Radioen

On air

Notturno  |  Anohni And The Johnsons - Why Am I Alive Now?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An d'Mille geroden: Den Ernest Hemingway zu Roudemer

Land a Leit

An d'Mille geroden: Den Ernest Hemingway zu Roudemer

Am Ausgang vu Roudemer a Richtung Ouljen erënnert en amerikanescht Krichsdenkmal dorunner datt den Ernest Hemingway hei am Dezember 1944 an der aler Mille gewunnt huet.

auto_stories

9 min

An der éischter Januarwoch 1945, also zimmlech genau viru 76 Joer, huet den amerikanesche Schrëftsteller a Krichskorrespondent Ernest Hemingway säi Brudder am Hotel Cravat an der Stad empfaangen.

An engem Bréif un de Leicester Hemingway huet de 45 järege säi 15 Joer méi jonke Brudder mat Aussicht op eng agreabel Zäit an der Hotelsbar gelackelt, wou hien an der Lescht "ëfters wonnerbar Destillater geschmaacht" hätt an een "agelullt an der Wäermt vun enger heiterer Gesellschaft, spéit am Dag Drinks wéi Dreem an dënne Glieser" zou sech huele kéint.

Op de Cyril Ray, e brittesche Krichsreporter, deen zu där Zäit och am Hotel aquartéiert war, fir am Nordoste vum Land d'Rundstedt-Offensiv ze couvréieren, an deen dem Hemingway seng Virkrichsromaner geschat huet, huet dat Ganzt en aneren Androck gemaach: "Den Hemingway war zimmlech zerstéiert a versoff zu där Zäit", erënnert hie sech spéider.

"Hien ass doruechter stolzéiert an huet mat Revolvere ronderëm hantéiert. Iwwer seng Affären nieft sengem Bestietnis wosst geschwë jiddweree Bescheed. An alles just fir no baussen hin de Haarden ze markéieren. Hien hätt besser gehat doheem ze bleiwen a Romaner ze schreiwen, amplaz sech vir ze maachen, et wier dem Papa Hemingway seng gëttlech Missioun gewiescht, op eege Fauscht Frankräich ze befreien".

Fir datt sech den Ernest Hemingway dann op säi klenge Brudder freet, dee gären doruechter mat sengem berüümte Schrëftstellerbrudder ugëtt, obschonn e vun him an der Ëffentlechkeet als "klenge Schäissert" bezeechent gëtt - dofir huet et scho ganz schlecht missen ëm de spéideren Nobelpräisträger stoen.

Martha Gellhorn: Eng Fra, déi näischt op sech sëtze léisst

"D'Marty war grad hei", schreift den Ernest Hemingway sengem Brudder. "Et ass net esou gutt gelaf. Hat ass eng richteg Fra mee..." schreift hien him.

Mam Marty ass d'Martha Gellhorn gemengt, dem Hemingway seng drëtt Fra, dài Chrëschtdag 1944 zu Lëtzebuerg antrëfft. An dat obscho si am Sträit ausernee gaange waren an den Hemingway dono alles dorunner gesat hat, hatt se boykottéieren a fir hatt - dat keng Akkreditatioun hat - eng Rees un d'Front onméiglech ze maachen.

Anescht wéi dem Hemingway seng viregt Fraen huet d'Martha Gellhorn awer ni eppes op sech sëtze gelooss an him ëmmer d'Meenung gesot, wann hatt et fir néideg gehalen huet.

Dat war den Hemingway net gewinnt. Hien huet eng Fra gebraucht, déi hie bewonnert a mat him Zäit verbréngt. Datt d'Martha Gellhorn quasi sämtlech Konflikter vum Ufank vum 20. Joerhonnert couvréiert, an hatt dofir grouss Bewonnerung genoss huet, huet bei him iergendwann Mannerwäertegkeetskomplexer ausgeléist, déi hie mat der Zäit gehässeg gemaach an esouguer dozou verleet hunn, ze behaapten, hien hätt d'Krichsreportage nei erfonnt, wann a Wierklechkeet Villes bei senger Fra ofgekuckt war.

