Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Jogging

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Back to the Future

Prisma

Back to the Future

"Que sera sera, whatever will be will be. The future's not our to see. What will be will be." Dat bekannte Lidd seet, datt et am Fong net vill Wäert huet sech iwwer d'Zukunft Gedanken ze maachen. Wat wäert sinn, wäert sinn. Am Prisma gëtt trotzdeem de Versuch ënnerholl fir iwwer d'Zukunft nozedenken. Wat fir eng Innovatioune kommen op eis duer, wat ass déi drëtt industriell Revolutioun? Wat bedeiten dës Tendenze fir eis Gesellschaft?

auto_stories

7 min

Let's make it happen. Zukunftskeess, Innovatioun, Fridays for future, Progrès, Wuesstum. All dës Begrëffer, Initiativen a Parole stinn an Zesummenhang mat der Zukunft, der Zukunft vum Land, der Zukunft vum Eenzelen, der Zukunft vun der Ëmwelt.

Wat heescht et elo aus philosophescher Sicht, iwwer d'Zukunft nozedenken? Wat ass iwwerhaapt déi sougenannten drëtt industriell Revolutioun, déi eis Auteuren a Zukunftsfuerscher wéi den Jeremy Rifkin verspriechen?

D'Konzept vun der Zäit

Fänke mer vir un. D'Zukunft ass fir d'alleréischt mol eng Notioun an der Zäit. Eben dat, wat nach kënnt an nach net do ass. Beim Augustinus ass dat e bësse méi poetesch; eng vun dräi Verbindunge vun Zäit, déi an eisem Geescht oder eiser Séil existéieren. Vergaangenheet verbonne mat der Erënnerung, de Present mat enger konkreter Erfarung, an d'Zukunft als Erwaardung.

Hëlleft eis awer net wierklech wieder, wa mer wëlle wëssen, wat et dann elo heescht iwwer Zukunft nozedenken.

Zukunft ass ee Konzept, eng Iddi, déi dacks gläichgesat gëtt mat technescher Innovatioun, mat Fortschrëtt. Eppes dat ee kritiséiere kann: Fréier war jo alles besser. Fréier hätt et dat net ginn. Brauche mer wierklech nach ee méi performanten Handy oder méi ee grousse Fernsee?

D'Zukunft bedeit och dacks Progrès

Mee dës dacks nostalgesch Kritik, mam Hiweis ob déi gutt al Zäit, vergësst, wéi d'Innovatiounen eist d'Liewen a ville Beräicher ob eng ni gekannten Aart veränneren. Zum Beispill an der Medezin, wou déi selwecht technesch an informatesch Innovatiounen eis ënner anerem d'Mikrochirurgie erméiglechen. Innovatiounen, déi et eis erlabe Krankheeten ze traitéieren, un deenen een an der gudder aler Zäit nach gestuerwen ass.

Denkt een awer iwwer d'Zukunft no, kann ee sech froen, wat eis dës Zukunft nach bréngt. Mol ofgesi vun der warscheinlech berechtegter Angscht virun enger Klimakatastroph stinn eng Rei vun Innovatiounen un, déi dobäi sinn eist Liewen nodréiglech ze veränneren.

De Rifkin an aner Zukunftsfuerscher schwätze vun enger drëtter industrieller Revolutioun, déi scho voll amgaang ass. Mee wat ass domadder gemengt, a wéi ass dat ze verstoen?

Hei eng net komplett Opzielung vun deem, wat dermadder gemengt ass:

Innovatioun: D'Kënschtlech Intelligenz

Mir denken do vläicht u Skynet an den Terminator oder vläicht och nach u Siri, Alexa a Autoen, déi selwer fueren. Den Terminator an d'Entwécklung vun enger sougenannter staarker KI schéngt nach net fir haut a muer ze sinn. Schwaach K.I.en, also eng Kënschtlech Intelligenz, déi mat Hëllef vu performanten Algorithme funktionéieren, bestëmmen awer schonn haut eist Liewen.

