Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Befreien a bändegen

Zäithistoriker

Befreien a bändegen

Esch war wahrscheinlech déi éischt Gemeng zu Lëtzebuerg mat enger eegener Kulturpolitik. Seng Gemengebibliothéik ass déi eelst am Land. Si feiert dëst Joer hiren 100. Gebuertsdag, ënner anerem mat enger Ausstellung am Escher Theater. D'Escher Bibliothéik ass an deem Moment entstanen, wéi och dat allgemengt Wahlrecht ageféiert gouf. Dat ass keen Zoufall mengt den Zäithistoriker Vincent Artuso.

auto_stories

5 min

Den Historiker Vincent Artuso. Foto: Archiv

D'Escher Bibliothéik ass mam Éischte Weltkrich entstanen. Si ass domadder déi eelst kommunal Kulturinstitutioun am Land. Hir Geschicht geet eigentlech nach vill méi wäit zeréck, op d'Joer 1892, wou den Unterrechtsministère de Primärschoulen, ënner anerem där vun Esch-Uelzecht, 43 Bicher aus der Serie "Des Landmanns Winterabende" gestëft hat. Ëm déi Bicher, an ëm déi, déi dono bäikoumen, huet sech e Schoulmeeschter gekëmmert, de Jean-Pierre Theisen. Am Laf vun de Joren huet hien aus der Bichersammlung eng Volleksbibliothéik gemaach, déi, zum Deel, vun der Gemeng finanzéiert gouf.

Wat awer wärend dem Krich geschitt ass, war e radikale Broch. D'Stad Esch huet deemools decidéiert, d'Bibliothéik net nëmme weider ze ënnerstëtzen, si huet se komplett iwwerholl, fir se all hiren Awunner zur Verfügung ze stellen. Dat bedeit, datt den Escher Gemengerot deemools gegleeft huet, datt d'Entwécklung vun enger eegener Kulturpolitik den Auswee aus der schlëmmster politescher a sozialer Kris wär, déi d'Stad bis dohi kannt hat.

Et war awer och eng gewëssen Ambiguitéit an dëser Politik, déi sech un d'Aarbechter geriicht huet. Engersäits ass et drëm gaangen, si duerch Wëssen a Bildung ze emanzipéieren, aus hinne vollwäerteg Bierger ze maachen. Anerersäits wollt d'Gemeng mat dëser Institutioun awer och hir geféierlech Instinkter bändegen an hir Fräizäit kontrolléieren.

Escher Onrou am Éischte Weltkrich

D'Truppe vum däitsche Keeserräich hu Lëtzebuerg den 2. August 1914 besat. De Minett war fir si vu besonneschem strategesche Wäert, wéinst senger geografescher Situatioun, net wäit vun der franséischer Front - de Kronprinz Wilhelm hat wärend den éischte Méint vum Krich säin Haaptquartier zu Esch installéiert - an natierlech och wéinst senger Stolindustrie. Déi gouf direkt zu Gonschte vun der däitscher Krichsproduktioun mobiliséiert.

D'Aarbechter hunn den Drock vun der Besatzung also ganz besonnesch ze spiere kritt. Hir Liewens- an Aarbechtskonditioune sinn ëmmer méi penibel ginn, d'Kadenzen ëmmer méi héich, d'Aarbechtsdeeg ëmmer méi laang. A wärend d'Léin stagnéiert hunn, sinn d'Präisser explodéiert. Eleng am Wanter 1915 goufen déi fir Weess a Grompere verduebelt, déi fir Bounen, Ierbessen a Lënsen verdräifacht.

An deem Kontext hunn d'Aarbechter ugefaange sech méi sophistiquéiert z'organiséiere fir hir Interessen ze verdeedegen an nei Rechter ze fuerderen. Am Mee 1917 huet zu Esch den éischte groussen Aarbechterstreik an der Geschicht vum Land stattfonnt. Dee gouf vun der däitscher Arméi niddergeschloen. Mee d'Onrou war domadder nach laang net verschwonnen, a wéi dat däitscht Räich zesummegebrach ass, gouf zu Esch en Aarbechter- a Bauererot ausgeruff.

E Sprong am Ongewëssen

Déi Evenementer hunn zu zwou extrem déifgrënnege Reforme geféiert: d'allgemengt Wahlrecht gouf ageféiert an den Aarbechtsdag gouf an der Stolindustrie op aacht Stonnen erofgesat. Dat ware wichteg Schrëtt fir Leit, déi jorelaang fir d'Unerkennung vun hire Bedierfnesser an hir Dignitéit gekämpft haten. Si ware keng zweetklasseg Mënsche méi, op jiddwer Fall der Verfassung no.