Hie war sech viru sengem Depart kenger Gemengheet ze Schued a wann hien elo zu Lëtzebuerg war, da beispillsweis am Optrag vu Collier's, deem Magasinn, fir deen eigentlech seng Fra schreift. Wat sech dohannert verstoppt, konnt den Direkter vun dem Magasinn natierlech net wëssen. Grad esou wéineg, datt den Hemingway just fënnef Reportage schreiwen an dono nach exorbitant Speise verlaange géif a schlussendlech och nach kréie sollt.

Alles Saachen, déi wuel esou ugeluecht ware fir datt se dem Ruff vun der Martha Gellhorn bei der Zeitung schuede sollten. "Ech hu siwe Joer am Orbit vun dësem Mann verbruecht. Ech wier verdaamt bis an all Éiwegkeet, géif ech mech vun deene siwe Joer verfollege loossen, soll d'Martha Gellhorn spéider emol soen a verwonnert feststellen, datt d'Reporterin Mary Welsh, mat deem den Hemingway sech an der Tëschenzäit zu Paräis vergnügt hat, offensichtlech bereet war, "e Sklaven-Liewe mat enger Brutt vu Sklaven-Besëtzer" ze verbréngen. "Den Hemingway", seet hat, ass déi Zäit "mat all Joer méi mëll ginn. An zum gréisste Ligener zanter dem Münchhausen".

An trotzdeem war d'Martha Gellhorn elo zu Lëtzebuerg an huet sech an engem vun den zwee Korrespondenten-Hoteller, dem Hotel Cravat agedroen. Hei ass hatt dann och engem amerikanesche Colonel opgefall, deen hat spontan agelueden huet Chrëschtdag zesumme mam Hemingway um Kommandoposten ze feieren, natierlech ouni ze wëssen, datt déi zwee am Klinsch matenee waren, an och ouni datt d'Martha Gellhorn him eppes dovunner gesot hätt.

Den Hemingway war schonn de 17. Dezember komm. Esoubal hie vun der däitscher Konteroffensiv héieren hat. Hien hat sech allerdéngs schonn zu Paräis erkaalt an hat och en Autosaccident zu London hannert sech wéi hien, zimmlech verschweesstn den Hotel Ritz zu Paräis an engem Jeep zesumme mam LIFE-Korrespondent a spéidere Confident vum John F. Kennedy a Richtung Lëtzebuerg verlooss huet.

Eng Longenentzündung

Wéi hien dann ukoum, hat hien eng zolidd Longenentzündung. De Colonel Lanham, Kommandeur vum 22. Infanterie-Regiment, huet den Hemingway zu Jonglënster empfaangen. Hie huet e gutt kannt: E puer Méint virdru war de Schrëftsteller mam Colonel Lanham an den Hürtgenwald gaangen a seng Erliefnisser an engem Artikel mam Titel "War in the Siegfrid Line" beschriwwen.

Eng am Nachhinein schwéier traumatiséierend Erfarung net nëmme fir d'amerikanesch Arméi, déi hei e Virgeschmaach krut op dat, wat se spéiderhin an de Bëscher vu Vietnam erëmbegéine sollt, mee och fir den Ernest Hemingway, deen zwar mëttlerweil hei säi véierte Krich couvréiert huet an awer psychesch net op esou en Debakel virbereet konnt sinn. Op verschiddenen Deeg sinn an der sougenannter "Death Factory" bei Ooche bis zu 400 Zaldoten den Dag ëmkomm. Iwwer 2.500 insgesamt.

Wéi de Lanham den Hemingway gesinn huet, huet hien direkt en Dokter geruff deen him Antiobioticke verschriwwen an hien opgefuerdert huet, déi nächst Deeg d'Bett ze hidden am Quartéier zu Roudemer.

