Wëssen BebeBox

Fir Famille mat manner finanzielle Mëttelen no der Gebuert vun engem Kand ze ënnerstëtzen, huet d'Alupse, d'Association luxembourgeoise de pédiatrie sociale eng "BebeBox" entwéckelt. An der Këscht sinn essentiell Saachen, déi ee fir déi éischt Deeg vum Kand brauch.

Pit Walté / cz

2-2.jpg

Et ass eng Matrass dran, déi speziell fir dës Box produzéiert gëtt a Kleeder. Zum Beispill eng Wanter- an eng Summer-Box fir déi Kleng. Et géif awer net nëmmen drëms goen, datt d'Puppelcher Kleeder hunn, seet d'Hiewan vun der Alupse, d'Katja Battin. Mee de Start an d'Liewe sollt fir déi Kleng an allen Aspekter esou gutt wéi méiglech sinn.

"Déi Këscht mat der Matrass gëtt dem Bëbee e séchert Ëmfeld fir ze schlofen. Dat heescht, mir maachen direkt och Preventioun géint d'Morte subite du nourrisson. Et sinn och Artikelen dran, fir d'Hygiène vum Kand ze assuréieren. Domadder ass déi Këscht fir eis och e gudden Zougang zu de Famille fir esou Themen unzeschwätzen an ëmzesetzen."

D'Konzept vun der BebeBox kënnt aus Finnland, wou et sou Këschte schonn zanter den 1930er Jore gëtt. D'Iddi esou eppes och hei am Land ze initiéieren ass entstanen, wéi d'Katja Battin mat enger Kolleegin d'Eltere vun Zwillinge besicht huet, déi sech esou Këschten aus Finnland bestallt haten.

D'Hiewan Katja Battin vun der Alupse

Alles wat een an der "AlupseBebeBox" fënnt, ass hei zu Lëtzebuerg produzéiert, deelweis och an Ateliers protégés oder Ateliers therapeutiques.

Aktuell ass de Projet nach an enger Ufanksphas, vun der Fondation KPMG huet een d'Sue kritt, fir 30 Këschten ze produzéieren, déi elo am Fréijoer solle fäerdeg sinn. Geduecht sinn déi Bëbee-Boxen exklusiv fir Famillen, déi vum Service Alupse bébé suivéiert ginn.

Mee de Projet soll domat awer nach net eriwwer sinn, seet d'Katja Battin.

"Eisen Dram ass, datt dee Projet e laangt Liewen huet, an net nëmmen e Bëbee, deen elo op d'Welt kënnt an dann iergendwou verluer geet. Et wier scho ganz flott, wann dee Projet kéint weiderliewen. Mee datt dat geschitt, mussen och Suen do sinn, fir dat Ganzt ze finanzéieren."

Informatiounen iwwer de Projet, och wéi een en ënnerstëtzte kann, fënnt een ënner www.alupse.lu

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Gewalt géint Kanner
Weltkannerdag

Kanner hunn e Recht drop viru Gewalt geschützt ze ginn: esou steet et an der Kannerrechtskonventioun. Trotzdeem gëtt et déi Gewalt, och zu Lëtzebuerg. Mir hu bei Acteuren um Terrain nogefrot.

Kannerrechter
Matbestëmmung ass e Kannerrecht

Ronn 80 Kanner tëschent aacht a zwielef Joer hunn op der Kannerkonferenz hir Meenung geäussert an iwwer Kannerrechter diskutéiert. Am Virfeld vum Weltdag vun de Kannerrechter war d'Rahel Könen mat dobäi.

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    De Weekend

    • Liewe fir de Veräin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

  • Panorama

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen