Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - Before I Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus der Vergaangenheet léieren?

Zäithistoriker

Aus der Vergaangenheet léieren?

An Europa ass erëm Krich, an op all Säit gëtt de Geescht vum Zweete Weltkrich invoquéiert. D'Fro stellt sech, ob eis Erënnerung d'Konflikter net éischter befeiert, wéi verhënnert. Eng Chronik vum Vincent Artuso

auto_stories

6 min

De 24. Februar 2022, hunn d'Europäer, wou se opgestane sinn, schockéiert an entsat erausfonnt, datt Russland d'Ukrain militäresch ugegraff hat. De Wladimir Putin hat decidéiert, datt d'Zäit komm war seng Interesse mat der Kraaft vun de Waffen duerchzesetzen. Wéineg Europäer wollten dru gleewen, datt en Autokrat mat engem gewaltegen Atom-Arsenal de Risiko géif huelen, e Krich unzefänken.

De Schock hat mat der Iwwerraschung ze dinn, mee och mat der Tatsaach, datt d'russesch Aggressioun europäesch Evidenzen - oder Illusiounen - vun engem Dag op deen aneren zerstéiert huet. De Fridden op eisem Kontinent war keng Selbstverständlechkeet. E war och net op eiser Kapazitéit baséiert, d'Léieren aus eiser däischterer Geschicht ze zéien - an domadder ass natierlech den Zweete Weltkrich gemengt.

D'Realitéit ass, datt d'Schicksal vun Europa nach ëmmer vum Kräfteverhältnis tëschent den tatsächlechen - an net imaginären - Gewënner vun deemools ofhänkt. Dat wollten déi allermeescht Europäer net wouerhuelen. Hir Illusioun, Meeschter iwwer d'eege Geschicht ze sinn, war esou grouss, datt se d'Welt net méi verstanen hunn, wou de Putin seng Invasioun mat lauter Referenzen op eis "däischter Vergaangenheet" begrënnt huet.

D'Erënnerung un de Grousse patriotesche Krich

An der Fernseeusprooch déi an der Nuecht vum 24. Februar 2022 ausgestraalt gouf, huet de russesche Präsident behaapt, datt et säin Zil wier, e "Genozid" an der ëstlecher Ukrain ze verhënneren. Dowéinst wier e bestrieft säin Nopeschland ze "demilitariséieren" an z'"entnazifizéieren".

Datt de Putin säin Ugrëff wéi en antifaschistesche Kräizzuch duerstellt, gëtt am Weste wéi eng zynesch Absurditéit an eng historesch Blasphemie opgeholl. Dësen Discours berout awer op eng offiziell Erënnerung, déi zwar vun der Sowjetunioun iwwerholl gouf, dëse Regimm awer depasséiert, a bei ville Leit op sengem fréieren Territoire nach ëmmer eng grouss Resonanz fënnt.

D'Sowjetunioun huet tëschent 1941 a 1945 en enormen Deel vum extrem brutale Kampf géint Nazi-Däitschland assuméiert, an huet dobäi mindestens 20 Millioune vu sengen Awunner verluer. Dee Krich war net nëmmen am Numm vum Kommunismus gefouert ginn, mee och am Numm vum Iwwerliewe vun enger groussrussecher Natioun. Dowéinst gëtt en haut nach ëmmer op russesch "Grousse patriotesche Krich" genannt.

Den antifaschisteschen Discours

D'Referenz op den Zweete Weltkrich ass also am russesche Kontext eigentlech net erstaunlech, well en esou eng zentral Roll an der russescher Nationalgeschicht spillt, well en der Sowjetunioun erlaabt hat eng Supermuecht ze ginn a well Milliounen Ukrainer, zesumme mat Russen, an der Rouder Arméi, gekämpft haten. De Putin huet déi fréier Unitéit a Waffebridderschaft explizitt invoquéiert, wou en d'Zaldote vun der ukrainescher Nationalarméi invitéiert huet heem ze goen "well hir Päpp a Grousspäpp jo net gekämpft haten, fir datt de Nazismus sech géif duerchsetzen".

Wat an dësem Discours, hei bei eis, schwéier ze héieren, ze verstoen an ze akzeptéieren ass, ass datt de Putin den ukraineschen Nationalstaat an de ganze Weste wéi neonazistesch Feinden duerstellt. Mee dës Rhetorik kënnt och direkt aus der Erënnerungskultur, déi Russland vun der Sowjetunioun geierft huet. De Stalin hat schonn an den 1930er Joren eng objektiv Allianz tëschent dem Kapitalismus an dem Faschismus deconéiert.

Wou de Kale Krich ugefaangen huet, wou d'Amerikaner Westeuropa - a virun allem Westdäitschland - erëm opgerüst hunn a wou d'NATO entstanen ass, gouf dës Faschismus-Theorie erëm opgegraff. D'Sowjetunioun huet se benotzt fir seng bluddeg Repressioun vun de Revolten an Ostdäitschland (1953), Ungarn (1956) oder der Tschechoslowakei (1968), ze rechtfäerdegen, mee och de Bau vun der Berliner Mauer - déi am offiziellen, kommunistesche Jargon jo "antifaschistischer Schutzwall" geheescht huet.

D'Verneinung vun der ukrainescher Identitéit

D'Duerstellung vun der NATO als bewaffenten Aarm vum Faschismus, ass also näischt Neies a Russland. Genau esou wéineg wéi de Lien deen de Putin tëschent den ukraineschen Nationalisten an de Nazie mécht. Dës Verallgemengerung baséiert op d'Tatsaach, datt verschidden ukrainesch Nationalisten d'Zaldote vun der Wehrmacht wéi Befreier gefeiert, a mat Nazi-Däitschland kollaboréiert haten.

Ënner deene Kollaborateuren huet d'Drëtt Räich zum Beispill déi berüchtegt "Trawniki" rekrutéiert, déi aktiv un der Shoah bedeelegt waren. D'Behaaptung, datt d'ukrainesch Nationalisten all Nazie waren, huet awer näischt mat der Sicht no historescher Wourecht ze dinn. Et ass eng memoriell Instrumentalisatioun, déi Moskau erlaabt, all Form vun eegestänneger, ukrainescher Identitéit ze diskreditéieren an ze verneinen.

Et ass och eng propagandistesch Ofkierzung, déi de Putin benotzt fir säin Iwwerfall ze legitiméieren. Säin Haaptargument ass, datt den ukrainesche Staat e Genozid géint seng russeschsproocheg Bevëlkerung vollbréngt. E brauch dat mol net ze beweisen, wa seng Feinden Nazie sinn, da sinn se vu Natur ass selbstverständlech genozidär. Et kann een nämlech kee Nazi sinn, wann ee kee Genozid mécht.

Eng gerecht Saach rechtfäerdegt eng bewaffnet Aktioun

Dat Argument huet dann awer nach eng aner Funktioun, déi eng weider Erklärung fir all déi Uspillungen op den Zweete Weltkrich gëtt. De Putin versicht grad déi Argumenter géint de Westen anzesetzen, déi d'westlech Muechten an den 30 leschte Jore benotzt hunn, fir hir militäresch Interventiounen am Balkan an am Mëttleren Osten ze rechtfäerdegen. Déi, déi de Putin nimools verdaut huet, war déi am Kosovo.

Um Enn vun de 1990er Joren huet d'NATO de jugoslawesche Staat beschëllegt an där, nach serbescher Provënz, eng ethnesch Säuberung géint d'majoritär albanesch Bevëlkerung ze vollbréngen. D'Allianz war doropshin, ouni direkte Mandat vun der UNO, militäresch intervenéiert, mat der Begrënnung datt een net einfach kéint wechkucke wann e Genozid stattfënnt, datt d'Welt eng besser Plaz gewiescht wier, wann den Hitler direkt eliminéiert gi wier an datt eng gerecht Saach eng bewaffnet Aktioun rechtfäerdegt.

De Putin huet déi Aktioun géint en anere slaweschen an orthodoxen Nationalstaat condamnéiert an deemools scho gewarnt, datt en e geféierleche Prezedenzfall géif duerstellen. An elo behaapt hie selwer, datt e keen anere Choix huet wéi anzeschreiden, fir eng Resurgenz vum Nazismus ze verhënneren.

Mam Däiwel verhandelt een net

Natierlech déngt d'Instrumentaliséierung vum Zweete Weltkrich dozou, vill méi pragmatesch oder zynesch, geopolitesch Ambitiounen duerchzesetzen. Et geet haaptsächlech ëm Muecht, net Wourecht. Dat schléisst awer net aus, datt de Putin - an hanner him vill Russen, déi seng historesch Virstellungswelt deelen - net éierlech iwwerzeegt ass, datt de kapitalistesche Westen d'Ziler vum Drëtte Räich weiderverfollegt. Genau esou, wéi mir iwwerzeegt sinn, de Putin wier en zweeten Hitler.

D'Erënnerung um Zweete Weltkrich ass omnipresent, well eis haiteg Welt op de Ruine vun dësem Konflikt opgebaut gouf - a well d'Muechten déi sech haut géintiwwerstinn eng kruzial Roll dra gespillt hunn. Zanter laangem awer trennt se eng gemeinsam Erënnerung. An dat ass besonnesch geféierlech, well dës Erënnerung enger abstrakter, philosophescher, reliéiser Notioun, déi vum "Béisen" d'Méiglechkeet zouschreift, an eiser materieller Welt eng Inkarnatioun ze fannen.

A wann een un esou enger Logik gleeft, dann huet et och kee Sënn no enger diplomatescher Léisung ze sichen, et ass souguer geféierlech. Mam Däiwel kann een nämlech net raisonnabel verhandelen. Den Däiwel muss zerstéiert ginn. An dowéinst si mir elo an enger Situatioun wou d'Erënnerung um Zweete Weltkrich, déi eng Widderhuelung vun de Feeler vu gëschter misst verhënneren, éischter d'Katastrophë vun haut a vu muer erméiglecht.