Den Ernest Hemingway an den Alkohol

Hei op der Strooss Richtung Ouljen war de Kommandoposte vum 22. Regiment an der aler Millen, engem Haus aus dem 18. Joerhonnert mat zolitte Kelleren ënnerbruecht. Esoubal den Dokter awer d'Haus verlooss hat, huet den Hemingway ugefaangen am Haus ronderëm ze geeschteren op der Sich no Flëssegem.

Well d'Haus engem Pater vun Iechternach gehéiert huet, hätt hien dann och relativ schnell de Masswäin entdeckt, deen zwar net faméis, mee ëmmerhin alkoholesch war. Wéi hie spéiderhi genësserlech engem Doktorand uvertraut huet, hätt hien dann och, well et dobaussen esou batter kal war, déi eidel Fläsche selwer nees opgefëllt a "Chateau Hemingstein 1944" drop geschriwwen.

Ob et sech heibäi ëm eng weider Münchhausiad handelt sief dohinner gestallt. Villäicht wollt hien och nëmmen d'Grenze vu sengem Korrespondent vun enger kathoulescher Uni an den USA testen.

Änleches huet hie sech nämlech mam methodistesche Regiments-Kaplan erlaabt, deem hien owes zu Roudemer aus de Rêveries vum Maréchale de Saxe virgelies huet, deen ausser engem brillante Militärtheoretiker ee vun 367 illegitimme Kanner vum August de Staarke gewiescht wier, wéi hien dem verdutze Kaplan erkläert huet, mat 14 säin éischt Regiment ugefouert hätt a sech engem Liewe vu Mosslosegkeet, Zügellosegkeet a Korruptioun higinn hätt, wärend hien an de Colonel keng Zäit hätte fir esou Saachen, soulaang de Krich am gaange wier wéi den Hemingway sech am Bréif erënnert.

E puer Deeg dorops war hie schonn nees monter an huet vun der Kopp zu Breidweiler aus de Virmarsch vun den amerikaneschen Zaldoten observéiert. Eng Foto vum 20. Dezember 1944 weist de spéidere Literatur-Nobelpräisträger virum Kommandoposte vum 12. Infanterie Regiment zu Jonglënster, nieft de Kommandeure Chance a Barton, agewéckelt an zwou pelze Pilotejacketten.

Eng lescht Nuecht mat der Martha Gellhorn

An dës viril Atmosphär vu Krich a Boxekuerderhumouer stéisst da Chrëschtdag 1944 d'Martha Gellhorn. No enger Feier mat de Genereel an den Zaldoten, deenen hir Regimenter bei der Sauer leien, fiert den Hemingway an de Cravat, wou en d'Martha Gellhorn iwwerzeegt kritt op e lescht Glas mat an de Kommandoposten op Jonglënster ze kommen.

Hat wëllegt an a wéi et Zäit ass schlofen ze goen, zesumme mat sengem Mann zu Roudemer an der Millen ze iwwernuechten. De Kommandeur, de Colonel Lanhman huet hinnen extra säin Zëmmer iwwerlooss a selwer a engem Won virun der Dier geschlof.

Et ass net gewosst, wat déi Nuecht passéiert ass zu Roudemer an der aler Millen, déi déi lescht war, déi d'Martha Gellhorn an den Ernest Hemingway zesumme verbruecht hunn. Dofir ass ëmsou méi kloer, wat an den Deeg drop tëscht hinne lass war.

