Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Angscht virum Milliounen-Awunner-Staat

Migratioun

Angscht virum Milliounen-Awunner-Staat

Zu Lëtzebuerg geet d'Angscht vun enger Milliounen Awunner ëm. D'Diskussioun iwwert d'Opnam-Méiglechkeete geeschtert an de Käpp vun all deenen, déi der demographescher Entwécklung Grenze setze wëllen.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Verstoppte Stroossen, Mangel u Wunnengen, Schoulen, déi musse gebaut ginn, Infrastrukturen, déi net séier genuch nokommen, Opnamkapazitéiten, déi un hir Grenzen stoussen... Dat si just e puer Schlagwierder, déi een a verschiddene Kreesser vun eiser Gesellschaft héiert, déi virun engem weidere Wuesse vun eiser Bevëlkerung warnen.

Déi lescht Joerzéngte war déi demographesch Entwécklung zu Lëtzebuerg effektiv spektakulär: goufen 1961 nach 315.000 Awunner gezielt, waren et der am Joer 2000 schonn 433.000. Am Joer 2010 gouf déi hallef Millioun iwwerschratt, an d'lescht Joer sinn net manner wéi 576.000 Residente gezielt ginn.

Wuesstem duerch Zouwanderung

An engem Europa, wou de wirtschaftlechen Opbau ganz vill vum Bäitrag vun auslänneschen Aarbechtskräften ofhänkt, zitt Lëtzebuerg Joer fir Joer ëmmer méi Leit un, déi bereet sinn, zu eisem Wuelstand bäizedroen an eis Sozialversécherung matzefinanzéieren. Si hëllefen an engems, eis Bevëlkerung ze verjéngen an erspueren eis doduerch een ze séiere Veralterungsprozess, deen eis Staatsfinanzen nach méi géif belaaschten.

Datt dobäi och Wuesstemsproblemer entstinn, dierft keen erstaunen: Déi demographesch Entwécklung huet sech an den leschten 20-30 Joer därmoossen acceleréiert, datt d'Infrastrukturen nëmmen mat engem gewëssenen Ofstand un déi nei Gegebenheete kënnen ugepasst ginn. Dat gefält natierlech net jidderengem, obschonn eise Staat an deem Beräich vill manner Problemer kennt, wéi munch aner Länner. Ausserdeem ass d'Bevëlkerungsdicht vu Lëtzebuerg am internationale Verglach nach relativ niddreg, a wäert et trotz Awanderung och nach a Zukunft bleiwen.

Et ass am Fong erstaunlech, datt d'Industrielänner sech mam Phänomen Immigratioun esou schwéier dinn. Migratioun ass esou al wéi d'Mënschheet. Si huet d'Geschicht vun eise Gesellschaften ëmmer erëm gepräägt, mä mir héieren dat net gär. Oder wëllen eis et net agestoen.

Migratiounsbeweegungen an der EU

Eng Etude vun Eurostat huet gewisen, datt 2013 an der EU Italien deen gréissten Zouwuess kannt huet, mat 1,18 Millioune Leit netto. D'Land läit domat wäit virun Däitschland mat 466.000 Leit a Groussbritannien mat eppes manner wéi 200.000 Leit.

Italien an Däitschland gehéieren zu deene Länner a Westeuropa, wou den "Taux de reproduction" am déifsten ass, an déi doduerch op de Migratiounszouwuess ugewise sinn. E Bevëlkerungsréckgank hunn 2013 an der EU virun allem d'Südlänner kannt, als alleréischt Spuenien, wäit viru Griicheland a Portugal. Si leiden ënnert chronesche wirtschaftleche Schwieregkeeten a verzeechnen ausserdeem en héije Chômage. Grad esou wéi a verschiddenen osteuropäesche Staate kann an deene Länner d'Immigratioun d'Zuel vun den Ofgäng nëmmen deelweis kompenséieren.

Flüchtlingen - e weltwäit Trauerspill

Niewent de wirtschaftlechen Iwwerleeunge spillen natierlech och Kricher eng Roll an de Migratiounsbeweegungen. Nëmmen e klengen Deel vun den Flüchtlingen, déi an den leschten Joren hiert Heemechtsland verlooss hunn, hunn de Wee no Europa fonnt. Déi allermeescht sinn entweder bannent de betraffene Länner oder an d'Nopeschlänner geflücht. An trotzdem sinn d'EU-Staaten net amstand, d'Lascht vun den Refugiéen ënnert sech méi gerecht ze verdeelen. Och den Accord mat der Tierkei dierft de Flüchtlingsproblem kaum léisen, mä éischter verlageren.

Wuel ass Europa net déi eenzeg Géigend, an där sech dëst Trauerspill ofspillt. An de räiche Golfstaaten zum Beispill, ass d'Bereetschaft, Flüchtlingen opzehuelen, nach méi kléng. Och an Asien ginn d'Grenzen zougemaach an domat entsteet eng humanitär Katastroph, vun där bal net geschwat gëtt. Dobäi steieren och do verschidde Länner groussen demographeschen Problemer entgéint: Sou riskéiert China duerch déi restriktiv Natalitéitspolitik e Veralterungsprozess, an Indien wäert duerch eng massiv Ofdreiwung e Mangel u weiblechem Nowuess kennen. Op Dauer kënnt domat d'soziaalt Gläichgewiicht un d'Wackelen, wat an deene Länner de Wuesstem bremsen an eng méi grouss Gewaltbereetschaft ausléise kéint.