Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Kopfkino

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Bei eis gëtt et kee Mobbing"

Plus Size Girls

"Bei eis gëtt et kee Mobbing"

Zënter zwee Joer gëtt et d'Facebook-Säit "Plus Size Girls". Eng Säit fir Fraen, déi méi op den Hëffen hunn. De Message: Et soll een dozou stoen, wéi een ausgesäit an houref drop sinn. Egal wat Anerer soen. D'Tiziana Kneip an d'Arlette Dos Santos hunn d'Säit an d'Liewe geruff a waren Invitéen am Generator.

auto_stories

3 min

D'Tessy Steffen Koenig an den Yves Stephany am Interview mam Arlette Dos Santos an Tiziana Kneip

Firwat gi Leit gemobbt, nëmme well si Iwwergewiichteg hunn, freet sech d'Arlette Dos Santos. D'Internetsäit "PLUS SIZE GIRLS Luxembourg" soll deem entgéint wierken. "Mir hunn um eegene Leif erlieft, wéi mir gemobbt gi sinn, well mir net esou ausgesinn, wéi dat vu jonke Meedercher erwaart gëtt."

Plus Size Girls bitt de Fraen eng Plattform, fir Fotoen ze verëffentlechen a sech ënnerteneen auszetauschen. Donieft gi regelméisseg Treffen organiséiert. Ufanks hat de Site net esou vill Succès, erënnert sech d'Arlette Dos Santos. Dat hätt sech awer am Laf vun der Zäit geännert. D'Meedercher géingen sech net méi schummen, eppes ze posten. "Si halen net méi op mat schreiwen."

"Mir wëssen, wat mir sinn"

Dobäi ass a bleift Mobbing en zentrale Sujet. Iwwer d'Säit kéinten d'Fraen iwwert hir Erfarunge schwätzen. Si kéinte sech géigesäiteg ënnerstëtzen a Courage maachen, erzielt d'Tiziana Kneip. Mobbing wier e wichtege Sujet an hätt vill Konsequenzen, esou déi jonk Fraen hannert Plus Size Girls. Dat kéint bis zum Suicide goen, an dogéint wéilte si virgoen.

Si selwer exposéiere sech awer duerch de Site op der place publique. Dowéinst kréiche si och dacks negativ Kritiken. Et wier dem Arlette Dos Santos no awer kee Problem, datt Leit net mat deem d'Accord sinn, wat si maachen. "Mee Mobbing geet bei eis guer net. Mir wëssen, wat mir sinn a mir bleiwen, wat mir sinn. Dat ass et, wat zielt."

Besonnesch d'Treffen, déi iwwert de Site organiséiert ginn, sollen de Fraen eng Méiglechkeet bidden, fir sech wuel ze fillen a nei Bekannschaften ze maachen. Hautdesdaags misst ee sech an der Gesellschaft upassen, fir sech kënne wuel ze fillen. "Dat fannen ech richteg traureg", seet d'Arlette Dos Santos. Op den Treffe géingen sech d'Fraen all gutt matenee verstoen, et géing vill gelaacht ginn. "Och déi, déi gemobbt gi sinn, kommen dohinner a si hunn e Laachen am Gesiicht. Oder si schreiwen de ganzen Zäit op d'Säit, well si sech esou wuel fillen."

Léiere sech gär ze hunn

Mëttlerweil wier och e Fotograf mat am Boot. D'Meedercher solle sech trauen, sech fotograféieren ze loossen, wënscht sech d'Tiziana Kneip. "Dacks ass een doheem an et kuckt ee sech am Spigel an denkt, et geséisch een net esou aus, wéi dat Meedchen an den Zeitungen. Et seet ee sech: Ech si guer net schéin." Dem Tiziana Kneip ass et dofir wichteg, datt d'Meedercher sech aus den Ae vum Fotograf gesinn. "Si solle mierken: Hey! Eigentlech sinn ech net schlecht, esou wéi ech sinn."

Déi zwou jonk Fraen hanner Plus Size Girls géinge sech wënschen, datt d'Astellung vun de Leit sech géing änneren. "Et ass net esou, datt nëmme well si méi op den Hëffen hunn, si just do sëtzen an iessen." Et géinge vill Grënn fir Iwwergewiicht ginn. "Krankheeten, Schwangerschaften ... Jiddereen huet eng aner Morphologie an aner Genen", sou d'Arlette Dos Santos. Et misst awer zu méi Akzeptanz an der Gesellschaft kommen.


Lauschtert dee ganzen Interview mam Arlette Dos Santos a mam Tiziana Kneip:

Generator: Plus Size Girlsplay_arrow