Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Trio Sud - Darn That Dream

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch

Sot Emol

Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch

Mat hire Geschichte fir Kanner ass d'Anja Di Bartolomeo reegelméisseg an de Kanneremissioun vum radio 100,7 ze héieren. Schreiwen ass deemno e Beräich, deen eng grouss Plaz an hirem Liewen anhëlt.

auto_stories

2 min

headphones

78 min

play_arrow
D'Anja di Bartolomeo.

Lauschterenplay_arrow


An der Lescht huet hirt Schreiwen awer eng nei Approche kritt, nämlech datt si och e jonke Public cibléiert, wéi hire leschte Roman "Koma 21".

Gerechtegkeet a Solidaritéit

D'Anja Di Bartolomeo ass e ganz engagéierte Mënsch speziell a Bezuch op Theeme wéi Gerechtegkeet a Solidaritéit. Et sinn och besonnesch Gesondheetstheemen, déi si interesséieren an do steet d'Santé mentale och ganz uewen, besonnesch well si selwer concernéiert war.

Esou erkläert d'Anja Di Bartolomeo, datt si eng Zäit Anorexie hat, an och Depressiounen zu engem Zäitpunkt:

"Ech hat Schwieregkeeten, datt dat soll acceptéiert ginn. Ech hat och Schwieregkeeten et selwer ze acceptéieren, ech hat ganz grouss Problemer fir driwwer ze schwätzen. Wann ech mech dorun erënneren, dann ass dat wierklech eng ganz schlëmm Zäit fir mech gewiescht an ech hunn och ganz laang d'Gefill gehat, e Stéck vu mengem Liewe verpasst ze hunn."

Dofir setzt sech d'Anja Di Bartolomeo och an, fir privat a professionell d'Mënsche fir de Sujet vun der Santé mentale ze sensibiliséieren an och d'Präventioun besonnesch bei jonke Mënsche weider ze bréngen.

Asaz fir d'Acceptanz vu rare Krankheeten

D'Anja Di Bartolomeo ass och nach Vizepresidentin vun der ALAN, der Associatioun vun de rare Krankheeten, wou si och ganz vill Energie drastécht. An als betraffe Mamm steet bei der Anja Di Bartolomeo och do d'Sensibiliséierung ganz uewen:

"Zum Beispill vum Schoulpersonal, well wann een et net gesäit, dann ass et schwéier. Firwat schreift dat Kand net schéin, wat hues du eng elle Schrëft, ech zéien dir elo fënnef Punkten of. Mee vläicht huet dat Kand jo e Grond. Mee et ginn awer ganz Leit, déi immens vill Versteesdemech hunn a positiv ënnerstëtzen."

An dofir ass et wichteg, datt eis Gesellschaft sech all deem bewosst gëtt, a virun allem emol de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt.