Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Fleurs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ausséien a Virzéien

Wëll Wuerzel

Ausséien a Virzéien

Vum Som bis zur Planz. An dëser Episod vun der Wëller Wuerzel erkläert d'Lara Bousch zesumme mam Pit Reichert vun Terra, wéi ee Planzen ausséit a virzitt.

auto_stories

1 min

Wien e Geméisgaart uleet kënnt net derlaanscht sech déi Fro ze stellen: Séien ech dëst Joer aus oder kafen ech meng jonk Planzen?

Virzéien huet gewësse Virdeeler, ass awer natierlech méi zäitintensiv. Mee et huet och säi Reiz nozekucken, wéi d'Bëbee-Planzen aus hirem Som gekroch kommen. Beim Séie ginn et am Fong e puer Méiglechkeeten. Verschidde Planze kann een direkt an d'Beet séien, wéi zum Beispill Zalot, Réidercher, Bounen, Mangold, Spinat, Rommelen, Muerten, Ënnen a vill méi. De Pit Reichert vum Gemeinschaftsgaart Terra erkläert:

"Eng Muert oder Réidercher séit ee léiwer direkt, also meeschtens esou Planzen, déi Wuerzele bilden a wou een d'Wuerzel herno recoltéiert, déi ginn éischter direkt geséit an de Buedem. A Saachen, déi ganz séier wuesse wéi Rukola oder Moschtert, déi kann een och direkt séien."