Radioen

On air

Notturno  |  Donny McCaslin - No Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alteritéit

Prisma

Alteritéit

Kann de Verstand alles verstoen? Verschidden Denker behaapte jo, datt dat dem Mënsch seng Fäegkeete géif iwwersteigen. An dat géif dann och erklären, firwat mir bestëmmte Saachen nëmme schwéier kënne verstoen, oder firwat eis Matmënschen heiansdo e Rätsel fir eis sinn. Mee wat ass mat Saachen oder Mënschen, déi esou verschidde vun eis sinn, datt mir si scheinbar guer net verstoe kënnen. Den Thomas Koenig huet probéiert, der Saach nozegoen.

auto_stories

6 min

Thomas Koenig

An der Philosophie gëtt et e Begrëff, mat deem ech mech laang schwéier gedoen hunn, nämlech dee vun der Alteritéit. Dat Wuert Alteritéit kann een net wierklech op Lëtzebuergesch iwwersetzen. Et kënnt vum laténgesche Wuert "alter", wat mir och am Franséische mam Wuert "autre" erëmfannen a bedeit "dat, wat anescht ass". An domat ass gemengt, dat wat anescht, wéi ee selwer ass.

Voilà, an do hu mir de Problem, dat sinn erëm esou vag Aussoen, déi a mengen Aen net wierklech vill Inhalt haten. Als Student deemools hat ech d'Gefill, datt een dank senger Vernunft awer kéint d'Ënnerscheeder tëscht de Mënschen kéint iwwerbrécken, andeems een e gemeinsamen Nenner fënnt. Ech mengen, wann ech hei schwätzen, da verstitt Dir mech, well jiddwereen hei Lëtzebuergesch kann. An esouguer wann ee géif nolauschteren, dee kee Lëtzebuergesch kéint, deem kéint ee mäi Prisma an eng aner Sproch iwwersetzen, an iergendwann géif hien et da verstoen.

Datt net all Mënsch elo all Nuance genee esou ophëlt, wéi ech se vläicht gemengt hunn, oder Saachen a mengem Speach hei eran interpretéiert, déi ech vläicht net gemengt hunn, dat ass dobäi dee mannste Problem, well de Gros vun der Informatioun awer eriwwer kënnt.

Meng Meenung dozou huet sech net fundamental geännert, ech sinn iwwerzeegt, datt trotz Post-Moderne, Post-Strukturalismus, Konstruktivismus an all deem, et awer méiglech ass, Gemeinsamkeeten ze fannen, déi eng Diskussioun an dofir och géigesäitegt Verständnes méiglech maachen.

Le radicalement autre

Dat heescht, fir et simpel ze halen, Alteritéit gëtt et zwar ouni Zweiwel, mee dat, wat een eng radikal Alteritéit nennt, menger Meenung no net. Radikal Alteritéit bezeechent eppes, wat total anescht ass wéi ee selwer, wat een net gräife kann, net verstoe kann, kuerz, net kontrolléieren oder assimiléieren.

An eng radikal Alteritéit ass net emol onbedéngt dat, wat mir mengen, datt et wär. Wa mir eis d'Fanatiker vun alle Borden ukucken, déi reegelméisseg erëm an den Noriichten optauchen, well se Fake News verbreeden, oder well se erëm Leit ëmbruecht hunn, oder sech selwer ëmbruecht hunn, jo, do hunn ech d'Gefill, dat ass nach iergendwéi intellektuell nozevollzéien.

Datt Leit d'Kontroll verléieren, datt si sech an eiser Gesellschaft net erëmfannen, datt si net mat den Ëmstänn eens ginn an dann dat maachen, wat si maachen, ech mengen, dat ass nach relativ mënschlech, dat kann een nach verstoen.

Ausserierdesch Beispiller

Déi radikal Alteritéit hunn ech elo virun e puer Méint erëmfonnt, ganz zoufälleg, wéi ech am gaange war, al Comics aus menger Studentenzäit auszesortéiere fir ze kucken, wat fort kann, a wat ech nach hale wéilt. Do gëtt et eng Comic-Rei, "Les Mondes d'Aldébaran", déi beschreift, wéi d'Mënschheet ufänkt, sech am Universum auszebreeden, e puer Planéite koloniséiert an do a Kontakt mat ausserierdeschem Liewe kënnt. An de Comic ass am Fong eng Iwwerleeung doriwwer, wéi schwéier et gëtt mat enger Intelligenz ze kommunizéieren, déi absolut guer net esou ass, wéi mir et sinn. Eng Intelligenz, déi sech zum Beispill net sproochlech ausdréckt, an déi vläicht och net esou visuell ass, wéi eis Spezies. Wat mécht een dann? Wéi reagéiert ee vis-à-vis vu Phenomener, déi absolut net ze verstoe sinn?

