Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anescht, besonnesch, Bäckesch

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Anescht, besonnesch, Bäckesch

D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erzielt eppes iwwer den "sch" bei Wierder wéi "Bäckesch".

auto_stories

3 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft fir den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Mer haten d'leschte Kéier iwwer Fëmmerten a Fëmmesche geschwat, iwwer de Bäcker an d'Bäckesch. An hei wollts de eis méi iwwer deen "esch" erzielen.

Caroline Döhmer: Ganz genee. Spannend ass, datt deen "sch" am Fong aus der Kombinatioun "rs" entstanen ass.

Kucke mer eis d'Wuertbildung vun der "Bäckesch" emol méi genee un:

Verb: baken > gëtt e Substantiv: Bäcker > gëtt weiblech: Bäckers(fra) > Bäckesch.

Den "sch" fanne mer op ville Plazen, wou am Fong en "r" an en "s" openeestoussen. Dat gesäit een dacks, wann ee sech déi passend däitsch Wierder mol ukuckt.

Wéi seet een op Lëtzebuergesch "anders"?
Anescht.

A "besonders"?

Besonnesch.

Maja. Bei dëse Wierder hu mer den "ers" zu "esch" assimiléiert, wéi een an der Linguistik seet. Déi Lauter hu sech géigesäiteg verformt souzesoen, se bilden elo eng Eenheet, déi ee besser artikuléiere kann.

Oder kuck emol e Wuert wéi "Dokteschrechnung". Muss déi vun enger Doktesch sinn?

Fir mech net, also et kéint och en Dokter sinn, deen d'Rechnung schreift.

Genee. Wat hei geschitt ass, ass nees d'Assimilatioun vun "r" an "s" zu "sch". Also mer hunn d'Zesummesetzung vun "Dokter" a vu "Rechnung" an dertëscht steet nach de berüümte Fouen-s. Awer mer soen hei net "Doktersrechnung", mee "Dokteschrechnung", wat da witzegerweis ausgesäit wéi déi weiblech Form "Doktesch".

Dat selwecht geschitt och beim Wuert "Neijooschdag". Hei goufen och den "r" an den "s" zesummegezunn. Also "Nei+joer+s+dag" = Neijooschdag.

D'selwecht och beim "Donneschdeg", deen am Däitsche wéi ass?

Donnerstag.

Mam "r" a mam "s"! A wéi d'Bäckersfra hate mer hei och esou eng Konstruktioun, et ass den Dag vum germanesche Wiedergott "Donar": Donar(e)stag > Donnersdag > Donneschdeg.

Déi Lëscht mat den sch-Wierder kéinte mer lo laang weiderféiere mam "Nopeschduerf" (Noper+s+duerf) oder mam "Wäiwaasseschdëppchen" (Wäi(n)+waasser+s+dëpp+chen).

Eng Saach ass awer nach flott, déi ech an dësem Zesummenhang uschwätze wollt. Kenns de déi Tournure am Lëtzebuergeschen, wou een de Familljennumm als éischt nennt an dono de Virnumm.

Bei Frae gëtt et dat natierlech och. Do wier ech dann: d'Döhmesch Caroline oder och manner elegant d'Döhmesch.

An hei geschitt genee dat selwecht mam "r" a mam "s": Un den Döhmer gëtt e Genitiv-s ugehaangen, well d'Caroline en Deel vun den Döhmeren ass, wat mat dësem relationale Genitiv ausgedréckt gëtt.

An den "s" vun dëser aler Genitivkonstruktioun trëfft elo op den "r" aus mengem Familljennumm (Döhmer+s) a scho lande mer beim "sch": Döhmesch.

Doriwwer hate mer, mengen ech, scho geschwat, oder? Genitiv an esou, dat seet mer eppes.

Jo, dat war eng vun eisen éischten Episoden! Episod 7 virun zimmlech genee engem Joer!