Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.1 an Do Majeur, K279, I. Allegro - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass den IS wierklech um Enn?

Irak a Syrien

Ass den IS wierklech um Enn?

No der Eruewerung vun der Al-Nuri Moschee an der irakescher Stad Mossul huet den irakesch Premier Haider Al-Abadi ugekënnegt, de auto-proklaméierte Kalifat vum Grupp Islamesche Staat wier elo um Enn. A Syrien huet déi vun den USA ënnerstëtzen Truppen iwwerdeems annoncéiert, si wieren drop an drun d'Staat Raqqa, dem IS seng Héichbuerg a Syrien, ze stierzen. Mä ass den Islamesche Staat wierklech am Irak an a Syrien wierklech no "um Enn"?

auto_stories

2 min

Den Tallha Abdulrazaq ass Fuerscher am Department Strategy and Security op der Universitéit vun Exeter a Groussbritannien. Hie publizéiert reegelméisseg Artikelen iwwert den Irak, Syrien an den Islamesche Staat. D'Ukënnegung vum irakesche Premier, datt de Kalifat vum Islamesche Staat am Irak um Enn wier, stëmmt dem Tallha Abdulrazaq no net. Dat wiere just symbolesch, triumphalistesch Rieden, déi net op der Realitéit géife baséieren. Dat wier de fundamentale Problem mam irakesch Staat. Et hätt een et mat enger Zort Pantomim ze doen, wou géif probéiert ginn d'Leit ze versécheren. An der Realitéit wier awer et een Echec nom aneren.

IS kontrolléiert wichteg Territoiren

Den irakesch Premier hat zanter Ufank vun der Offensiv op Mossul ëmmer nees Victoiren ugekënnegt, an et hätt ni gestëmmt. Den IS wier wuel geschwächt am Irak, mä géif do nach ëmmer Territoirë kontrolléieren, sou den Tallha Abdulrazaq vun der University of Exeter:

"Den IS huet zum Beispill nach ëmmer d'Kontroll vun der Hawiidscha Regioun, déi no bei Pëtrolsfelder läit, déi vu Kurde kontrolléiert ginn. Et kann een einfach net soen, dass et d'Enn vum IS ass."

Keng Victoire géint den IS

D'Behaaptungen, datt den IS elo, wéinst Verloschter am Irak a Syrien, Kämpfer an Europa géif schécke fir do Attacken ze maachen, géif och net stëmmen, mengt de Fuerscher. Vill vun den terroristeschen Attacke wiere vu Leit gemaach ginn, déi net direkt mam IS affiliéiert wieren. Den IS hätt duerno d'Responsabilitéit iwwerholl, obwuel dat net onbedéngt esou gewiescht wier.

"Wéi d'Attack op de Gay Club zu Orlando, zum Beispill. Ech mengen net, datt den IS spezifesch Kämpfer an Europa schéckt, obwuel en Attacken indirekt encouragéiert."

Wat d'Situatioun a Syrien ugeet, wier et dem Tallha Abdulrazaq no vill ze fréi fir vun enger Victoire géint den IS ze schwätzen. Esou laang am Syrien-Krich Konflikter tëscht de villen Acteuren unhale géifen, dorënner d'Tierkei, Russland, d'USA a Syrien, wier et einfach fir den IS weider Kämpfer ze rekrutéieren a seng Influenz weider auszebauen.

D'Enn vum IS?play_arrow