Direkt den Dag dono kréie si sech am Auto an d'Woll, mat deem si d'Kommandoposten an der Regioun besichen. De Lanham an de Schoffer kréien alles mat. Dem Martha Gellhorn, deem den Hemingway d'Rees un d'Front boykottéiert hat, nëmme fir do mat enger Longenentzündung an engem Keller flott Spréch vu sech ze loossen, wärend ronderëm gestuerwe gouff, ass sengem Nach-Mann säi Getéins am Auto iwwer seng Erfarungen am Hürtgenwald elo déck op d'Strëmp gaangen. Him ass de Kol geplatzt an hat huet hien op franséisch zur Ried gestallt. De Colonel Lanham sot léiwer näischt, mee wéi den Tour eriwwer war ass den Hemingway explodéiert an hien huet d'Martha Gellhorn virun deenen aneren erofgemaach.

Hellegowend dann, d'Martha Gellhorn war grad zeréck vun enger Reportage zu Baaschtnech, huet sech de Bob Walton, dee LIFE-Reporter vun deem virdru rieds war, bei der Krichsreporterin virgestallt. Warscheinlech huet hie versicht ze retten, wat nach ze rette war, ass mam Marthal Gellhorn an der Péitruss Schlitt fuere gaangen an huet hatt fir d'Owesiessen agelueden.

Den Hemingway, deen hien dobäi invitéiert hat, huet awer de ganzen Owend just verbattert Remarke gemaach iwwer dem Iessen. Wéi de Walton him gesot huet, datt säi Behuelen onméiglech wier, huet de Schrëftsteller gemengt., datt een en Elefant net mat Bou a Feil erschéisse kéint.

Hien huet offensichtlech op der Martha Gellhorn hir déck Haut ugespillt. Kuerz drop awer ass en opgestanen, huet aus dem Botzlokal am Hotel Cravat en Eemer an e Schruppert stibitzt, an ass mat dem Eemer um Kapp an dem Schruppert ënnert dem Aarm wéi e Ritter erop virun der Martha Gellhorn hir Zëmmerdier Radau maache gaangen. Ëmsoss. Fir d'Martha Gellhorn, dat deen Owend d'Dier net méi opgemaach huet, war hiert Bestietnis elo definitiv um Enn ukomm.

D'Mille vu Roudemer: eng symbolesch Plaz

Zeréck an den USA huet hatt d'Scheedung ageriicht. Den Hemingway, deen nach e puer Deeg zu Lëtzebuerg bliwwen ass a mat sengem Brudder uechter d'Land Positioune vun der US-Arméi ukucke gaangen ass, ass kuerz drop zeréck op Kuba gefuer, wou hie lues a lues an Depressioun versenke sollt.

Lëtzebuerg huet net dee beschten Androck hannerlooss. An esou onméiglech säi Verhalen, ëmsou onverkennbar ass säi psychesch Verfall zu deem Moment. Et gëtt Leit, déi dat iwwer seng bipolar Veranlagung a säin Alkoholismus eraus, mat sengen traumateschen Erliefnisser am Hürtgenwald a Verbindung bréngen.

Och d'Aggressioun géint d'Martha Gellhorn hu verschiddener esou ausgeluecht, datt hien hatt dofir verantwortlech gemaach huet, datt hien un d'Front gefuer ass. Et ass awer gewosst, datt hien dono Schwieregkeeten hat mat iergendengem, deen net dobäi war, doriwwer ze schwätzen, ouni sech schwaach an onverstanen ze fillen. Senger véierter Fra Mary Welsh wäert hien ëmmer rëm vun Albdreem schwätzen, an deenen hie vu Wehrmachstzaldoten ëmzéngelt gëtt.

D'Mille vu Roudemer ass also a villen Hisiichten eng symbolesch Plaz, déi dee Moment markéiert, wou den Hemingway an d'Mille vu sengem eegenen ongesonde Liewensstil geréit an net méi dorausser erausfanne sollt.

Hei kënnt iergendwéi alles zesummen, seng Sich no Material, no deem, wat de Krich mat deene mécht, déi e materliewen, e psychescht Leiden, dat onbehandelt ass, a säi Verhältnis zur Fräiheet, zu Fraen, zu Sex a romantescher Léift.