Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Andy Genen - d'BD als Passioun

Am Gespréich

Andy Genen - d'BD als Passioun

Den Andy Genen ass zanter méi ewéi 15 Joer als Zeechner am klengen Universum vun der Lëtzebuerger BD ënnerwee. No der Première huet hien zu Bréissel op Konschthéichschoul Saint-Luc e Graduat en Arts Graphiques / Bande dessinée gemaach an ass zanter 2004 als fräiberufflechen Zeechner an Illustrator nees zu Lëtzebuerg.

auto_stories

5 min

En Autoportrait vum Andy Genen

2005 hat den Andy Genen zesumme mam Zenarist Lucien Czuga d'Serie "De leschte Ritter" lancéiert. 20 Albummen, déi hien entweder ganz oder deels gezeechent huet, stinn ewell ënner sengem Numm am Lëtzebueger Autorelexikon, méi wann och déi divers Iwwersetzunge vu senge BDen an aner Sprooche matzielt.

Aktuell zeechent a schreift den Andy Genen u senger Serie "Tow & Tank" wou deen éischten kompletten Arc vun der Geschicht op siwe BDen opgedeelt gëtt, déi dräi éischt sinn ewell publizéiert.

De Batman ass un allem Schold

Scho ganz fréi huet den Andy Genen éischte Kontakt zu der BD an de Comicke gehat. Et waren "Lustige Taschenbücher", déi deemools jo no zwou faarwege Säiten ëmmer zwou Säiten a schwaarz-wäiss haten, déi hien schonn am Alter vun zwee Joer koloréiert huet. Richteg getriggert gouf seng Passioun fir d'BD awer eréischt nodeems hien, sechs Joer jonk, vu senger Mamm e Batman-Comic geschenkt krut:

"Den aschneidende Moment war mat sechs Joer. Ech hat an der Schoul dunn eng Kéier gutt geschafft a doropshin huet meng Mamm mir e Batman-Comic vum Akafe matbruecht, an duerno war ni méi eppes d'selwecht."

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

E Comic-Zeechner ass en Handwierker

No senger Première wollt den Andy Genen studéiere goen. Den Dram vun der "Joe Kubert school of cartoon and graphic art", enger vun den renomméiertste Schoule fir Comiczeechner, huet sech erfëllt, mee och um Institut Saint-Luc zu Bréissel kann een zum Comiczeechner ausgebilt ginn.

Eng Ausbildung, an där hien ënner anerem de Benoît Peeters, deen zanter 1983 fir d'Editions Casterman Zeenarie schreift, a warscheinlech ee vu gréisste Kenner vum Hergé sengem Wierk, zu deem jo och den Tintin gehéiert, ass.

E Comic-Zeechner ze ginn ass fir den Andy Genen e laange Prozess, an deem eng fundéiert Ausbildung hëllefe ka fir zu sech an zu sengem Stil ze fannen:

"Du kanns net just dohinner sëtzen an eng Kéier mam Fanger schnippsen a schonn hues du deng BD fäerdeg! Du muss iwwer Joren üben an du kanns vill Saachen och üben. Anatomien zeechnen, Perspektiv zeechnen, Faarwen, Kompositioun. Déi Villsäitegkeet mécht de Beruff och cool."

Den zweeten Deel lauschterenplay_arrow

Duerch Fan-Art zum Gaaschtzeechner am Superjhemp

No sengen Etüden zu Bréissel huet den Andy Genen séier Fouss an der Welt vun der Lëtzebuerger BD gefaasst. Dat well e sech en Häerz geholl hat a Roger Leiner a Lucien Czuga e Fan-Art vum Superjhemp geschéckt hat.

Déi zwee Pappe vum erfollegräichste Lëtzebuergesche Comic vun allem Zäiten waren esou begeeschtert, datt den Andy Genen dunn eng Säit am Superjhemp-Album "De Fluch vun der 23" huet dierfen zeechnen.

Duerch dës Renconter ass dunn och déi éischt BD-Serie entstanen, déi den Andy ganz gezeechent huet. Fir déi dräi Bänn, wou de Jang de Blannen an d'Lëtzebuerg vum 21. Joerhonnert katapultéiert gouf, huet den Andy Genen mam Lucien Czuga als Zeenarist zesummegeschafft :

"Am Ufank sollte mir den James Blond maachen, well d'Säit am Superjhemp war eng Säit vum James Blond. Mir hunn och dodru geschafft, mee et war mir u sech ze vill Superjhemp mat Geheimagent. Ech maachen net gären Saachen, déi vu vireran no eppes Aneschters schmaachen"

Den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

De Eegeverlag als Businessmodell

Seng éischt Comicken huet den Andy Genen bei den Editions Revue an den Editions Schortgen erausbruecht, mëttlerweil publizéiert hien awer am Eegeverlag. Dat läit drun, datt et zu Lëtzebuerg kee spezialiséiert Editiounshaus fir BDe gëtt an et als Lëtzebuerger Zeechner och net wierklech einfach ass en auslännescht Editiounshaus ze fannen, scho guer net BDen op Lëtzebuergesch.

Den Trend, datt Zeechner hir Comicke selwer erausbréngen, ass awer keen, dee sech op de Grand-Duché beschränke géif. Och an de groussen Länner, déi eng laang BD-Traditioun hunn a wou et e grousse Marché fir d'BD, de Comic an d'Graphic Novel gëtt, publizéiere vill Kënschtler hir Saachen ewell selwer.

D'Erklärung ass, datt d'Editiounshaiser hir Publikatiounen no reng kommerziellen Aspekter Iwwerleeungen erausbréngen, wat der Kreativitéit dacks Dieren einfach zouschléit. Dat war awer de Grond, firwat den Andy fir seng aktuell Serie "Tow & Tank" d'Auto-Editioun gewielt huet:

"Ech hunn déi Serie am Fong am Geheimen ugefaangen ze developpéieren. Ech hat, nodeems ech jorelaang geschafft, geschafft, geschafft hunn, e klenge Burn-out, duerch all déi Commanden, déi ech gemaach hunn. Dunn hunn ech mir geduecht, du muss mat engem neien Universum vu vir ufänken, ouni ze wëssen, ob eppes dobäi erauskéim, mee no engem Joer war den Album fäerdeg an dunn hunn ech en och erausbruecht."

De véierten Deel lauschterenplay_arrow

BD

Am Laf vun de leschte Joren huet sech de Stellewäert vun der BD an der nationaler Kulturlandschaft verbessert, esou den Andy Genen. Zwee Buchpräisser, déi hien zesumme mam John Rech fir hir Kollaboratioune gewonnen huet, an ee Buchpräis, deen u Leiner an Czuga gaangen ass, géifen dat ënnersträichen.

Dat ass awer net vun eleng gaangen. D'Asbl "Frënn vun der néngter Konscht", déi virun engem Joer entstanen ass an an deem nieft Comic-Zeechner, Fans an och d'Organisateuren vum BD-Festival zu Konter vertruede sinn, soll hëllefen, datt d'BD net just deen ee Weekend am Joer kulturell zu Lëtzebuerg present ass.

Ob een iergendwann awer just vum BD-Zeechnen hei zu Lëtzebuerg liewe kann, wot den Andy Genen net virauszesoen. Säi Rot u Jonker ass awer: probéiert et!

"Et gëtt näischt méi Cooles wéi duerno däin eegent Buch am Grapp ze halen, mee et ass schwiereg dovunner liewen ze kënnen, an et verlaangt eng grouss Flexibilitéit. Mee wien et maache wëllt, soll et maachen, wann och just niewebäi."

De leschten Deel lauschterenplay_arrow