Dës K.I.e fanne mer an eisen Handyen, bei Sichmaschinnen, am Auto, beim Onlineshopping asw. Si erlaben et Fotoen ze identifizéieren, kënne Kommentare filteren oder eis mat Reklamme geziilt viséieren. Si steieren domadder eng ganz Rei vun Applikatiounen, déi eis d'Liewe bestëmmen, an zwar doduerch, datt si dës Applikatiounen engersäits eréischt erméiglechen an anerersäits Servicer extrem effektiv maachen.

K.I. erlaabt et eenzele Mënschen aus Date vu Milliounen Iwwerwaachungsvideoen ze identifizéieren. Erlaabt et Texter, Kommentaren op rassistesch Inhalter hin ze ënnersichen. Erlaabt et Autoe per App ze vernetzen an eis am Verkéier ze hëllefen. Erlaabt et Gesondheetsdate vu Millioune vu Mënschen ze ënnersichen an opgrond vun enger quasi onendlecher Datebank Diagnosen ze stellen.

All dës Beispiller maachen natierlech och Angscht, sinn awer keng Zukunftsmusek méi. Besonnesch geféierlech, awer och besonnesch innovativ fir d'Zukunft, gelt awer Zesummespill vu K.I. a Big Data.

Innovatioun, deemno: Big Data

Wat ass elo Big Data? Kuerz, d'massenhaft Sammelen an Auswäerte vun Donnéeën. Wann ech vun Donnéeë schwätzen, ass et de Moment am lukratiivste fir perséinlech Donnéeën auszewäerten. Genee domadder verdéngt Google, Facebook a Co. säi Geld. Et brauch een eben net ze mengen, datt well déi Servicer à priori gratis sinn, datt een dofir näischt bezilt. D'Innovatioun am Zesummespill vu K.I. a BIG Data ass, datt mir net méi mat Suen, mee mat eise perséinlechen Date bezuelen.

Bekanntste Beispill ass Cambridge Analytica, déi ënner anerem Date bei Facebook akaaft hunn, dunn duerch K.I. ausgewäert hu fir dono mat ganz geziilte Reklammen a politesch (méi wéi problematesche Messagen) geziilt an den amerikanesche Walkampf agegraff hunn.

Wéi dat genee funktionéiert, ass ze laang fir duerzeleeën. Wichteg ass awer ze verstoen, datt et an Tëschenzäit net méi just méiglech ass, eng Reklamm vun neien Turnschlappen ze schalten, wann s de der där eng Kéier um Internet ugekuckt hues.

An Tëschenzäit ass et méiglech, duerch d'effektiv Notze vu Big Data Wieler gezielt ze manipuléieren a fir bestëmmten Zilsetzungen ze politiséieren. Donieft erlaabt Big Data awer och eng ganz Rei vun Applikatiounen, déi mer als Konsument duerchaus als sënnvoll ugesinn, sou zum Beispill nei Geschäftsmodeller wéi Airbnb, Uber oder Blockchain.

Domat wiere mer och bei der drëtter Innovatioun, déi an dësem Fall och d'Aarbechtswelt ob kuerz oder laang nodréiglech wäert veränneren.

Genannt, d'Uberiséierung

De Rifkin prophezeit a senge Bicher hei virun allem d'Automatiséierung vun der Produktioun, en Ewechfale vu Millioune vun Aarbechtsplazen. An d'Plaz vun der klassescher Maartwirtschaft trëtt déi sougenannte Shared Economy, wat am Prinzip engem Enn vum Kapitalismus gläichkënnt. Aus menger Sicht eng komplett Ideologie, déi net méi falsch kéint sinn a senge Previsiounen.

Shared Economy, wéi se duerch Entreprisë wéi Uber virgelieft gëtt, bréngt sécher Problemer mat sech, mee keen dovun ass d'Enn vum Kapitalismus. Ganz am Géigendeel. Hei ginn ebe Programmer vermaart, déi mat Hëllef vu Big Data a K.I. den Austausch vu Servicer vun enger Privatpersoun zu enger Anerer erméiglechen.

