Radioen

On air

De Weekend  |  Wuert von der Woch: Dekadenz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Privat Zäitdokumenter aus dem Grousse Krich

Ausstellung iwwer éischte Weltkrich

Privat Zäitdokumenter aus dem Grousse Krich

Zu Kielen ass eng Ausstellung iwwert den Éischte Weltkrich. De Robert Adam an d'Susi Stomp hunn Dokumenter a Fotoen aus hirer privater Sammlung zesummegestallt a fir de Public zougänglech gemaach. Am Mëttelpunkt steet e Familljemember, deen nom Krich eng diplomatesch Roll gespillt huet. D'Ausstellung werft awer och nees d'Fro no enger nationaler Expo iwwert déi Zäit op. 2015 sollt eng Ausstellung iwwert den Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg entstoen, nom Regierungswiessel ass dat awer ni geschitt.

auto_stories

3 min

Am Mëttelpunkt vun der klenger Expo steet d'Duerf Kielen an der Zäit tëscht 1914 a 1918. De Robert Adam an d'Susi Stomp ware schonn ëmmer äifreg Sammler. "Do war ee Jonggesell, dee vill Fotoe gemaach huet", seet de Robert Adam. Vun den Amerikaner, wéi si bei de Famille sinn an bei der Wiertschaft am Duerf.

Dës Zäitdokumenter erzielen eng Geschicht, déi ee gär vergësst, wann een un d'Zäit vum Grousse Krich zeréckdenkt. Nämlech datt d'Liewen zu engem Deel normal weidergaangen ass.

"Et sinn och Fotoen do, wou si feieren, wou si op d'Juegd waren, a vun de Wahlen."

D'Iddi fir eng eegen Ausstellung opzesetzen, krut de Robert Adam awer, wéi hien al Bréiwer an Dokumenter vu sengem Monni zréckfonnt huet, dem Ferdinand Adam. De Jurist a Riichter war kuerz virum Enn vum Krich vun der Regierung an d'Schwäiz geschéckt ginn. "Fir do ze schaffen, datt Lëtzebuerg soll Lëtzebuerg bleiwen. Datt mir net sollte Belsch oder Franséisch ginn."

Spéit Efforte vun der Regierung

Datt esou Elementer opdauchen, wier ee vun de Virdeeler vun enger Ausstellung mat privaten Dokumenter, seet dozou den Historiker Denis Scuto. An et géif och bis elo onbekannt Persounen wéi de Ferdinand Adam an de Mëttelpunkt stellen. Iwwer dësen Acteur kéint een Efforten vun der Lëtzebuerger Regierung erkennen. Relativ spéit hätt een ugefaangen, d'Groussmuechten dovun z'iwwerzeegen, datt Lëtzebuerg sech am Krich neutral verhalen hätt.

E Panneau vun der Ausstellung zu Kielen

E ganz interessanten Aspekt vun der Kielener Ausstellung wier och, datt een d'Roll, déi d'Legionären nom Krich zu Lëtzebuerg gespillt hunn, vu noem kéint gesinn. Si wiere gefeiert ginn, seet den Denis Scuto. "Fir kloer ze soen: Mir hunn och op der Säit vun den Alliéierte gekämpft."

Ouni ëffentlech Gelder

De Robert Adam an d'Susi Stomp hunn hir Ausstellung eleng op d'Been gestallt, ouni finanziell Hëllef vu staatlecher oder kommunaler Säit. Och wa si hier privat Sammlung gär a mat Begeeschterung opgeschafft hunn, sou hu si an de leschte Joren trotzdem eng national Ausstellung zum Éischte Weltkrich vermësst.

"Si hunn ëmmer vill Sue fir alles, si hätte roueg kéinten do eng schéin Ausstellung maachen."

Fir den 100ste Joresdag vum Ufank vum Éischte Weltkrich huet quasi all europäescht Land Erënnerungsaustellungen opgesat. Et goufe grouss Denkmaler ageweit oder modifizéiert. Wéi den Ossuaire de Douaumont, wou 2014 de Numm vum éischten Däitschen, dee bei Verdun gefall war, agravéiert gouf.

Digital Ausstellung fir Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg war eng national Expo fir 2015 geplangt - nom Regierungswiessel ass se aus budgetäre Grënn annuléiert ginn. Elo gëtt fir d'nächst Joer, also den honnertste Joresdag vum Enn vum Éischte Weltkrich, eng Ausstellung op d'Been gestallt. Eng digital Expo, als Website, erkläert den Denis Scuto.

"Et erlaabt, Objeten an Dokumenter zougänglech ze maachen. An net nëmmen engem Lëtzebuerger Public."

Déi digital Ausstellung soll och Deeler vun de lokale Privatausstellunge soll beinhalten. Och de Ferdinand Adam dierft also da seng Plaz an der Lëtzebuerger Geschicht fannen.