Radioen

On air

Notturno  |  Althea & Donna - Uptown Top Ranking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bankerettung: Business as usual

Italien

Bankerettung: Business as usual

Fir d'Rettung vun där drëttgréisster italienescher Bank, Monte dei Paschi di Siena, muss nees gréisstendeels den italienesche Staat opkommen. Dobäi hat d'EU no der Finanzkris nei Regelen agefouert, no deene fir d'éischt d'privat Aktionären a Creanciere fir Bankrettunge sollen haften. D'Chance, fir déi nei Regelen z'applizéieren, gouf an dësem Fall verpasst.

auto_stories

2 min

Déi 544 Joer al italienesch Bank Monte dei Paschi di Siena war schonn 2009 an 2012 vum italienesche Staat gerett ginn. Dat hat ronn 4 Milliarden Euro kascht. Dës Kéier dierft et 6,6 Milliarden Euro kaschten. Déi italienesch Regierung huet 20 Milliarden Euro op d'Säit geluecht, fir d'Monte dei Paschi an och aner italienesch Banken ze retten. Si sëtzen op 360 Milliarden Euro "faule" Kreditter, déi net méi zréckbezuelt ginn. D'Monte dei Paschi eleng huet 27 Milliarden där problematescher Kreditter.

Monte dei Paschi profitéiert vun Ausnam

Eigentlech missten esou Bankrettungen haut anescht oflafen. Zanter engem Joer gëllt deen neie Mechanismus, deen d'EU als Reaktioun op d'Finanzkris ageféiert huet, fir an éischter Linn net méi d'Steierzueler, ma d'Aktionären a Creancieren, fir d'Feeler vun de Banke bezuelen ze loossen.

Am Plaz déi nei Regelen à la lettre z'applizéieren, soll d'Monte dei Paschi awer vun enger Ausnam kënne profitéieren. Och wa Banken am Stresstest duerchgefall sinn, dierf de Staat nämlech nach ëmmer mat enger sougenannter "virsuerglecher Rekapitaliséierung" asprangen. Ënnert der Konditioun, datt d'Bank "solvent", also, am Kär, gesond ass. Wat ee bei der Monte dei Paaschi zumindest a Fro ka stellen.

D'privat Investisseure waren op alle Fall net bereet, dat mëttlerweil op 8,8 Milliarden Euro chiffréiert Kapital, wat d'Bank brauch, virzestrecken. Als Grond dofir nennt déi italienesch Regierung politesch Onsécherheet nom negativen Ausgang vum Verfassungsreferendum. D'Realitéit ass vill méi, datt d'Monte dei Paschi di Siena alles anescht wéi solvent ass. D'Bank hätt just nach genuch Sue fir véier Méint, hat et Enn Dezember geheescht.

Kleng Spuerer net oplafe loossen

Eng rigouréis Applikatioun vun deenen neie Regele fir Bankrettunge wier am aktuelle Kontext awer e politesch Risk. Vill vun der Monte dei Paaschi hire Cliente si kleng privat Investisseuren, déi bei der Bank Obligatioune kaf hunn. An en vue vun eventuellen Neiwahlen, déi nom Referendum an der Demissioun vum Matteo Renzi senger Regierung an Aussicht stinn, ass et der italienescher Regierung wichteg, déi kleng Spuerer net nees oplafen ze loossen, esou wéi dat Enn 2015 bei der Faillite vun zwou Spuerkeessen an zwou Volleksbanke geschitt war.

Nach ass déi staatlech Rettung vun der Monte dei Paaschi Bank net accordéiert. D'EU Kommissioun gouf gréng Luucht fir eng Finanzsprëtz, mä verhandelt weider mat Roum iwwert eng laangfristeg Léisung. Datt d'Aktionären an Investisseuren an éischter Linn fir d'Käschte sollen opkommen, esou wéi déi nei europäesch Regelen et virgesinn, ass dobäi onwahrscheinlech. A fir aner Banken, déi a Schwieregkeete sinn, signaliséiert dat net méi Responsabilitéit, fir aus dem eegene Lach erauszekommen, mee "business as usual".