Radioen

On air

Notturno  |  Jaimie Branch - Theme 001

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Archivgesetz: Eng Rei Froe stinn op

Fräie Mikro

Archivgesetz: Eng Rei Froe stinn op

Den 1. September 2018 krut Lëtzebuerg en Archivgesetz. En historesche Schrëtt a Richtung méi Demokratie a méi Transparenz. Déi praktesch Ëmsetzung wërft awer och nei Froen op, mengt den Denis Scuto.

auto_stories

4 min

Denis Scuto

D'Freed war grouss am Juli dëst Joer bei den Archivisten, Bibliothekären, Dokumentalisten, Chercheuren a bei all deenen, déi sech der Wichtegkeet vum kulturelle Patrimoine vun engem Staat bewosst sinn. Méi wéi 200 Joer nodeems d'Groussherzogtum gegrënnt gouf, huet dëse Staat sech endlech, de 17. August 2018, en Archivgesetz ginn.

Dat eleng wier eng Recherche wäert. Firwat huet et sou laang gedauert bis Regierung a Parlament et derwäert fonnt hunn Archiven, déi enk mat der historescher Memoire an Identitéit vum Land a vun der Bevëlkerung zesummenhänken, gesetzlech ze schützen? Firwat huet et bis 2018 gedauert bis e Gesetz en Accès reegelt zu den historeschen Dokumenter, déi ëffentlech Institutioune produzéieren, bis e Gesetz also elementar demokratesch Rechter garantéiert, wéi d'Kontroll vum Staat duerch seng Bierger a Biergerinnen oder administrativ Transparenz.

Archive sinn ëmmer a Gefor

Mir hunn eis zu ville gefreet, well e gudden Deel vun eiser Fuerschungsaarbecht bis elo aus Kapprësele bestanen huet. Kapprësele wann een héiert, datt den NATO-Grënnungsakt, deen e Lëtzebuerger Premier mat ënnerschriwwen huet, einfach geschreddert gouf. Kapprësele wann een héiert, datt eng Verwaltung bei hirem Demenagement historesch Dokumenter ewechgeheit huet. Kapprësele wann d'Gemengen dacks mol net wëssen, wat fir eng Archive se hunn, respektiv wou se leien. Dat weist net nëmmen en Defizit un Archivkultur, mee un Demokratie. Bei Archive vun net-staatlechen Institutiounen ass et net besser. ArcelorMittal soll kierzlech historesch Dokumenter vun der Zentralverwaltung ewechgeheit hunn. Trotz widderhuelten Opfuerderunge vun Historiker zanter den 1980er Joren dës, wéi déi aner Arbed-Archiven, dem Nationalarchiv ze verséieren. Archive sinn ëmmer a Gefor. Net nëmmen wéinst der Vergänglechkeet vum Material, op deem se conservéiert ginn. Och wann d'Fro vun hirer materieller Preservatioun grad am digitalen Zäitalter eng Risenerausfuerderung u sech ass. Dee selwechte schlampegen Ëmgang mat hirem historesche Patrimoine charakteriséiert vill Gewerkschaften a Parteien.

Onverständlech Extrawurscht fir Gemengen

Et wonnert dann och net, datt et haaptsächlech dem Engagement vun den Archivisten, Bibliothekären a Fuerscher selwer ze verdanken ass, datt am Gesetz als ëffentlech Archiven net nëmmen déi Dokumenter gëllen, déi vu staatlechen Administratioune produzéiert oder empfaange ginn, mee och déi vun de Gemengen, der Chamber, dem Conseil d'Etat, der Cour Grand-Ducale, de Kierchen oder nach den Notairen. Nogehaakt huet interessanterweis och misse gi fir ze verhënneren, datt Dokumenter, déi ënner de Secret fiscal falen, net legal kënnen op der Bankeplaz Lëtzebuerg geschreddert ginn, mee, wann och eréischt no enger Schutzfrist vun 100 Joer, fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn. Onverständlech bleift fir mech, datt d'Gemengen, vun deenen déi mannst bis elo professionell geréiert Archiven hunn, eng Extrawurscht kruten a prinzipiell esou weider d'Recht behalen, hir Archiven no der Expiratioun vun hirer "durée d'utilité administrative" ze zerstéieren.

Fuerschung muss am Conseil des archives representéiert sinn

Bedauerlech ass och, datt am legislative Prozess zwar ganz vill Institutioune formell consultéiert goufen an hiren Avis dozou konnten ofginn - Parquet, Associatiounen vu Bibliothekären an Archivisten, de Bistum, de Presserot, d'national Dateschutzkommissioun, de Syvicol, souguer de SREL - mee net ee vun de wichtegste Gruppe vun Utilisateure vun Archiven. An dat sinn d'Chercheuren, dat sinn all déi, déi Archive consultéieren fir neit Wëssen iwwer dës Gesellschaft ze produzéieren an esou, wéi d'Kulturkommissioun vun der Chamber et an hirem Rapport formuléiert, dëser Gesellschaft erlaben, sech weiderentwéckelen an opgekläerten Decisioune fir d'Zukunft ze treffen. Et ass ze hoffen, datt d'Fuerschung op d'mannst am Conseil des archives, deen d'Gesetz virgesäit, wierklech representéiert ass.

Méi efficace Prozeduren

Dat erkläert leider eng Rei Kannerkrankheete vum Archivgesetz, méi speziell wann et ëm d'Fro vun der Kommunikatioun vun den Archive geet. E legalen Avis vun engem Organ wéi der Uni Lëtzebuerg an anere Fuerschungsinstituter zu Lëtzebuerg hätt vläicht verhënnert, datt zum Deel am internationale Verglach an am Verglach zur gängeger Praxis virum Gesetz hei am Land méi ongënschteg Schutzfristen agefouert ginn. Déi nei legal Schutzfrist vu 75 Joer fir ëffentlech Dokumenter mat perséinlechen Informatioune féiert dozou, datt bei Dossieren aus dem Zweete Weltkrich, déi bis elo direkt disponibel waren, fir d'éischt eng bürokratesch Prozedur néideg ass, bei där d'Archiven d'Produzenten, zum Beispill d'Ministèren ëm Erlaabnis froen. Mam Resultat, datt net nëmme Fuerscher mee och Archivisten a Fonctionnairen a Ministèren mat ville Paperassen am Gaange sinn hir Zäit ze verléieren. Am Ausland hunn d'Archivinstitutiounen dowéinst generell Accorde mat den Archivproduzenten ofgeschloss, déi an den allermeeschte Fäll dës Prozeduren iwwerflësseg maachen.

Et kann net sinn, datt ech als Fuerscher méi einfach zu Berlin, zu Paräis an zu Washington un zäithistoresch Dokumenter komme wéi zu Lëtzebuerg. An där Hisiicht ass ze hoffen, datt all concernéiert Institutiounen a Gruppe sech sou séier wéi méiglech un een Dësch setzen fir déi Kannerkrankheeten ze behiewen. Well hei geet et engersäits ëm fundamental demokratesch Rechter an anerersäits ëm d'Kompetitivitéit vum Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.