Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Blummen a Gëft"

Am Gespréich

"Blummen a Gëft"

Op franséisch "Fleurs et Poison" ass de neien Album vun der loutrengescher Folk-Formatioun "La Schlapp Sauvage" hei fir aus der Lorraine, en Disk deen elo Enn Oktober eraus koum.

auto_stories

5 min

Foto: Chris Frantz

Franséisch a Lëtzebuergesch: eng Libesgeschicht

De Jo Nousse ass Auteur, Komponist, Sänger, Songwriter a Gittarist an ebe Member vun der Formatioun "La Schlapp Sauvage" a virun allem e Mënsch dee sech fir Sproochen an zemools minoritär Sproochen asetzt. Och wann hien an der Lorraine gebuer gouf, ass eng Mammesprooch Lëtzebuergesch An dat fënnt een och a senger Musek erëm, op deem neien Disk fanne mer 10 Lidder a franséischer a Lëtzebuerger Sprooch.

"Dat do ass eng Léiftsgeschicht tëscht der Franséischer Sprooch an der Lëtzebuerger Sprooch. Dat ass total wichteg an eiser Stellung a Frankräich natierlech, wou Lëtzebuergesch eng Mannerheetsprooch ass a guer net gefërdert vun den Institutiounen ass. Mat dem Ausdrock vun eiser Musek wollte mer esou eng Egalitéit, eng Gläichberechtegung tëscht deenen zwou Sproochen. Dofir sinn och fënnef Lidder op Lëtzebuergesch a fënnef Lidder op Franséisch op deem Album."

Deel 1 lauschterenplay_arrow

E musikaleschen Autodidakt

De Jo Nousse, Museker vun ënner aneren der Folk Formatioun "La Schlapp Sauvage" , Songwriter Auteur, a virun allem e Mënsch dee sech fir d'Kultur a fir Sprooch asetzt. An d'Sprooch steet dann och ganz uewen beim him. An e Wee wou een Sprooch eben och asetzen kann ass d'Musek, an d'Musek ass fir de Jo Nousse méi wéi eng Passioun.

"D'Gittar spillen war ëmmer mäin Dram, well ech hu ganz spéit ugefaangen Gittar ze spillen, mat dräizéng-véierzéng Joer, iwwerhaapt als Autodidakt. Ouni Museksschoul, ouni näischt, wat ech an Zukunft éierlech bereit hunn. Well ech hu spéider mat Museker geschafft fir déi Musek schreiwen ass wéi ootmen. A bei mir ass dat gar nit de Fall. Ja, et ass intressant datt esou een Analphabet vun der Musek weider iwwerlieft huet an der Musek- a Concertwelt."

Deel 2 lauschterenplay_arrow

Franséisch huet ee mat der "Méthode Baffe" geléiert

De Jo Nousse ass wuel aus der Lorraine, ma e schwätzt awer Lëtzebuergesch. Hien ass gebierteg aus der Lorraine an ass an der Géigend vun Sierck grouss ginn, a bei hinnen doheem war Lëtzebuergesch d'Mammesprooch an domat huet hien zu der zu där klenger Communautéit déi de francique luxembourgeois schwätzt gehéiert. An dat war schonn net einfach als Kand.

"A Loutrengen hu mer jo dräi Forme vu Regionalsproochen, et gëtt net nëmme Lëtzebuergesch geschwat an achtzeg Dierfer, mä et gëtt och muselfränkesch a rheinfränkesch geschwat. Am Duerf ware esou zwielef Kanner aus der selwechter Klass, vum selwechten Alter. Ee vun deenen Zwielef konnt Franséisch. Ganz einfach well en Asthma hat an a Südfrankräich gaangen ass, an do huet en Franséisch geléiert. Awer mir hunn ëmmer op Lëtzebuergesch geschwat, wéi mer gespillt hunn an alles. A wou mer Schoul koumen, konnte mer e puer Splitter Franséisch, awer net ganz vill. An der Zäit wou ech jonk ass Franséisch mat der "Méthode Baffe" also eng gutt op de Bak geléiert ginn. Wéi ech dräizéng, véierzéng Joer hat, hu mir alles gemaach fir net Lëtzebuergesch ze schwätzen."

Deel 3 lauschterenplay_arrow

E Pionéier an der franséischer Educatioun

Déi regional Kultur lait dem Jo Nousse um Häerz, an do gehéiert wéi kéint et anescht d'Sprooch dozou. Hie war Enseignant, a wärend der Zäit hat hien ëmmer e grousse Wonsch nämlech Proff fir regional Kultur a Sprooch ze ginn. An bis dee Wonsch Realitéit gouf huet et scho laang gedauert. Schlussendlech war et esou wäit an de Jo Nousse war den éischte Proff an deem Genre a ganz Frankräich.

"Dat huet méi wéi zwanzeg Jore gedauert. Meng éischt Demande offiziell war 1984, an ech sinn offiziell "Intinérant en Langue et Culture regionale pour l'enseignement du Luxembourgeois" am Joer 2005 nominéiert ginn. Dat war e ganz, ganz laange Kampf."

Deel 4 lauschterenplay_arrow

De Confinement war e Verbuet

Et ass kloer datt mer an der aktueller Situatioun de Jo Nousse och gefrot hunn, wéi hien déi ganz Situatioune mam Confinement an der Corona-Virus Pandemie erlieft hunn. Besonnesch fir Kënschtler jo keng einfach Zäit wou am Mäerz dëst Joer d'Liewe quasi vun engem Ament op deen Anere vun 100 op Null erof gefuer gouf. Op alle Fall huet de Jo Nousse de Confinement am Frankräich ganz anescht erlieft wéi dat zu Lëtzebuerg de Fall war.

"Mir haten eng ganz uerg Beschränkung. Wann ee mat Lëtzebuerger Frënn telefonéiert huet, jo, dir hutt eng Beschränkung, mee et ass net wéi bei eis. An d'Fundament bei Iech a Lëtzebuerg, déi Autoritéiten déi d'Beschränkunge beschloss hunn, déi hunn iergendwéi de Leit hir eege Verantwortlechkeet geschenkt. Bei eis war et nëmme Beschränkung mat Verbuet, also dat war e grousse Verbuet."

Deel 5 lauschterenplay_arrow