Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Norah Jones - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Antikapitalismus vu riets

Fräie Mikro

Antikapitalismus vu riets

Kritik um Kapitalismus war traditionell d'Charakteristik vun den lénke Parteien a Politiken. Mä net all Antikapitalismus kennt vu lénks. An de leschte Joren a virun e puer Deeg an Italien gesi mir, datt déi rietspopulistesch a rietsextrem Parteie sech dës Kritik op eng zimlech wierksam Aart a Weis ugëeegent hunn. Dozou e Fräie Mikro vum Psychoanalytiker an Auteur Thierry Simonelli.

auto_stories

3 min

Thierry Simonelli

Heiansdo schéngt et, wéi wann zënter dem September 2008, zënter der leschter Weltwirtschaftskris, de Kapitalismus fir vill Leit net méi esou gutt ausgesi géif.

Mä am Réckbléck kënne mir och gesinn, datt dat, wat 2008 vu ville mat Hoffnung oder mat Erschrecken d'Kris vum Kapitalismus genannt gouf, am Fong just eng weider Kris am Kapitalismus war.

Kapitalismuskritik am Mainstream

Mä och nodeems et elo bal fënnef Joer sinn, datt an der Eurozon erëm Wuesstem ugesot ass, mierke vill Leit, datt dëse flotte Wuesstem si iergendwéi ausléisst. Dofir gëtt eng gewëssen Zort vu Kritik um Kapitalismus esou lues zum Deel vun der Massekultur.

Wien huet haut net emol schonn hei oder do e Saz vum Chomsky zitéiert, oder mam Thomas Picketty festgestallt, dat déi Räich nach ëmmer méi räich, an déi Aarm nach ëmmer méi aarm ginn?

Mä dës scheinbar nei Kapitalismuskritik ass trotzdeem scho vill méi laang am kulturelle Mainstream ukomm. Viru genee 21 Joer konnt eng vun de gréissten internationalen Aktiegesellschaften, ganz ouni Ironie, mam Slogan werben: "There are some things money can't buy. For everything else, there's MasterCard."

Déi gutt al Wäerter

Dësen Antikapitalismus, deen haut erëm ganz aktuell ass, charakteriséiert sech duerch seng Opleenung géint d'Géigewaart. An dëser Optik huet de Kapitalismus alles futti gemaach, wat emol gutt war. Mam Kapitalismus goung also eppes verluer: Eng besser Welt, eng Communautéit, eng Aart a Weis zesummen ze liewen, a virun allem ... natierlech ... déi gutt al Wäerter.

Hautdesdaags, beschwéiert sech dës Kritik natierlech net zu onrecht, geet alles just nach ëm de Maart, ëm Wuesstem an ëm Suen. Fréier war dat net esou.

An eng Gesellschaft, déi just op Suen an domat op ekonomesch Kompetitioun aus ass, ass eng Gesellschaft, an där d'Leit just nach no hiren eegenen Avantagë kucken. Hei gëtt et keen Zesumme méi, mä just nach egoistesche Kampf vu jidderengem géint jiddereen.

Dëse scheinbar neien Antikapitalismus ass eng vulgariséiert Form vun deem, wat den ungaresche Philosoph Georg Luk­acs 1940 schonn de "romanteschen Antikapitalismus" genannt huet. De romanteschen Antikapitalismus ass eng ästhetesch a moralesch Figur, déi vum 18. Joerhonnert un a Frankräich mat Denker a Schrëftsteller wéi dem Rousseau, dem Stendhal an dem Balzac, an an Däitschland mam Hölderlin a mam Heine zum Droe koum.

A senger Nostalgie fir eng Zäit virum Kapitalismus verwandelt de romanteschen Antikapitalismus déi besser Vergaangenheet an eng restaurativ Utopie: esou wéi fréier soll et muer erëm ginn.

Antikapitalismus bei Populisten

A senge vulgariséierten a virun allem populistesche Formen huet dësen Antikapitalismus scho laang opgehalen en Attribut vun de lénke Parteien ze sinn. Et sinn déi rietspopulistesch an déi rietsextrem Parteien, déi d'Roserei an Humiliatioun, déi vun der Wuesstemsrelioun provozéiert ginn, am beschte mobiliséiert kréien. Dat gesäit een esou wuel beim Succès vum Marine Le Pen senge Kritiken um Argent Roi an de Super-Räichen, wéi bei de Resultater vun den italienesche Legislativen.

De romanteschen Anti-Kapitalismus, ob riets oder lénks, ass am Wiese reaktionär. Populistesch gëtt en, wann e mat personaliséierte Kritiken un de Räichen oder de korrupte Politiker nei Demarkatiounslinnen tëscht eis - einfachen, éierleche Leit - an hinnen - de verlugenen, geldgieregen Egoisten - zéien kann. Dës Form vun Antikapitalismus ass erëm immens attraktiv, virun allem och bei Wieler, déi traditionell lénks stoungen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.