Et war awer och e Sprong am Ongewëssen an enger Gesellschaft, déi vun enger biergerlecher Minoritéit dominéiert war a wou d'Interesse vum Vollek éischter als landwirtschaftlech Interesse verstane goufen. Vill Kommentatoren hu sech deemools gefrot, ob et iwwerhaapt denkbar wär, aus dem Proletarier en opgekläerte Wieler ze maachen. Si hunn och gefaart, wat hien elo mat esou vill neier Fräizäit géif ufänken. Eng bolschewistesch Revolutioun schüren? Saufen?

"Wesentlich ist, dass die Mußestunden der Arbeiter baldigst in edler gemeinnütziger Weise organisiert werden, sonst wird die einsetzende Verbilligung der alkoholischen Genussmittel die Arbeiter in Massen den Wirtshäusern zuführen, zum Schaden des Einzelnen und der Gesamtheit.". Dat huet ufanks 1919 e Member vum progressisteschen a laizisteschen Escher Volleksbildunbsveräin gemengt, dee vum Escher Tageblatt, am Kader vun der Serie "Les loisirs de l'ouvrier" befrot gi war.

Aus den Aarbechter Bierger maachen

Den Escher Gemengerot hat zu deem Zäitpunkt awer schonn decidéiert op Kultur a Bildung ze setzen. Am Oktober 1917 huet en der Volleksbibliothéik fir d'éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich erëm e Subsid bezuelt. Véier Méint méi spéit ass en nach méi wäit gaangen. A senger Sëtzung vum 16. Januar 1918, zu engem Moment also wou de Krich nach laang net eriwwer war, huet en d'Grënnung vun enger Bibliothéikskommissioun gestëmmt. Domadder gouf d'Volleksbibliothéik zu enger Institutioun vun der Stad Esch.

A senger Interventioun huet de Schäffen Herschbach déi Decisioun fir d'éischt a lokalpatriotesch Terme begrënnt: "Wir müssen ein Lokal bekommen, wie Luxemburg eines hat, ja sogar noch ein grösseres, denn Esch ist die grösste und schönste Stadt des Landes, wenigstens soll sie es sein", huet hien, voller Ambitioun, deklaréiert.

Et ass him awer och, a vläicht virun allem, drëm gaangen den Aarbechter d'intellektuell Mëttelen ze gi fir hiren Horizont ze erweideren a fir sech ze behaapten: "Die Arbeiter bedürfen auch geistiger Nahrung und nicht nur Kartoffeln. Wenn ein Arbeiter seine Interessen in wirtschaftlicher Hinsicht nicht zu verteidigen weiss, dann ist es schlecht um ihn bestellt. Wenn er aber seine Rechte nicht kennt, wie soll er sie dann wissen zu verteidigen und zur Erlangung derselben kommen können?"

Et ass héchsten Zäit

Mat der Decisioun eng ëffentlech Bibliothéik ze grënne war awer nach laang net alles gereegelt. Besonnesch well d'Bibliothéik no bal annerhallwem Joer nach ëmmer keen Ënnerdaach hat. Dës Situatioun huet verschidde Membere vum Gemengerot lues a lues beonrouegt: "Die Einführung des Achtstundentags legt der Gemeinde die Verpflichtung auf, die Frage der Schaffung einer Bibliothek ohne weiteren Aufschub einer Lösung entgegenzuführen", huet de Schäffe Kieffer de 14. Mee 1919 zum Beispill gewarnt.

Zéng Deeg méi spéit war de Liessall nach ëmmer net op, an de Kieffer ass extrem ongedëlleg ginn: "Im Sommer sind die Arbeiter um 2 Uhr mittags frei und wir müssen verhindern, dass sie darauf angewiesen sind in den Strassen herumzustehen". Gott sei Dank konnt d'Gefor vun engem verwahrloste Proletariat nach mat Zäit ausgeschalt ginn. Enn vum Joer 1919 hunn d'amerikanesch Truppen, déi zanter dem Enn vum Krich do stationéiert waren, Esch progressiv verlooss. Raimlechkeete si fräi ginn.

D'Escher Bibliothéik gouf an der Primärschoul an der Kierchestrooss installéiert. Hire Succès war awer esou grouss, datt se knapp fënnef Joer méi spéit huet misste plënneren. Bis zum 2. Weltkrich huet d'Bibliothéik dräimol d'Adress gewiesselt. Zu deem Zäitpunkt ware méi wéi 1.500 Lieser ugemellt, zwee Drëttel vun hinne waren Aarbechter. D'Bibliothéik war sécher gegrënnt gi fir hir Fräizäit ze kontrolléieren. Si huet awer och decisiv dozou bäigedroen, aus Leit, déi veruecht a gefaart goufen, Bierger vun engem fräien an demokratesche Land ze maachen.