En anert rezent Beispill ass e Buch, dat ech deemools am Lycée gelies hat. Deemools op Däitsch, dat heescht, datt ech net all Nuancë matkrut, well Däitsch net meng beschte Sproch war. D'Buch heescht "Picknick am Wegesrand" vun de Strugatsky-Bridder. An deem Buch geschéien a bestëmmten Zonen onerkläerlech Saachen. Kee Mënsch versteet, firwat déi Saachen op emol passéieren, wat eigentlech passéiert, a wéi een domat soll ëmgoen. D'Buch ass eng Iwwerleeung doriwwer, wéi Seechomessen et géifen erliewen, wa si op d'Iwwerreschter vun engem Picknick géife stoussen. Just datt an dësem Fall d'Mënschheet d'Seechomesse sinn, an Aliens hei um Planéit stallgehalen hätte fir e klenge Picknick. De Problem ass, dat ass d'Interpretatioun vum Buch. D'Personnagen aus dem Buch hunn natierlech net de Luxus, déi Informatioun ze hunn a sinn dann och konfrontéiert mat eppes, wat si intellektuell total iwwerfuerdert.

Ierdesch Beispiller

Voilà, am Alldag lafe mir awer kengen Terroristen oder Aliens iwwer de Wee, an trotzdem kënne mir déi Spuere vun der radikaler Alteritéit och hei erëmfannen. An zwar iwwerall, an eise Matmënschen.

Huele mir mol Leit, déi mir reegelméisseg treffen, sief et Leit op der Aarbecht, Frënn, Famill, - egal. Et mengt ee jo, et géif een déi eenegermoosse kennen. Wa mir déi da beobachten, wa si hirem Liewen noginn, da mierke mir - also, ech mengen emol ze mierken - datt ech zwar novollzéie kann, wat si maache wëllen a wisou, mee datt ech et net absolut verstoe kann. Oder, an anere Wierder, datt ech mech net total a si eraversetze kann. Et ass e bësse wéi dat Gefill, dat ee kann hunn, datt déi aner een net verstinn, just hei wier et ëmgedréit. Et ass e bësse wéi wann een deem Anere géif nolauschteren, mee net géif héiere kënnen, wat e seet.

L'autre et le rapport à soi

An et ass do, wou dann d'Problemer ufänken. Saachen oder Mënschen, déi mir net verstinn, déi si beonrouegend. A wann eppes ee beonrouegt, da kritt ee gären emol Angscht do virdrun. A wann een Angscht huet, dat féiert dann zu Aggressivitéit.

Dofir schwätzt een dann och vun Homophobie, Xenophobie, oder Arachnophobie. Datt een Angscht viru Spannen huet, dat ass jo iergendwou normal. Datt Leit ufänke wéi verréckt ze jäizen an ronderëm ze fuchtelen oder ze rennen, wa si mierken, datt eng Spann op hirer Hand setzt, dat hu mir och schonn all materlieft. Mir hunn et just vläicht nach net aus der Perspektiv vun der Spann erlieft.

Well déi Reaktiounen, déi do opkommen, déi kommen net vun der Spann, mee vum Mënsch, deen esou op se reagéiert. Verschidde Leit kënne Spannen heemelen a bleiwe ganz cool, wa si eng gesinn. Aner Leit verléieren d'Kontroll bei der selwechter Spann. Dat weist jo schonn, datt de Problem net vun der Spann kënnt. D'Spann triggert eppes bei verschiddenen Leit an net bei aneren, an et ass dat, wat do getriggert gëtt, dat dann zur Reaktioun féiert.

An et ass dat, wat jo eigentlech interessant ass. Datt Saachen, déi eis friem sinn, aggressiv Reaktioune bei eis ausléisen, dat ass jo nach nozevollzéien, dat kënne mir am Alldag dacks genuch feststellen.

Dat seet jo dann och villes doriwwer aus, wie mir selwer eigentlech sinn, viru wat mir Angscht hunn, respektiv, wéi mir eis selwer gesinn, an esou weider. Mee ech mengen, dat ass jo och eng Erklärung fir Xenophobie, déi schonn zanter Joerzéngten am Ëmlaf ass, do zielen ech Iech näischt Neies.

Nee, dat wat ech hei am Fong mengen, dat ka jiddweree ganz einfach emol selwer probéieren. Den Emmanuel Levinas, ee Philosoph, dee vill mam d'Thema vun der Alteritéit geschafft huet, huet gesot, datt d'Gesiicht vun deem aneren eng Alteritéit duerstellt, déi ee selwer viru seng ethesch Verantwortung stellt. Maja, da pléckt Dir Iech elo emol eng Persoun, déi Dir gutt leide kennt, an da kuckt Dir Iech déi emol gutt un. Setzt Iech elo net dohin a bléckt si opdränglech un an stalkt si och net! Mee wann Dir d'Geleeënheet kritt, hir nozekucken, da maacht dat emol an da frot Iech emol, op Dir wierklech verstoe kënnt, wien Dir eigentlech do vis-à-vis vun Iech hutt.