Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Besser wéi eis Méiglechkeeten"

Rugby

"Besser wéi eis Méiglechkeeten"

Zanter dem 20. September ass a Japan d'Rugby-WM am Gaang. An deem ganz kierperleche Sport moosse sech d'Top-Natiounen nach bis Ufank November fir de Weltmeeschter ënner sech auszemaachen.

auto_stories

3 min

Datt Lëtzebuerg an den nächste Jore bei esou enger Weltmeeschterschaft dobäi ass, dat hält den Alexandre Benedetti fir onrealistesch. Hien ass den techneschen Direkter vun der Lëtzebuerger Rugby-Federatioun FLR.

Aktuell läit de Grand-Duché an der Weltranglëscht op der Plaz 59, e richtegt gutt Resultat, wat "iwwer eise Méiglechkeete" läit, wann een d'Gréisst vum Land kuckt, seet den Alexandre Benedetti.

Et ass nach Loft no uewen

Et wier een zefridden, well d'Ëmstänn net optimal wieren. Et géifen nëmme véier Klipp hei am Land ginn a vill Nationalspiller wiere wéinst dem Studium oder der Aarbecht am Ausland, esou den Alexandre Benedetti. Mee och wann een de Moment eigentlech méi wéi den Optimum géif aus de Méiglechkeeten eraushuelen, gesäit hien nach Potenzial sech ze verbesseren. An do misst ee bei der Jugend usetzen:

"Eist Zil ass et an de Schoulsystem eranzekommen an do gratis Aktivitéiten unzebidden. Dat ass awer net ëmmer esou einfach, well de Sport net esou bekannt ass, an de Respekt virun deem Kontakt do ass, deen et am Rugby gëtt."

Formatioune fir Traineren

Et misst een net ze vill Angscht hunn, bei de Jugendequippe wier de Sport net esou haart, wéi een dat de Moment bei der Rugby-WM a Japan gesäit, esou den techneschen Direkter vun der FLR. Nieft der Jugend wier en zweete laangfristegen Usazpunkt d'Traineren.

Dës Trainere misst een ausbilden a se zesummebréngen, fir esou eng Dynamik ze schafen: "Mir schaffen an déi Richtung, et ass elo schonn déi drëtt Saison, datt mir zesumme mam Sportsministère an der ENEPS esou Formatiounen ausgeschafft hunn."

Den neie Stadion ass och fir Rugby do

Am Mee vum nächste Joer soll den neie nationale Fussball- a Rugby-Stadion op der Kockelscheier fäerdeg sinn, wou dann och d'Matcher vun der Rugby-Nationalequipe wäerten ausgedroe ginn. Vum sportlechen hier wäert dat net vill änneren, seet den Alexandre Bendetti. Et géif ee sech awer op engem aneren Niveau eppes dovunner verspriechen.

"Et ass an deem Sënn wichteg, datt mir bei der Creatioun vun dësem Stadion mam Fussball associéiert goufen. Et ass den nationale Stadion fir Fussball awer och Rugby. Dat ass eng Form vun Unerkennung fir eis a mir hoffen elo, datt mir esou d'Leit dobausse besser iwwer eise Sport informéiere kënnen."

Ee Regret, deen ee bei dem neie Stadion awer hätt, wier datt een als FLR net genuch an d'Planung mat abezu gi wier. Momentan géif d'Nationalequipe um hallefsyntheteschen Terrain bei der INS trainéieren. "Dat ass awer contraire zu eise Stäerkten, well fir eist Spill brauche mir éischter vill Raum", bedauert den Alexandre Benedetti.