eis virgeholl, eventuell eemol d'Woch zesummen ze sinn, fir iwwer Pläng ze diskutéieren."

Et kéint ee sech och virstellen, an de Gemeinschaftsraim emol eng Konferenz ze halen, eng Festivitéit am Gaart oder e Floumaart ze organiséieren.

"Mee dat si Saachen, déi mussen am Grupp decidéiert ginn."

E bësse Courage fir an eng Seniorewunngemeinschaft wunnen ze goe géif awer dozou gehéieren. "Et ass schonn e Schrëtt an d'Ongewësst", seet d'Astrid Lauterbach. Et wier eng aner Géigend, wéi do, wou si elo wunnt, et misst ee verschidde Gewunnechten opginn, mee et wier och e spannende Projet. "An ech wëll jo, datt a mengem Liewen nach eppes Spannendes geschitt".

D'Beienhaus asbl. mat der Astrid Lauterbach (3. v.l. ënnen) an der Emma Zimer vun Nouma (5. v.l. ënnen))

Fir Haiser ze fannen, déi sech fir Wunngemeinschaften eegnen, ass net esou liicht. "Dat ass ee vun den Haaptproblemer," seet d'Astrid Lauterbach. Et gi verschidde Konzepter, wéi een esou Wunngemeinschafte ka realiséieren.

Déi al Villa mam grousse Gaart, an där déi éischt Seniorewunngemeinschaft entsteet, gouf vun engem Promoteur kaf.

"D'Gemeng Luerenzweiler war immens positiv agestallt, wéi mir mat eiser Iddi komm sinn, well dat aalt Gebai erhale bleift. Dat kéint ee sech och an aneren Uertschafte virstellen."

Amplaz datt just eng nei Residenz op engem Terrain gebaut géif ginn, géif hei al an nei kombinéiert ginn. Eng aner Méiglechkeet wier, datt een en Terrain op 99 Joer pacht oder keeft an dorop baut. Dat géif wahrscheinlech och méi bëlleg ginn, seet d'Asrtrid Lauterbach.

"Et wier flott, wa mir méi Support vun enger Gemeng oder vum Staat géife kréien."

D'Astrid Lauterbach hofft, datt sech an Zukunft méi Leit fir dësen alternative Wunnmodell interesséieren.

"Ech wëll selwer bestëmmen, wat ech maachen a wou ech wunnen, wann ech al sinn," seet d'Astrid Lauterbach

Méi Informatioune kritt een op der Porte Ouverte vum éischte participative Wunnprojet zu Luerenzweiler, de 14 Juli 2019.


De ganzen Interview mat der Astrid Lauterbach vun der Beienhaus asbl.:

Lauschterenplay_arrow