Hei geet et awer net ëm "Nächstenliebe", mee dorëms säi Kapital, zum Beispill säin Auto oder säin Appartement zu Suen ze maachen, an dat ouni Interlocuteur. Lëtzebuerg huet bis elo hei nach probéiert ze bremsen, well dat natierlech bedeit, datt den Taxischauffer oder Hotelier, dee muss Stéieren a Sozialofgabe bezuelen, hei kloer am Nodeel ass.

Et ännert awer näischt dorun, datt dës Innovatiounen och Lëtzebuerg wäerten erreechen, woubäi hei grad d'Blockchain e gutt Beispill ass. Bei der Blockchain geet et drëm, datt s de nom selwechte Prinzip Sue kanns transferéieren, investéieren oder uleeën, ouni dofir nach eng Bank ze brauchen. Lëtzebuerg huet hei zu deenen éischte gehéiert, déi fir dës innovativ Technologie e gesetzleche Kader geschaaft huet. Dobäi ass et kloer, datt dës Technologie d'Potential huet dem Lëtzebuerger Bankesecteur staark ze schueden. Grad well d'Blockchain d'Banken einfach onnéideg mécht.

Et ass net d'Enn vum Kapitalismus

Déi dräi genannten Innovatioune sinn Deel vun der drëtter industrieller Revolutioun, déi menger Usicht no awer weder dozou wäert féieren, datt d'Aarbecht wäert verschwannen, de Kapitalismus gëtt héchstens nach wieder liberaliséiert. Natierlech wäerten dës Innovatiounen zu ganz rapide Verännerunge vun eise Liewensverhältnisser féieren.

D'Tendenz zum Beispill fir ëmmer méi Servicer, déi bis elo vun Employéë gemaach goufen, dem Client selwer an der Grapp ze ginn, ass och zu Lëtzebuerg ukomm: Den Touchscreen am McDonalds, d'Zoumaache vun de Spuerkeessagencen, den Check In um Flughafen, déi automatesch Keess am Supermarché. All déi Servicer wëllen net méi bezuelt ginn a ginn der Maxime vun der Kapitalmaximéierung geopfert.

Eng Entwécklung, déi wuel och zu Lëtzebuerg net méi opzehalen ass. Fir d'Aarbecht bedeit dat, datt natierlech vill Aarbechtsplaze wäerte verschwannen, mee donieft ginn awer och nees nei Plaze geschaf. Dat a Secteuren, déi mir eis nach net virstelle kennen.

Kloer, de Libraire, deen duerch Amazon, seng Aarbecht verluer huet, wäert wuel kaum bei Amazon eng nei Aarbecht fannen. Wat natierlech zu vill perséinlechem Leed ka féieren. Datt nei wirtschaftlech Modeller awer och masseweis Aarbecht schafen, ass och net vun der Hand ze weisen.

D'Transitioun wäert awer wéidoen, an och warscheinlech méi séier goen, wéi dat zum Beispill bei den zwou éischten industrielle Revolutiounen de Fall war, wou d'Bauere vun de Felder an d'Fabricke gaange sinn an duerno vun de Fabricken an d'Büroen.

Haut schonn iwwer d'Zukunft nodenken

Iwwer d'Zukunft nodenke kann deemno bedeiten, déi deels extrem komplex Innovatioune probéieren ze verstoen. Och wann déi Selektioun vum Beispill laang net duer geet, fir déi drëtt industriell Revolutioun am Detail ze verstoen, an och Phenomeener, wéi den Transhumanismus oder den 3D Drecker nach ausgeblent goufen, sollt et awer hëllefen, fir weider Froen zum Theema Zukunft ze stellen: Wat maachen dës Innovatioune mam Mënsch? Mat der Gesellschaft? Der Demokratie? Dem Konzept vun der Aarbecht?

Dat si Froen, iwwer déi een haut muss nodenken, um Punkt vun der Transitioun, wou d'Erënnerung u fréier nach present ass, d'Erfarung nach erlieft gëtt, an d'Zukunft nach erwaart gëtt.