Radioen

On air

Notturno  |  Jonathan Wilson - Marzipan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beweegte Schoul

Educatioun

Beweegte Schoul

Vill Kanner bewege sech haut zu Daags net méi genuch. Eng Ursaach ass, datt vill Jonker net méi zu Fouss an d’Schoul ginn. Oder net méi dobausse spillen well se de Computer an den Handy hunn. D’Tessy Steffen Koenig war an der Schoul zu Noumer an där sech d’Kanner iwwert dem Léiere bewegen a Bewegungspausen tëscht de Coursen hunn.

auto_stories

4 min

Eng Schoulklasse zu Noumer © MENJE (Ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse)

Mir sinn an der Primärschoul zu Noumer am Kanton Miersch. D’Kanner sëtzen net ewéi gewinnt um Stull a léieren. Si trëppelen op engem Seel um Buedem a soen en Text op, liesen iwwerdeems se jongléieren oder bastelen de Buschtaf "D" aus Plastilinn.

Virun zwee Joer huet d’Schoulinspektesch Diane Duhr de Pilotprojet "Bewegte Schulen und Maison Relais" an de Gemenge Fiels, Fëschbech an Noumer lancéiert. All d’Enseignanten aus den dräi Gemengen hu sech bereet erkläert, all Dag 20 Minutte Bewegung an hir Coursen z’integréieren.

Projet gëtt verbreet

Den Educatiouns- Kanner a Jugendminister Claude Meisch gesäit de Projet "Bewegte Schule und Maison relais" positiv a well de Projet vum nächste Schouljoer un a siwe weidere Gemengen aféieren.

Zu Miersch, Biissen, Lëntgen a Luerenzweiler. Da wäerten alles an allem iwwert 2500 Kanner vun der beweegter Schoul profitéieren.

Claude Meisch © MENJE

Konzentratioun gesteigert

Enseignanten, d’UNI Lëtzebuerg an international Wëssenschaftler hu festgestallt, datt Kanner sech besser verhalen, besser konzentréiere kënnen an d’Resultater besser ginn, wann se sech am Alldag beweegen, sou de Minister.

D’Schoulinspektesch Diane Duhr confirméiert. Hirer Meenung no, géinge nieft de Kanner och d’Enseignanten an d’Elteren profitéieren. "Si [d’Enseignanten] mierke schonn, datt wa se eng Bewegungspaus gemaach hunn et dono erëm besser rëtscht an datt d'Kanner erëm méi wëlleg si fir weider ze fueren."

Fir de Claude Meisch wiere Kanner net dofir gemaach, déi ganzen Zäit roueg um Stull ze sëtzen: "Kanner musse sech bewegen, mir Erwuessener eigentlech och, mee Kanner ganz besonnesch an dofir musse mir hinnen déi Méiglechkeet och ginn."

D'Diane Duhr am Gespréich mam Tessy Steffen-Koenig © MENJE

"Joffer mir mussen eng Bewegungspaus maachen!"

D’Isabelle Schank, Enseignante an der Schoul zu Noumer seet, déi nei Method géing ganz gutt klappen. D’Kanner wieren och dru gewinnt a géingen drun erënneren, datt et Zäit fir eng Bewegungspaus ass.

Net nëmmen déi kognitiv Fähegkeete ginn ausgebaut, mee och déi sozial Kompetenze ginn trainéiert, esou d’Isabelle Schank. No enger kierperlecher Aktivitéit gëtt probéiert, datt d’Kanner sech erëm berouegen. Obwuel d’Klassen zu Noumer all ënnerschiddlech grouss sinn, géing d’Léiermethod an all Schoulklass funktionéieren.

Etuden hu gewisen, datt Kanner a Jugendlecher an der Moyenne all Dag zwou Stonne virum Computer an zwou Stonne virun der Tëlee sëtzen. D’Konsequenz duerch ze wéineg Bewegung ass, datt ronn 20 Prozent vun de Kanner a Jugendlechen hei am Land Iwwergewiicht hunn. Iwwer 6 Prozent hu souguer staarkt Iwwergewiicht.