Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bildung - Just another Brick in the wall

Pro-Phil

Bildung - Just another Brick in the wall

Wat ass d'Zil vun der Schoul? Steet se am Déngscht vun der Gesellschaft oder vum Schüler? Oder vläicht béides? Wien decidéiert, wéi déi Jonk solle gebilt ginn? Leide Bildungsinstitutiounen ënner Prüfungs- a Programm-Fetischismus? Muss een de Fokus op den Individuum setzen, oder den Individuum upassen, datt en am System eens ka ginn? Dës Froen an nach vill méi diskutéiert d'Team vum Pro-Phil zesumme mat hirem Gaascht, der Pascale Worré.

auto_stories

3 min

Wéi misst Bildung ausgesinn, fir datt se deene Jonken hëlleft, mëndeg a glécklech Bierger ze ginn. Dat ass d'Fro, déi am Pro-Phil diskutéiert gëtt.

Mee wourëm geet et eigentlech an der Bildung? D'Schoul ass jo e Produkt vun enger Gesellschaft, an an hir schaffe Leit, déi och aus dëser Gesellschaft kommen. Sou definéiert d'Schoul hir konkret Missiounen an Ziler, déi awer och ofhängeg si vum sozialen a kulturelle Kontext, ebe vun der Gesellschaft, an där se ass. Eng wichteg Fro ass also, op d'Institutiounen, déi fir Bildung zoustänneg sinn, sech selwer kritesch hannerfroe kënnen, oder op si zu Systemer gi sinn, déi probéiere sech selwer ze reproduzéieren, ouni sech fundamental a Fro ze stellen an un d'Situatioun vun der Gesellschaft unzepassen.

Kritiker werfen der Schoul vir, datt se e System ass, an deem haaptsächlech déi Jonk am beschten ofschneiden, déi geléiert hunn, Prüfungen ze packen, an net déi, déi am meeschte kënnen. Och gëtt kritiséiert, datt déi permanent Bewäertung vun de Schüler am Fong just dofir do wär fir festzestellen, wien dono zur Elite géif gehéieren, a wien "et zu Näischt bréngt". Op der anerer Säit muss ee sech natierlech och d'Fro stellen, wéi een den Niveau vun de Jonke kann iwwerpréiwen, ouni si ze préiwen. A selbstverständlech stellt sech dann och d'Fro, firwat een iwwerhaapt den Niveau préiwe misst, wann et net dorëm geet, deene Jonken ze weisen, wou hir Plaz an der Gesellschaft ass.

Wat ass déi zentral Froestellung?

Eng aner Fro ass och, op wat een an der Bildung den Accent soll leeën. Geet et dorëm, Wäerter a Wëssen un de Jonken ze bréngen, sou datt deen dono fäeg ass, sech an d'Gesellschaft ze integréieren? Oder geet et dorëm, dem Jonke Kompetenze mat op de Wee ze ginn, fir datt hie fäeg ass, säi Liewen esou ze féieren, wéi hien et fir richteg empfënnt? Oder gëtt et eng Méiglechkeet, béides ze kombinéieren?

Weiderhi muss een dann och d'Fro stellen, wien déi Wäerter bestëmmt, déi an der Schoul virgelieft ginn. Respektiv, op déi Wäerter, déi Jugendlech nach interesséieren, respektiv op se iwwerhaapt nach relevant sinn. An enger Welt, an där et haut net méiglech ass ze wëssen, wéi d'Gesellschaft an deenen nächsten zéng Joer wäert duerch artifiziell Intelligenz verännert ginn, ass et och net méiglech, Techniken ze vermëttelen, déi nach net erfonnt goufen.

Ass eis Approche zur Bildung antiquéiert?

Kann eng Gesellschaft et sech also leeschte vun hirer Jugend ze verlaangen, datt si beweist, datt si fäeg ass, de System ze iwwerliewen, wann de System u sech scho vläicht laang iwwerlieft ass. Eis Approche zur Bildung ass an enger Zäit entstanen, an där Industrialiséierung an Opklärung no fäegen an autonomen Individue geruff hunn. Haut menge Visionären, datt mir Team players brauchen, déi programméiere kënnen. Ass eis Approche zur Bildung antiquéiert? Fachidioten oder Näischtkënner - muss d'Schoul d'Jugend an d'Gesellschaft integréieren, oder op d'Beruffswelt virbereeden? Oder soll se dat eben net maachen?

Déi Froe kucke sech den Trio vum Pro-Phil, de Joel Holtzem, den Thomas Koenig an de Gilles Retter zesumme mat hirem Gaascht, der Pascale Worré, un.